Beweisstécker eliminéiert, ma vu wiem?

Am Prozess huet sech um Donneschdeg vill ëm verschwonne Beweisstécker gedréint an dobäi gouf mam Fanger op den Armand Schockweiler gewisen.
Um Ufank vum 111. Sëtzungsdag am Bommeleeër-Prozess gouf de Marc Origer gehéiert, dee jorelaang fir de Miess- an Erkennungsdingscht geschafft huet a sech den Donneschdeg de Moie spontan beim Parquet gemellt hat.
D'Direktioun vun der Police hätt ëm d’Joer 2000 ordonnéiert, fir allgemeng am Keller vun deem Service ze raumen; dobäi wären och fréier Beweisstécker mat op de Sperrmüll gaangen. Den Zeie war zwar der Meenung, dass déi Saachen ni hätten däerfen ewechkommen, ë.a. Fangerofdréck, mä, Zitat: «Do konnt Der Iech wieren a wieren…». Hien hätt net opgeschriwwen, wat ewechgehäit gouf. Eenzelner bei der Police hätte kontraproduktiv geschafft, a wann hien eppes gesot hätt, hätt en eng op den Hutt kritt, ë.a. vun der Direktioun. A sengen Ae gouf och ni en Inventaire vun de Saachen am Keller vum Miess- an Erkennungsdingscht gemaach.
Fir de Marc Origer wären awer wuel keng Saachen aus der Bommeleeër-Affär dobäi gewiescht an dee Moment verschwonnen.
Mat senge Bedenke wär hien awer net laanscht den heitege Police-Generaldirekter Romain Nettgen komm, sou den éischten Zeie vum Nomëtten.
Huet den Armand Schockweiler op Uerder gehandelt?
Dono war et um Tour vum André Glodt, deen 22 Joer beim Miess- an Erkennungsdingscht war, fir auszesoen. Deem säi Keller wär geraumt ginn am Hibléck op d'Plënneraktioun op Hamm, well sech vill Material do ugesammelt hat; ë.a. wären Dossieren a Piècë geraumt ginn. D'Beweisstécker vun der Bommeleeër-Affär, déi nach do waren, loungen à part. Du sot den Zeien: «Wann ech mech richteg erënneren, ass den Armand Schockweiler déi aner Piècen eng Kéier siche komm, no 1996!»
Dat huet de Procureur Georges Oswald zur Ausso beweegt: «Da musse mer den Här Schockweiler nach eng Kéier héieren!»
Den André Glodt huet ënnerstrach, nach d'Remarque gemaach ze hunn, dass d'Piècë sollten erëmkommen; hie géif awer net mengen, dass dat geschitt wär.
De Procureur huet sech nach gefrot, wat den Armand Schockweiler dee Moment domat ze dinn hat, wou de Romain Nettgen Chef vun der Police judiciaire war.
Fir de Me Vogel ass den Armand Schockweiler déi Saache siche komm, well een him dat gesot huet!
Dem André Glodt no ware Piècë vum Attentat Hollerech an anerer dobäi, wouropshin d'Riichterin Sylvie Conter eng Konfrontatioun vum Zeie mam Armand Schockweiler annoncéiert huet.
Den Enquêteur Carlo Klein huet betount, dass hien a seng Leit vun 2001 un no deene Piècë gesicht hätten; et hätt awer keen hinnen eppes dovu gesot.
D'Presidentin vum Geriicht wollt du wëssen, ob de Pierre Reuland och eng Kéier bei hie komm wär.
"Ech ka mech net dorun erënneren", sou den Zeien.
D'Sylvie Conter huet sech mat der Fro un de Carlo Klein adresséiert, wee wosst, dass d'Affär erëm géif opgeschafft ginn. Dem Enquêteur no waren dat ganz wéineg Leit, ma vun 2001 u méi. "Wann een Offizéier et wosst, kann ech Iech net garantéieren, dass déi aner et net wossten", war eng Ausso an deem Kontext.
D'Presidentin vum Geriicht huet dunn nom Romain Nettgen gefrot.
Fir de Carlo Klein wosst deen, dass géif dru geschafft ginn; hien hätt och Informatiounen dozou weider ginn.
De Georges Oswald huet nogehaakt, ob den Armand Schockweiler geziilt no Stécker gefrot huet oder ganz allgemeng.
Fir den André Glodt war dat eng allgemeng Fro, ma en hätt sech Saachen erausgesicht wéi déi vun Hollerech, déi, Zitat, "am schéinste waren".

© Alain Lamesch
11 weider Zeie geruff
Um Donneschdeg huet d'Justiz och d'Nimm vun den Zeie matgedeelt, déi fir déi aner Woch geruff sinn
"Programme provisoire pour la semaine du 13 janvier au 16 janvier 2014 :"
Lundi, le 13 janvier 2014 – témoins : Ernest Junk, Patrick de Paoli, Johny Gindt
Mardi, le 14 janvier 2014 – témoins : Michel Schickes, Marcel Weydert, Jean-Marie Peters
Mercredi, le 15 janvier 2014 – témoins : François Hentzen, Romain Immer, Claude Carelli
Jeudi, le 16 janvier 2014 – témoins : Fränk Birmann, Bernard Reuter