D'Me Lorang vun der Defense sot, eng Zeien, déi "kruzial Informatiounen" hätt, hätt sech bei hir gemellt. Déi Persoun soll elo gehéiert ginn.

Um Ufank vum 108. Sëtzungsdag am Bommeleeër-Prozess huet d'Me Lorang erkläert, si wär vun der Mamm vun enger Persoun kontaktéiert ginn, déi kruzial Informatioune matzedeelen hätt. D'Riichterin Sylvie Conter huet den Enquêteuren doropshin den Optrag ginn, déi Persoun ze héieren.

Dono wollt d'Presidentin vum Geriicht op verschidde Widderspréch an den Aussoe vun den 3 Zeie vum Méindeg den Nomëtten agoen.

De fréieren Enquêteur Paul Haan sot, hien hätt kuerzfristeg gesot kritt, dass hie sollt mat op Bréissel goe wéinst dem Ben Geiben; hien hätt awer näischt vun der "Commission rogatoire internationale" (CRI) gewosst an déi ni gesinn. An deem Kontext wären eenzel Aussoe vum Ex-Chef vun der Sûreté Armand Schockweiler viru Geriicht falsch. Deen aneren Ex-Enquêteur Guillaume Büchler huet gemengt, hien hätt a sengen Notizen näischt fonnt iwwer e Briefing mam Armand Schockweiler.

Deen huet ausgesot, et wär zu enger Reunioun mat ë.a. dem Paul Haan komm; dobäi wären Informatiounen iwwert de Ben Geiben opgelëscht ginn. Hie wär och bei de Paul Haan gaangen, fir ze froen, ob dee géif matgoen op Bréissel; zu engem Briefing wär et awer net komm.

Op d'Deklaratioun vum Sylvie Conter, dass den Armand Schockweiler sot, de Paul Haan hätt seng Aarbecht net gemaach, huet dee geäntwert: "Dat ass den Hummer!" Hien hätt och bis Mee 1985 net um Bommeleeër geschafft.

Fir de Paul Haan wär de Rapport vum Armand Schockweiler iwwert déi Commission rogatoire internationale, Zitat, "lauter Gefasels" gewiescht. Mä déi Schëlleg vum Misär an dëser Affär wären de Colonel Aloyse Harpes an de Colonel Charel Bourg!

De Procureur Georges Oswald huet dono souwuel den Armand Schockweiler wéi och d'Enquêteure wéinst hirer Roll am Kader vun der CRI kritiséiert; hie géif deen Zeenario net verstoen!

Iwwerdeems de Paul Haan dee Reproche zeréckgewisen huet, hat dat Ganzt dem Guillaume Büchler no "kee Kapp a kee Fouss, vun Ufank un"! De Paul Haan huet och bestridden, am Zesummenhank mat der CRI en Dossier zesumme gestallt ze hunn; den Enquêteur Jean Disewiscourt hätt alles gehat.

De Paul Haan huet betount, dass hie mam Enquêteur Aly Schons zesumme schaffe
wollt; deen hätt awer op eemol eng aner Plaz kritt. Den Zeien huet widderholl, dass d'Colonelen Harpes a Bourg Schlëmmer waren! Donieft wären d'Bommeleeër vun de Kasematte vun enger belscher Koppel vun Zeie beschriwwe ginn; déi Beschreiwungen hätten net den Ugeklote Marc Scheer a Jos Wilmes entsprach.

De Paul Haan huet donieft ënnerstrach, de Ben Geiben net zu Bréissel
gesinn ze hunn; de Grënner vun der Brigade mobile hätt och am rezente Buch iwwer hien nach aner Saache gesot, déi net stëmme géifen. Hien, Paul Haan, hätt de Ben Geiben ni am Verdacht gehat; e kéim awer duerch dat Buch dran, ë.a. wéinst senger Proximitéit zum Colonel Armand Brück. De Ben Geiben wär zwar vläicht net de Kapp, mä hie wéisst, ween de Bommeleeër wär, sou de Paul Haan.

Sylvie Conter mécht op Widderspréch opmierksam
D'Me Lorang vun der Defense sot, eng Zeien, déi "kruzial Informatiounen" hätt, hätt sech bei hir gemellt. Déi Persoun soll elo gehéiert ginn.