Fir de fréieren Untersuchungsriichter ass kloer, datt de fréiere Chef vun der Gendarmerie mat absoluter Sécherheet net d’Wourecht seet.

E Mëttwoch um 106. Dag am Prozess koum et zu ganz interessante Konfrontatiounen. Fir unzefänken tëscht dem fréieren héijen Offizéier Armand Schockweiler an dem deemolegen Untersuchungsriichter Prosper Klein. Et goung dobäi ëm d'Relatiounen, deemools, tëscht den Enquêteuren an dem Untersuchungsriichter.

AUDIO: Bommeleeër: Resumé vum 18. Dezember vum Nico Graf.

Den Armand Schockweiler huet gemengt, d'Enquêteure sollte Kontakt ophuelen zum Untersuchungsriichter. Hien hätt sech op de Jean Disewiscourt verlooss an him wär et ganz kloer gewiescht, dass dee sollt bei de Prosper Klein goen. Hien hätt net gemengt, dass et net géif gutt lafen, an dowéinst net intervenéiert. Hie wär par conter berouegt ginn, dass alles leeft, an hätt sech im Nachhinein gewonnert, dass et net gelaf ass. De Kontakt mam Untersuchungsriichter hätt hien net als seng Missioun ugesinn.

Gutt gemengt, mä net no de Regelen

De Prosper Klein huet virop festgehalen, dass den Armand Schockweiler changéiert hätt. D'Bommeleeër-Affär wär déi eenzeg gewiescht, an där d'Offizéier d’Enquête u sech gezunn hätten. Dat géif alles explizéieren.

Den Armand Schockweiler huet erkläert, dass hie jonk war a keen him gesot hätt, eppes anescht ze maachen. Et wär alles gutt gemengt gewiescht, mä net de Regelen no gelaf. Et hätt ee gemengt, gutt ze maachen.

Maueren opgeriicht tëscht Enquêteuren a Justiz

De Prosper Klein huet betount, säi Feeler wär gewiescht, ze laang nogekuckt ze hunn! Et wär och net ganz elegant, sech hannert der eegener Inexperienz an den Enquêteuren ze verstoppen. Et wäre Maueren opgeriicht ginn tëscht den Enquêteuren an der Justiz. Fir den deemolegen Untersuchungsriichter setzt een e gudden op eng Enquête, wann een déi wëll positiv influenzéieren, an e schlechten, wann een dat negativ beaflosse wéilt.

Den Armand Schockweiler huet deklaréiert, gemengt ze hunn, hien an de Prosper Klein hätten e gudde Kontakt gehat!

"Dir hat iwwerhaapt kee Kontakt zu mir!", huet de Prosper Klein geäntwert. D'Enquêteure wäre gutt gewiescht an hätten net vun, Zitat, "Iwwerfuerderte wéi Iech" misse geleet ginn.

"Ech hu gemengt, mir missten eis an dës Enquête amëschen", huet den Armand Schockweiler gemengt, fir deen et och kee gouf, dee verbueden hätt, dass en Element sollt weidergoen. Hien hätt och ni driwwer nogeduecht, de Jean Disewiscourt z’ersetzen.

Nom Schockweiler den Harpes ... an der Schosslinn

Dono war et um Tour vum Aloyse Harpes, dem Prosper Klein géintiwwer gestallt ze ginn. De fréiere Chef vun der Gendarmerie huet awer virdrun ënnerstrach, dass de SREL-Chef Patrick Heck virun engem Joer bei him gewiescht wär an dass déi zwee iwwert d'Bommeleeër geschwat hätten. Wat de Prosper Klein ugeet, hätt deen de Paul Haan als Enquêteur wëllen hunn an hien dee wëllen halen!

De Prosper Klein huet ënnerstrach, ë.a. dem Paul Haan gesot ze hunn, nëmmen nach fir hien ze schaffen, fir Fuitten ze verhënneren a fir dass net den hallwe Kommando eppes géif gewuer ginn. Et wär net wouer, dass den Aloyse Harpes dat zougelooss hätt; hien hätt dem Enquêteur Schons wuel och gesot, d’Fangeren dovun ze loosse matzeschaffen.

"Neen!", war d'Äntwert vum Aloyse Harpes.

Bescht Enquêteuren "ofgezunn"

Fir de Prosper Klein géif den Aloyse Harpes mat absoluter Sécherheet net d’Wourecht soen! Den Enquêteur Schons hätt dat wëlle bleiwen, an deen an de Paul Haan, mat déi zwee bescht Enquêteuren, hätte Plaze kritt, déi se net wollten!

Den Aloyse Harpes sot, keen zréckgezunn ze hunn!

Dem Prosper Klein no wär dat richteg, mä hien hätt hinnen en Echappatoire ginn! Et hätt him och gehuewen, wéi den Aloyse Harpes e Lueflidd op de Paul Haan gesongen hätt: Dobäi hätt de Colonel Harpes deen, Zitat, "zur Sau gemaach! Dir wollt en onzourechnungsfäeg erklären!".

Dem Aloyse Harpes no wär dee Paul Haan bei den Dokter geruff ginn!

D'Riichterin Sylvie Conter huet doropshi gemengt, et misst jo awer een him dat soen!

Klein bedauert, keng Plainte gemaach ze hunn

An den Ae vum Prosper Klein wär et och en Abus de fonction vum Aloyse Harpes gewiescht, dass hien net konnt mat den Enquêteure vu sengem Choix schaffen; hien huet bedauert, wéinst där Amëschung keng Plainte géint den Aloyse Harpes gemaach ze hunn! Deen hätt och net d'Wourecht gesot, andeems e sot, sech net an d'Enquête agemëscht ze hunn.

SREL-Chef Heck am Zeiestand

Als Nächste war de Patrick Heck un der Rei. De Chef vum SREL huet betount, den 30. Oktober 2012 hätt sech de fréiere Geheimdéngscht-Mann Gilbert Leurs gemellt wéinst enger Ecoute op de Colonel Harpes, an dat vum Härebierg aus; am Haus hätt keen eppes doriwwer gewosst, soudass hie sech beim Aloyse Harpes gemellt hätt. Den 13. November 2012 hätte sech déi zwee gesinn; de Colonel hätt selwer näischt dovu gewosst, näischt gemierkt an de Gilbert Leurs och net kannt. De Patrick Heck sot, dowéinst Zweiwelen un der Geschicht vun der Ecoute gehat ze hunn, well keng Spur fonnt gouf an d'Saach net logesch gewiescht wär. Zwee Gendaarmen hätten de Gilbert Leurs gefrot, déi Ecoute ze maachen, iwwerdeems den Aloyse Harpes spontan gemengt hätt, de Colonel Armand Brück vun der Arméi hätt deen Uerder kënne ginn hunn. Hien an de Colonel Harpes wären an hirer Entrevue net an Detailer vum Bommeleeër-Dossier agaangen, sou de SREL-Chef.

Schockweiler ... mat Gediechtnesproblemer

Doropshi koum et zur Confrontatioun Harpes/Schockweiler. D'Presidentin vum Geriicht huet drun erënnert, dass de Colonel Harpes sot, Detailer iwwert d'Iwwerwaachung Geiben vum Armand Schockweiler kritt ze hunn; den Aloyse Harpes huet dat nach emol confirméiert.

Den Armand Schockweiler sot, hie kéint sech mam beschte Wëlle guer net un d'Observatioun Geiben heiheem erënneren; en aneren hätt dem Colonel Harpes dat vläicht erzielt.

De Procureur Georges Oswald huet dunn d'Konklusioun gezunn, dass den Zeie Schockweiler da gelunn hätt! D'Riichterin Sylvie Conter huet dozou gemengt: "Dir schéngt e seriöe Problem mam Gediechtnis ze hunn, Här Schockweiler!"

Um Enn ass nach de Charel Bourg bäikomm. Den éischte Police-Generaldirekter huet erkläert, hie géif näischt vun enger Oflauschteraktioun, zesumme mam Colonel Brück a mat sengem Brudder Willy, op de Colonel Harpes wëssen, wouvun dee viru Geriicht geschwat hat. No enger gewësser Verwonnerung huet de Charel Bourg Nee gesot a gefrot: "Firwat sollt ech dat maachen?"

Prosper Klein: Aloyse Harpes seet d'Wourecht net!
Fir de fréieren Untersuchungsriichter ass kloer, datt de fréiere Chef vun der Gendarmerie mat absoluter Sécherheet net d’Wourecht seet.