Forces de l'ordre responsabel fir d'Attentat um Kierchbierg?

© RTL (Archivbild)
D'Attentat vum Sommet ugangs Dezember 1985 gëtt vu engem neien Zeien, engem fréiere Gendaarm, méi präzis beschriwwen.
D'Attentat, de Knuppert vum Sommet, ass den 2. Dezember 1985 méindes owes geschitt, ëm 17.50 Auer. Um Kierchbierg war alles, wat deemools an Europa wichteg war, Mitterrand, Kohl, Tindemanns, Thatcher etc. An zu beschter Radioszäit, eng déck hallef Stonn virum Journal, ass also d' Bomm explodéiert ...
Am Bommeleeër-Prozess ass driwwer diskutéiert ginn, wéi de Knuppert an de Rampli nieft der Autobunn beim Héichhaus koum. Et gëtt zwou Hypotheesen: Am Securitéitsdispositif stoung e Bommeleeër an huet de Knuppert vun ënnen erop nieft d'Leitplank geheit. Oder awer d'Bomm ass aus engem Auto eraus iwwer d'Leitplank geworf ginn.
RTL-Informatioune no gëtt et fir déi zweet Versioun e gudden Zeien: E fréiere Gendaarm huet RTL géigeniwwer gesot, wat hie gesinn huet. "E wäissen Auto ass vun der Stad erfort Richtung Sennengerbierg gefuer. Kuerz hannert dem Héichhaus ass den Auto ëmmer méi lues gefuer. Zur Fënster vum Bäifuerersëtz ass en Aarm, eng Hand erauskomm an déi huet de Knuppert an de Rampli geworf, wou en explodéiert ass, e Lach an de Buedem gerappt huet an d'viischt Glace vun engem Auto, deen ënne geparkt stoung, demoléiert huet."
E wäissen Audi!
An de Gendaarm seet nach eppes ganz Interessantes: De wäissen Auto, dee séier fortgerannt ass, dat war e wäissen Audi 100. Wäiss als Faarf fir en Auto war deemools nach net Moud, par conter ware wäiss Audien deemools DEN Auto vun de Forces de l'ordre, der Gendarmerie, der Police an de SREL hat der och. Wien e wäissen Audi 100 dorëmmer gesinn huet stoen, dee wosst, datt eng Kontroll am Gaang war an ass vum Gas gaang. Den Zeien seet also am Kloertext, Leit aus de Forces de l'ordre hätten de Knuppert um Kierchbierg matzen an den ineffiziente Securitéitsdispositif vum Kierchbierg geheit.
Datt dee Sécherheetsdispositif näischt gedaacht huet, war wuel keen Zoufall. Enn Oktober hat de Georges Zenners am Bommeleeër-Prozess jo ausgesot, hien wier als Polizist am Observationsgrupp, am GOR vun der Bommeleeër-Enquête, gewiescht a, wahrscheinlech en Presence vum Jos Steil, hat hien deemools proposéiert, fir de Sommet d'Sortien an d'Opfahrten vun der Autobunn ze spären, fir datt d'Bommeleeër d'Land net géife mat engem Poufert ridiculiséieren. De Pierre Reuland als Chef vun der Brigade mobile hätt déi Spären refuséiert an et koum wéi et koum: de Poufert ass gepucht ginn, d'Forces de l'ordre waren international blaméiert.
Um Poste bleiwen!
De Procureur Georges Oswald huet dat am Oktober en Attentat no Dréibuch an eng Provokatioun genannt. An d'Scheinwerfer waren alt erëm op de Pierre Reuland an de Jos Steil geriicht. Apropos Jos Steil: De fréieren zweete Mann aus der Brigade mobile huet deemools um Kommando an der Stad geschafft an hat owes beim Sommet Déngscht. Wéi de Poufert explodéiert war, hu Gendarmen, déi um Kierchbierg Wuecht gehal hunn, iwwer Funk dem Jos Steil seng Stëmm vum Kommando héieren. Déi Stëmm huet ordonnéiert, jiddereen sollt op sengem Poste bleiwen. Et ass also keen engem wäissen Audi 100 nogefuer.