4 Verdächteger beim Kasematten-Attentat

Eng belsch Zeien huet beschriwwen, wat si zu Lëtzebuerg erlieft huet a wie se an der Géigend gesinn huet ... fortlafen!
Um Ufank vum 109. Sëtzungsdag, en Dënschdeg, am Bommeleeër-Prozess gouf d'Anna Maria van den Broeck gehéiert. Dës belsch Zeie vum Attentat op d'Kasematten sot, dass si mat hirer Famill mam Mobilhome an d’Vakanz an Éisträich wollt fueren; hire Mann huet déi Zäit an enger Dréckerei geschafft a Lëtzebuerg e bësse kannt.
Géint hallwer 11 wäre si um Helleg-Geescht-Plateau ukomm an hätten e Mann gesinn, deen e Walkie-talkie an der Hand hat; méi spéit wären zwee Jonker aus de Kasematte komm, deenen hir Gesiichter si awer net gesinn hätten. Déi zwee wäre fortgaangen, sou wéi deen Éischte virdrun; dono wär wuel nach eng weider Persoun aus de Kasematten erauskomm, well si hätten eng Dier héieren zougoen. Si wollte just schlofen, wéi et geknuppt huet; si hätten u sech un e Wieder gegleeft, well hätte si gewosst, dass et en Attentat war, wäre si wéinst der Police bliwwen. Nom Knuppert wäre si fortgefuer an hätten eréischt an enger belscher Zeitung an Éisträich vum Attentat gelies; nom weideren Attentat op d’Lëtzebuerger Wort hätte si dunn decidéiert, bei d'Lëtzebuerger PJ aussoen ze goen.
Wat d'Beschreiwung vun deene 4 ugeet, sou wär deen 1. net grouss gewiescht, hätt e Brëll an eben de Walkie-talkie gehat; den 2. an den 3. wäre méi grouss gewiescht, hätte Pilotejacketten un an eng Arméifrisur gehat, iwwerdeems dee 4. och grouss a bal d’selwecht ugedoe war. Deen 1. hätt engem franséische Schauspiller geglach an déi 2. an 3. wären eventuell Zwillinge gewiescht; hirer Meenung no hätt deen 1. deenen anere vläicht gesot, dass si do wären.
Nodeems d'Zeie Phantombiller gewise krut, huet si erkläert, dass déi 3 éischt Männer wuel net méi al ware wéi 25 Joer; deen 1. hat der éischter manner, an e war Lénkshänner, wougéint dee Leschten e bësse méi al war, awer manner wéi 30 Joer. D'Fra huet nach betount, dass si am Kader vun engem Prozess zu Lëtzebuerg eng Persoun gesinn hat, déi deem 1. geglach huet. De Me Vogel wollt doropshin, dass si eng Foto vum Jos Steil gewise krit; d'Fra huet gemengt, dee géif deem 1. gläichen. An der Sëtzungspaus kritt si weider Fotoe virgeluecht.
Dono war et um Tour vum Marcel Bormann fir auszesoen. De fréiere Gendaarm hat am Zesummenhank mam Attentat Aasselscheier am Juli 1985 vun engem Zeien ugeruff kritt; deen huet vun enger Luucht do geschwat. D'Gendaarme si mat deem Mann kucke gefuer; op derPlaz war et stackdäischter, ma déi immobil Luucht wär vu jidderengem kloer ze gesi gewiescht. Si wären drun erugaangen, bis den Zeien duerch Täscheluuchte Staangen Dynamit gesinn huet; him wär och opgefall, dass den Zünder geblénkt huet. Hie wär dunn net méi weider gaangen an hätt Alarm ginn; ervirzehiewe wär, dass en aneren Zeien déi Luucht schonn um 9 Auer gesinn hat, wéi et nach hell war. Dee Mann war awer ze krank an ze wäit ewech, fir dohin ze goen.
De Marc Zovilé hätt him du gesot, sech op de Rapport ze base zu deem Tëschefall ze stäipen; dem Zeien no leien tëscht der Spueresécherung vun deemools an där vun haut och Welten, hätte si onbedéngt misse gehéiert ginn a wär dat a sengen Aen dee Moment schonn en Oflenkungsmanöver gewiescht. E puer Stonnen drop huet et du jo och an de Kasematte geknuppt.
Si hätte bis moies op der Plaz op d’Spueresécherung gewaart; hie wéisst awer net, ob déi dono koum. Den Zeien huet betount, frou ze sinn, dass et sou gaangen ass, well wann een an de Booby trap gelaf wär, hätt et schlëmm kënnen ausgoen.
Den nächsten Zeie war den Albert Feiereisen. De fréiere Gendaarm, dee fir d'éischt Armurier an dono Démineur war, goung net op all Attentatsplaz; um Stafelter hat hie gesot, et misst een e Pylône anescht sprengen, fir dass e géif falen, an um Schléiwenhaff ass et du genee sou komm.
Beim geplangten Attentat Aasselscheier wären de Marc Scheer an de Jos Wilmes schonn op der Plaz gewiescht, an dat déi ganz Zäit iwwer. Hie selwer hätt do Drot, d'Batterie an d'Staangen Dynamit fonnt, an de Marc Scheer hätt him de sougenannte Bommekostüm ugedoen; iwwert der Entschäerfung wär dunn d'Nouvelle komm vum Attentat an de Kasematten. Déi zwee Ugeklote wären dunn dohi gefuer, an hien hätt si do net méi gesinn. De Booby trap Aasselscheier wär zu 100% funktiounsfäeg gewiescht, an et wär schued gewiescht, dass d'Sprengfal net méi do ass; déi wär och duergaangen, fir op d’mannst ee schwéier ze blesséieren.
Zu Izeg da wären der méi do gewiescht, déi näischt kannt hunn, wéi därer, déi geschafft hunn, de Marc Zovilé hätt an de Kasematten onbedingt wëlle vir goen an d'Attentat Hollerech hätt déiselwecht Handschrëft gedroe wéi dat geplangtent um Aasselscheierhaff.
Si als Démineure wären heiansdo guer net geruff, ni vun den éischte Bommeleeër-Enquêteure gehéiert an ni op e Briefing invitéiert ginn. De Charel Bourg hätt hien iwwerdeems den Dag nom Attentat um Findel dohi matgeholl. Op enger Rëtsch Plaze vun Attentater wäre vill Leit gewiescht, an net wéineg, déi näischt do ze siche gehat hätten, sou den Albert Feiereisen.