Bommeleeër
E Méindeg geet et weider mat der 1. Sëtzung vum Joer

Och haut geet et nees ëm d'Attentat op d'Geriicht am Oktober 1985 an d'Observatioun vum fréieren Chef vun der Brigade Mobile Ben Geiben.
Dobäi soll et zu enger Géigeniwwerstellung tëscht dem deemolegen Polizist Armand Schockweiler an den Enquêteure Paul Haan a Guillaume Büchler kommen.
Vun en Dënschdeg un dann defiléieren d'Zeien, déi eppes op de Plazen observéiert hunn, wou d'Bomme lass gaange waren. Den Optakt mécht eng belsch Koppel, déi Zeien vum Attentat am Juli 1985 op d'Kasematte waren.
Am meeschte gelies