D'Wort huet eng Lëscht vun Associatioune publizéiert, zu deenen et en Dossier am SREL-Archiv zu Senneng gëtt, am Archiv op der Escher Strooss awer net.

Dës oder d'nächst Woch geet de Jean-Claude Reding säin eegenen Dossier an dee vum OGBL bei de SREL sichen. Dat huet de Gewerkschaftspresident en Dënschdeg nom Nationalcomité ugekënnegt. Da kucke mer wat dra steet, sot de Jean-Claude Reding. Anscheinend gëtt et elo – aktuell - keen Dossier méi iwwert den OGBL. Dee gouf et awer, wann een dat liest wat e Mëttwoch am Wort steet an zwar e Fichier vun 89 Säiten. D'Zeitung berifft sech op Dokumenter déi hir virleien an aus deenen ervir geet, datt Associatiounen zu Lëtzebuerg zanter de 1960 Joer am Viséier vum Geheimdéngscht waren. Konkret geet et bei der Lëscht ëm déi Organisatiounen déi en Abléck an hire SREL-Dossier gefrot haten an zu deene Karteikaarten am Archiv zu Senneng fonnt goufen, déi et sou net am SREL-Archiv op der Escher Strooss gouf.  Dëst deit also op en neits drop hin, datt déi zwee Archiven net identesch sinn. Mir haten am Kader vum Bommeleeërprozess schonn doriwwer geschwat.

Wéi gesot publizéiert d'Wort um Mëttwoch eng Lëscht mat den Nimm vun Associatiounen zu deene Fichiere fonnt goufen. Deen déckste Fichier gëtt et wuel iwwert de Lëtzebuerger Friddenskomitee, deen ass 732 Säiten déck. Iwwert déi rechts National-Bewegong ginn grad mol 12. Donieft dauchen ënnert anerem nach d'Ligue des droits de l'homme, Greenpeace, de Mouvement de libération des femmes an d'Association Luxembourg Havard op.