SREL-Affär
SREL-Affär: Disziplinarprozedure géint Mille a Mandé

Um Donneschdeg gouf elo bekannt, dass de 15. Oktober 2013 eng disziplinaresch Prozedur géint de fréierer SREL-Chef a säi Collaborateur lancéiert gouf.
Géint de fréieren Direkter vum Geheimdéngscht Marco Mille, an den fréiere Collaborateur vum SREL an Ex-Chauffer vum Premier Juncker, de Roger Mandé, goufen de 15. Oktober Disziplinarprozedure lancéiert. Dat geet aus der Äntwert vum Staatsminister, op eng parlamentaresch Fro vum LSAP-Deputéierten Alex Bodry ervir, dee wollt wëssen ob deementspriechende Recommandatiounen am SREL-Rapport vun der Enquêtekommissioun géif Rechnung gedroe ginn.
Am meeschte gelies