Me Vogel: "Hei litt also jiddereen!"

Den Armand Kaudé, fréiere SREL-Mataarbechter, seet, de Pierre Reuland wier an enger Preparatiounsreunioun gewiescht, de Concernéierte behaapt de Contraire.
De Procureur Georges Oswald huet um Ufank vum 107. Sëtzungsdag am Bommeleeër-Prozess erkläert, dass sech e Mann gemellt hätt am Zesummenhank mam Attentat op d'Héichhaus. Deen Zeien hätt deemools héieren, wéi eng Autosdier zougeschloe gi wär an et maximal eng Minutt drop geknuppt hätt.
Do oder net do?
Am Kontext vun der Observatioun Geiben sot den Armand Kaudé, fréiere SREL-Mataarbechter, dass hie vu sengem Chef Charel Hoffmann gefrot gi wär, fir bei enger Preparatiounsreunioun freides, den Dag virun der Iwwerwaachung also, dobäi ze sinn; nieft dem Guy Stebens, dem Jos Steil, dem Georges Zenners an dem Alain Thill wär de Pierre Reuland wuel zu 90% do gewiescht, och wann hien e méindes net a säi Rapport geschriwwen hätt. Den Zeie wëll sech och un eng Ausso vum Pierre Reuland un d'Adress vum Guy Stebens erënneren: "Du méchs dat schonn!" Hie wär och an der Nuecht op sonndes vum Pierre Reuland ugeruff ginn, fir d'Observatioun nees opzehuelen.
De Pierre Reuland, fréiere Policechef, huet betount, dass sech den Armand Kaudé net sécher wär, am Géigesaz zu him: "Ech war net do!"
De Guy Stebens, Ex-Policegeneralsekretär, huet deklaréiert, dass hien dobäi war beim Briefing; de Jos Steil hätt awer wuel d'Haaptwuert gefouert, an hie kéint sech net un den Inhalt vum Briefing erënneren.
Den André Kaudé huet ënnerstrach, dass de Jos Steil effektiv d'Haaptwuert gefouert huet, awer deelweis falsch Informatioune ginn hätt.
Ugeruff oder net ugeruff?
Dem Georges Zenners no gouf hie vum Guy Stebens ugeschwat op d'Observatioun Geiben; hie selwer hätt d'Iddi vun enger Bedeelegung vum SREL an d’Spill bruecht. Den Armand Kaudé wär freides nomëttes do gewiescht; hie wéisst awer net, ob de Pierre Reuland dobäi war. Deen Armand Kaudé hätt samsdes vum Jos Steil d’Info kritt, de Ben Geiben kéim net, an dem Pierre Reuland dowéinst doheem ugeruff. Deen hätt geäntwert: "Da briecht of!" Den Zeie sot, dass, wann hien net un de Pierre Reuland komm wär, dem Guy Stebens ugeruff hätt.
De Pierre Reuland huet doropshi gemengt, de Georges Zenners géif sech ieren: "Hien huet mir net ugeruff!"
Fir de Georges Zenners huet hien dem Pierre Reuland telefonéiert, an op Grond dovu wär mat der Iwwerwaachung opgehale ginn.
De Pierre Reuland huet dozou deklaréiert, hie géif dem Zeie kee schlechte Wëllen ënnerstellen, mä dat wär net richteg!
An den Ae vum Procureur Georges Oswald wär dem Georges Zenners an dëser Affär näischt virzewerfen!
Pist Geiben ... vergiessen!
De Georges Zenners huet ënnerstrach, den Armand Kaudé hätt gesot, hie géif de Rapport maachen.
Deen huet betount, ënnert dem Stréch wär jo näischt erauskomm. De Rapport sollt iwwert de Charel Hoffmann virugoen; de separate Rapport iwwert de Jos Steil sollt dogéint net weider, well en näischt Festes enthalen hätt.
Dem Alain Thill, Ex-Member vum GOR, huet den Enquêteur Jean Disewiscourt gesot, de Procureur général Jean-Marie Hary hätt erkläert, eng Jorhonnertaffaire géif duergoen; de Ben Geiben hätt es genuch gehat, heiheem ëmmer verfollegt ze ginn.
De Georges Zenners huet gemengt, de Jean Disewiscourt hätt him méindes gesot, d'Pist Geiben wär ze vergiessen.
Wëssen a wësse kënnen a wësse wëllen
Fir den Armand Kaudé wär hien nom Attentat op de Palais de justice vum Pierre Reuland ugeruff ginn, fir dass dee seng Leit erëm géif zesumme ruffen.
De Me Vogel sot dozou: "Dir kënnt jo net soen, dee Mann géif léien!"
De Pierre Reuland huet gemengt, hie géif net soen, den Armand Kaudé géif léien, mä: "Ech war dat net!" Wann hien an der Observatioun Geiben eng Roll gespillt hätt, géif hien dat wëssen, sou de fréiere Policechef.
De Procureur Georges Oswald huet ze bedenke ginn: "Dir wëllt et vläicht net méi wëssen! Dat wär jo e risege Komplott géint Iech!"
Entweder oder
D'Riichterin Sylvie Conter huet erkläert: "Entweder hutt Dir ugeruff oder net! Méi gëtt et net!"
Pierre Reuland: "Ech hunn net ugeruff!"
De Me Vogel huet betount, den Zeie wär am Gaangen, sech eng sichen ze goen, fir näischt an nach emol näischt!
"Dass souvill Inkompetenz op engem Koup wär, just an enger Affär, gleewen ech net!", huet d'Presidentin vum Geriicht Sylvie Conter ënnerstrach.
"Ech war net dobäi, well ech hätt mech soss dofir interesséiert!", war d'Äntwert vum Pierre Reuland.
"Hei litt also jiddereen!"
De Me Vogel wollt wëssen, ob de Guy Stebens him eppes verstoppt hätt.
De Guy Stebens war doropshin iwwerzeegt dovun, dass hie mam Pierre Reuland iwwert d’Observatioun Geiben geschwat hätt.
Dee Pierre Reuland huet betount, dat net kënnen ze confirméieren!
"Hei litt also jiddereen!", huet de Me Vogel constatéiert!
Fir den Armand Kaudé hätte seng Leit nuets eng Foto vum Ben Geiben gewise kritt; d'GOR-Leit wären am Asaz an der Nuecht op e Sonnden net méi dobäi gewiescht.
Dem Sylvie Conter no hätt deenen anere SREL-Leit no de Pierre Reuland hinnen d'Foto gewisen!
De Pierre Reuland ka sech dat net virstellen. "Ech war net do, an ech bleiwe bei der Wourecht!"
"All déi Leit hunn dat jo awer net gedreemt!", war d'Replique vum Sylvie Conter.
An den Ae vum Procureur Georges Oswald géif et eng Rei Ursaache ginn, fir ze soen, dass de Pierre Reuland net do war!
"Da wär ech net hei als Zeien!", huet de Pierre Reuland ze bedenke ginn!
Manipuléiert?
"De Ben Geiben als Bouc-émissaire dohin ze stellen, kënnt net vum Marc Scheer a vum Jos Wilmes, mä vu méi héich!", huet d'Sylvie Conter erkläert.
De Me Vogel huet gemengt, dass, wann de Guy Stebens an de Pierre Reuland wéissten, ween et war, da wär dat eng grouss Sauerei!
De Guy Stebens huet gemengt, vu kengem sou en Uerder kritt ze hunn!
"Vläicht sidd Dir benotzt ginn, ouni dass Dir et wësst!", sot d'Sylvie Conter.
De Pierre Reuland huet dunn deklaréiert, sech net virstellen ze kënnen, dass de Marc Scheer an de Jos Wilmes zu den Attentäter gehéiere géifen. Hien hätt och net un d'Pist Geiben gegleeft, an et misst eng aner Pist sinn, vläicht eng militaristesch.
De Pierre Reuland huet um Enn nach gemengt, hien hätt sech en Insider net kënne virstellen.