E Méindeg um 88. Dag vum Prozess war et um Tour vum heitege Riichter Prosper Klein fir auszesoen. Deen huet Kloertext geschwat an d'Offizéier kritiséiert.

Den Untersuchungsriichter vun tëscht November 1985 an November 1991 sot, hien hätt deemools den Dossier vu sengem Virgänger Marc Jaeger iwwerholl a just Informatiounen iwwert d'Attentat zu Izeg gehat. Déi Zäit wär d'Attentat op de Geriichtspalais eréischt kuerz hier gewiescht, ma et war näischt do a Saachen Zeienaussoen.

"Net dee schäerfste Knäipchen"

Enges Daags wär de Jean Disewiscourt bei hie komm, dee sech als Chefenquêteur ausginn huet; dat wär en éierbare Mann gewiescht, ma hien hätt sech awer gewonnert, dass deen dat gesot huet, well hien, Zitat, „net dee schäerfste Knäipchen am Tirang“ gewiescht wär. De Jean Disewiscourt hätt ë.a. keng Experienz gehat, wat d'grouss Kriminalitéit ugeet, an et hätt een och nëmme sporadesch Rendez-vouse gehat.

"Vill Verbriechen, ma keng Spuren"

„Hien hat ganz wéineg“, sot de Prosper Klein, dee sech zesumme mam Enquêteur Gedanke gemaach hätt iwwert d'Bommeleeër. Si wären eng Rëtsch Hypothesen duerch- an hien dovun ausgaangen, dass d'Enquêteuren an de Parquet an eng Richtung zéie géifen; hien hätt als Untersuchungsriichter gréisstendeels mat integere Polizisten a Gendaarmen zesumme geschafft, ma just bei de Bommeleeër hätt et net geklappt; dobäi gouf et souvill Verbriechen, ma ebe keng Spuren, well sou gutt wéi keng Zeien a manifestement Fuiten do waren.

Geiben - e béiswëllegt Gerücht

Et wär ee just enger Pist net nogaangen, an dat well hien, Prosper Klein, net dru geduecht hätt, dass et en institutionaliséierte Grupp géif ginn, dee sou Saache kéint maachen. Hien hätt net un „eis beschte Spuer“ gegleeft, sou den Zeien, deen erkläert huet, och näischt gewosst ze hunn iwwert d'Observatioun Geiben zu Lëtzebuerg. Am Dossier wär näischt anescht dra gewiescht wéi e béiswëllegt Gerücht; et hätt och keen hie gesinn eppes maachen. Et kéint sinn, dass déi Rumeur opkoum, just well de Ben Geiben d’Fäegkeete gehat hätt, d'Attentater duerchzeféieren; déi hätten aner Offizéier awer och gehat. A sengen Ae wär et éischter ee gewiescht, deen nach e Kommando iwwert d’Leit hat; hie selwer hätt gemengt, de Ben Geiben wär erausgeekelt ginn, v.a. vum Aloyse Harpes a vum Charel Bourg. Hien huet sech och gefrot, firwat d’Brigade mobile Attentater sollt duerchféieren, well de Ben Geiben Rancunë géint verschidde Leit gehat hätt.

Doropshi wollt de Me Vogel wëssen, firwat keng Ecoutten op de Ben Geiben gemaach goufen. Et gouf dofir keng Conditions légales, huet de Riichter vun haut geäntwert.

Dass den Ex-Policegeneralsekretär Guy Stebens am Prozess gesot huet, et wären dacks Observatioune laanscht de Parquet gelaf, géif net stëmmen, sot de fréieren Untersuchungsriichter. Normalerweis hätt hien e Rapport kritt, awer net bei der Iwwerwaachung Ben Geiben; hien hätt zwar nogefrot beim Armand Schockweiler, awer eng „nichtssagend Äntwert kritt, null“.

Fangerofdrock: mol jo, mol nee ...

E Fangerofdrock, deen um Aasselscheierhaff fonnt gi wär, wär wuel vun de Bommeleeër gewiescht. An der zoustänneger Chamberkommissioun, an déi hien eng Kéier geruff gouf, hätt hie gesot: "Wa mer dee Richtegen hunn, da kënne mer et noweisen". Hien hätt allerdings verséchert kritt, dass kee Fangerofdrock fonnt gi wär; zanter dem Ufank vum Prozess wär awer kloer, dass ee fonnt gouf. E wär auszewäerten, awer kengem zouzefüge gewiescht, sou de Prosper Klein.

"Maueren opgeriicht" ... just an dëser Affaire

Mam Enquêteur Jean Disewiscourt wär hie mat der Zäit e bëssen ongedëlleg ginn. Dunn hätt hie gesot kritt, et wäre Maueren opgeriicht ginn; et wär an 12 Joer a kenger Affär virkomm, ausser an där vun de Bommeleeër, dass d'Enquêteure kee Kontakt mam Untersuchungsriichter haten.

Prosper Klein: "Wat ech krut, war Schrott"

„Wat ech krut, war Schrott“, sot de Prosper Klein zu den Informatioune vun den Enquêteuren. Hie wär nervös ginn, wéi de Jean Disewiscourt fir d'éischt mat engem Lineal op enger Stadkaart an dono mat engem Pendel no den Täter siche wollt. Wéi deeselwechten Enquêteur dunn e Rapport iwwer en Auto eraginn huet, deen e Faux war, well en u sech vum aneren Enquêteur Guillaume Büchler war, wär kee Vertraue méi do gewiescht; dee Moment hätt hien decidéiert, nees vu vir unzefänken, an dat mat enger neier Equipe vun Enquêteuren.

Hien hätt sech Gedanke gemaach iwwer méiglech Insideren als Auteure vun den Attentater, sech awer d'Fro gestallt, ob en Insiderwëssen oder eng Insidertäterschaft virgeleeën hätt.

Offizéier: iwwerflësseg an arrogant

D'Ënneroffizéier hätten an der Majoritéit eng gutt Aarbecht geleescht; d'Offizéier dogéint bei Enquêtes pénales „wossten näischt, konnten näischt an hunn näischt gemaach“, sou den Zeien, fir deen den Offizéier hir Iwwerflëssegkeet just ze vergläiche gewiescht wär mat hirer Arroganz an hirem Dedain vis-à-vis vun den Autorités civiles.

Den neien Enquêteuren hätt hie gesot, si géifen nëmme fir hie schaffen; doropshin hätt den Enquêteur Paul Haan gemengt, domat wär de Colonel Harpes wuel net d’accord, an de Colonel Harpes hätt him och op eng héiflech Manéier de Mëttelfanger gewisen.

Prosper Klein: "Staatsaffaire, déi net däerf opgekläert ginn"

Wéi hien dem Procureur général an deem sengem Adjoint gesot hätt, de Gendarmerie-Kommando hätt d’Mentalitéit vu Putschisten a keng Reaktioun dorop koum, a wéi den Aly Schons, deen him gesot hat, et wär gutt, nei unzefänken an et géif een d'Bommeleeër kréien, direkt drop op e Posten ofkommandéiert gouf, wär him, Prosper Klein, kloer gewiescht, dass dat hei eng Staatsaffaire wär, "déi net däerf opgekläert ginn"!

Klein: "Vill Zeien ni gehéiert"

De Prosper Klein hätt sech sengerzäit och gesot, dass, wann ee vum Haff eppes mat der Bommeleeër-Affär ze dinn hätt, deen dann net virun him sécher wär, och wann dat d’Enn vun der Karriär a vun der Enquête bedeit hätt. Hien hätt och mam Enquêteur Armand Stieber festgestallt, dass vill Zeien ni gehéiert gi sinn, an hien hätt och net gär als Untersuchungsriichter opgehalen!

Klein: Verdächteg Spur zu Izeg

No der Sëtzungspaus ass den Zeien op d'duebelt Attentat zu Izeg agaangen, dat zu deem Zäitpunkt geschitt ass, wou hien um Parquet war. Hien hätt eng Erënnerung un 3 Attentater a v.a. d'Explosiounen zu Izeg, wou hie selwer eng Pneuespur fonnt hätt vun, senger Meenung no, engem Gefier mat Militärprofil. Hien hätt sech nach gesot: Deen, deen dës Spur hannerlooss huet, ass méiglecherweis nach net doheem! Hien hätt engem Gendaarm gesot, d'Plaz ofzespäeren, an dat wär och geschitt; un Hand vun der Spur konnt dat nëmmen déi vun engem eenzege Modell sinn, engem Toyota Landcruiser. En Zeien hätt sou ee gesinn, e gringe mat enger Bâche, vum Izeger Plateau kommen; dono gouf gesicht, ma d'Recherche wär am Sand verlaf. Hien hätt gesot kritt, dat ze vergiessen, well dat e Mann vun enger Sécherheetsfirma gewiescht an déi Spur mëttes geluegt gi wär; dobäi hat hien d'Spur mat den eegenen Ae gesinn.

Klein: Kennen Ugeklot, kann näischt géint si soen

Den Zeien huet dunn erkläert, dass hien d'Ugeklote kenne géif an näischt géint si soe kéint.

Hie wär naiv gewiescht ze mengen, d'Gendarmerie wéilt d'Bommeleeër in flagranti erwëschen.

Wéi e Motiv?

D'potenziellt Motiv vun der Brigade mobile, si wär frustréiert gewiescht, well se net genuch Moyene kritt hätt, huet de Prosper Klein "Foutaise" genannt; haut géif et schliisslech méi Polizisten a méi Offizéier ginn, an d'Leit aus der BMG géifen iwwert dee Wee hiert Privatliewe wuel net an de Wand schéissen. Sollte si et awer gewiescht sinn, da wär et am Déngscht vun iergendengem geschitt!

Mobbing ...

Wat d'Enquête ugeet, hätt de Paul Haan him gesot, de Colonel Harpes géif hie fäerdeg maachen; haut héif een dat Mobbing nennen. Dass de Ben Geiben observéiert gouf, wär hien eréischt vill méi spéit gewuer ginn.

... a "faul Äppel"

Et wär eng perséinlech Enttäuschung gewiescht, dass d'Enquêteuren net deem Rechenschaft ofgeluecht hätten, dee se eppes ugestallt huet. Et wären a senger Karriär eng Rëtsch faul Äppel aus de Forces de l'ordre aus der Course geholl ginn. Guer net ze faasse wär, dass de fréiere Justizminister Luc Frieden gesot hätt, et géif zu engem Krich tëscht der Police an der Justiz kommen, deen d’Justiz verléiere géif: Dat wär en absolute Skandal! Vum SREL hätt hien iwwregens keng Äntwert op seng Froe kritt. Zu gudder Lescht hätt hien dem Charel Bourg beim Attentat um Findel gesot, dee sollt Spure sécheren; deen hätt awer fir d'éischt net nogelauschtert an dat dunn eréischt de Moien drop maache gelooss.

Bommeleeër: "Staatsaffaire, déi net däerf opgekläert ginn"
E Méindeg um 88. Dag vum Prozess war et um Tour vum heitege Riichter Prosper Klein fir auszesoen. Deen huet Kloertext geschwat an d'Offizéier kritiséiert.