Interessant Konfrontatioun e Méindeg am Bommeleeër-Prozess: Wien ass dann elo Bommeleeër-Beweismaterial siche komm?

Den 112. Dag am Bommeleeër-Prozess huet mat der Konfrontatioun tëscht dem André Glodt an dem Armand Schockweiler ugefaangen. Den Zeie Glodt, deen 22 Joer beim Miess- an Erkennungsdingscht war, hat jo en Donneschden am Zesummenhank mat de Beweisstécker vun der Bommeleeër-Affär gesot: "Wann ech mech richteg erënneren, ass den Armand Schockweiler eng Kéier Piècë siche komm, no 1996!"

Deen huet dat e Méindeg de Mëtte formell bestridden - op der ganzer Linn: "Ech war net do, a scho guer net 1996". Den Armand Schockweiler huet eng Verwiesslung an d'Diskussioun bruecht, well hie wéisst net, wat hien 1996 do gemaach hätt. "Ech war dat do net a si praktesch vum Stull gefall, wéi ech dat héieren hunn!" Hien hätt genuch aner Saachen ze di gehat an näischt méi mam Dossier Bommeleeër ze dinn, an dat vun 1992 un.

RTL

Offizéier Schockweiler

Den André Glodt huet doropshi gemengt: "Et ass mir awer, wéi wann dat sou gewiescht wär ... Et ass bei mir sou am Kapp. Ech hunn och näischt géint den Här Schockweiler."

Deen huet betount, näischt verschwanne gedoen ze hunn. "Ech war dat do net. Dat kann ech net méi däitlech soen!"

Nodeems den André Glodt sot: "Dann hunn ech mech geiert!", huet d'Riichterin Sylvie Conter ervirgehuewen: "Neen! Dann huet ee gelunn!"

RTL

Den Zeie Glodt

Den Zeie Glodt hätt sech och net dru gestouss, dass den Armand Schockweiler komm wär.

Dem Armand Schockweiler no kéint et net sinn, dass een dohi kéim a Saache verschwanne loosse géif! "Ech hunn näischt mat deem ganzen Incident ze dinn! Dat war ech net!"

Fir den André Glodt géif keen aneren a Fro kommen. An den Ae vum Zeie Glodt war dat fir hien nach ëmmer den Här Schockweiler. Hie wär deemools frou gewiescht, dass nees eppes am Bommeleeër-Dossier geschéie géif; d'Piècë wären der och exklusiv dovu gewiescht.

Procureur: Dat muss Suitten hunn

Den Armand Schockweiler ass bei senger Versioun bliwwen an dovun ausgaangen, "dass dat en Iertum ass. Ech war dat net!". Hien hätt déi Zäit just kënnen en Uerder kréie vum Colonel Diederich, vun aneren net onbedingt.

Den André Glodt huet nach emol ënnerstrach, nëmmen den Armand Schockweiler gesinn ze hunn.

De Procureur Georges Oswald wollt déi Aussoen ënnerschreiwe loossen, well déi Saach net harmlos wär an hir Suitte misst hunn.

Fokus op d'Armurerie

Dono sot den Ernest Junk aus, deen zur Zäit vun den Attentater an der Armurerie vun der Gendarmerie geschafft huet. Dësen Zeien huet erkläert, dass hien nom geplangtenen Attentat Aasselscheierhaff op d’Plaz gefuer wär; virun de Riichteren huet de Mann sech drun erënnert, dass sech Offizéier do net wollten aus der 1. Linn zéien an d'Spuresécherung Saache gesammelt hätt. Hie kéint sech net erënneren, dass d'Ugeklote Marc Scheer a Jos Wilmes do waren. Dono wär hien direkt an d’Kasematte weider gefuer; d'Armurerie hätt do näischt ugepak, hien awer Material gesinn do leien.

Fir den Ernest Junk wär d'Armurerie zu Hollerech zimlech als lescht agelaf an hätt gewaart, "bis mer konnten heem goen". E Stéck Rouer dovu wär an der Armurerie gelannt, ma an den 90er Jore fortkomm; déi Zäit wär "super do geraumt ginn", sou den Zeien.

"Keng Profien"

Den Ernest Junk huet nach gemengt, de Jos Steil e puermol an der Armurerie gesinn an net perséinlech mam Jos Wilmes ze di gehat ze hunn. A sengen Aen haten d'Bommeleeër Kenntnisser a waren zwar keng Profien, wären awer ëmmer besser ginn. Den Henri Flammang sengersäits hätt vill vu Waffen a Sprengstoff gewosst.

Um Enn vum Sëtzungsdag war et nach um Tour vum Patrick de Paoli fir auszesoen; hie war zur Zäit vun den Attentater Demineur an der Arméi an 30 Joer am Entschäerfen aktiv. Den Zeie sot, op zwou Plaze vun Attentater gewiescht ze sinn, zu Heeschdref an um Kierchbierg, am Kader vum EU-Sommet. Hien huet awer betount, net vill ëm seng Meenung a säi Rot gefrot ginn ze sinn.

Hien hätt d'Impressioun gehat zu Heeschdrëf, dass d'Bommeleeër keng Profie wären; vläicht wären do Stocke liquidéiert ginn, ma dat wär net 100%eg professionell geschitt, an hien hätt dat anescht gemaach, sot de Patrick de Paoli; d'Basis wär awer do gewiescht. De Mann hat och ee Moment d'Meenung, iwwerwaacht ginn ze sinn; hien hätt nämlech op eemol eng Zäit Ex-Kollegen, déi an der Gendarmerie waren, erëmgesinn, dunn awer net méi.

112. Dag am Bommeleeër-Prozess
.