Fir de Me Vogel gëtt et e Glach tëscht dem Jos Steil an dem franséische Schauspiller Jacques Villeret.

De Me Vogel huet e Mëttwoch de Mëtten, um Ufank vum 110. Sëtzungsdag am Bommeleeër-Prozess, Fotoe vum franséische Schauspiller Jacques Villeret a vum Jos Steil ofginn; fir den Affekot hunn déi zwee vill Glach.

Um Dënschdeg hat déi belsch Zeie vum Attentat bei de Kasematte jo erkläert, deen éischte Mann, dee si deemools um Helleg-Geescht-Plateau gesinn hat, hätt ausgesi wéi deen Acteur.

Sprengfal anescht wéi Täscheluucht

Dono goung d'Auditioun vum fréiere Gendaarm Albert Feiereisen virun. Den deemolegen Demineur huet gesot, keng gutt Relatioun mam Police-Armurier Henri Flammang gehat ze hunn; deen hat sech jo ëmbruecht. Hie selwer hätt a senger Formatioun och Bomme gebaut a wär eleng do gewiescht. Bei de Bommen hätten déi eng onkomplizéiert Mechanisme gehat, wougéint anerer méi komplex waren. An den Ae vum Expert wär d'Sprengfal um Aasselscheierhaff och eng aner Saach gewiescht wéi d'Täscheluucht um Findel, déi engem Ingenieur an der Hand explodéiert war.

Weideren Zeie - mat neiem Element?

Den nächsten Zeie war de Léon Mangen, deen deemools an der Stater Section de recherche vun der Gendarmerie geschafft huet. Vun der Bommeleeër-Enquête hätt hie guer näischt matkritt an och näischt ze di gehat mat den Attentater, ausser Aufgaben z'exekutéieren.

Ënnert dem Armand Kaudé hätt hien och fir de SREL geschafft, wär sonndes am Kader vun der Observatioun op de Ben Geiben dobäi gewiescht an hätt vum Attentat op de Geriichtspalais gewosst. Hien hätt keng Foto vum Grënner vun der Brigade mobile gewise kritt; donieft huet de Mann vun enger weiderer Observatioun geschwat, déi vläicht virdru war, wat en neit Element wär.

Dat war kee Witz ...

Dem Léon Mangen no wär hien nom Attentat zu Hollerech an e Café zu Bouneweg gefuer, an deen ë.a. och de Marc Scheer koum. No enger Zäit wäre Leit do erakomm, déi soten, et hätt zu Hollerech geknuppt. De Procureur Georges Oswald huet du bemierkt, dass de Marc Scheer ausgesot huet, e wär op Hollerech gefuer. De Marc Scheer huet dorop geäntwert: "Neen, mir sinn direkt op Bouneweg gefuer!". D'Riichterin Sylvie Conter huet gefrot, ob dat erëm e Witz vum Ugeklote war. "Neen!", sot de Marc Scheer; hie wéisst mol net méi, ob hien de Knuppert héieren a wou et geknuppt hätt.