Member vun der Brigade mobile am Zeiestand

Am Ufank vun Sëtzung um Dënschdeg de Mëtteg gouf mam Michel Schickes en éischte fréiere Membere vun der BMG gehéiert.
Den Zeie sot, hie wär vun Ufank un an der Brigade mobile gewiescht, an dat 18 Joer laang. An där Spezialunitéit war jidderee spezialiséiert; hie wär v.a. forméiert ginn am Schéissen (zesumme mam Marc Scheer) an am Sprengen (mam Jos Steil). Dee Jos Steil hätt virdru keng Kenntnis dovu gehat. Vu Stagen hätt hie Brochurë matbruecht; déi hätten um Büro geleeën, ouni zougänglech ze si fir jiddereen.
Am Ufank hätt d'BMG e Gemeinschaftsraum gehat, a si wär mat der Zäit vill geplënnert.
De Ben Geiben, Grënner vun der Brigade mobile, wär e gudde Chef mat modernen Iddie gewiescht, deen och motivéiere konnt; déi Relatioun hätt ënnert dem Pierre Reuland geännert, ënnert deem et am Ufank eng immens Distanz zum Chef ginn hätt, et no an no awer besser goung.
Hie selwer wär virwëtzeg gewiescht an hätt och mol nogefrot, awer kee Kontakt zu den Haaptenquêteure gehat a vun der Enquête u sech näischt matkritt.
De Michel Schickes wär duerch Rumeure vun der Commission rogatoire internationale zu Bréissel a Saache Ben Geiben gewuer ginn; hien hätt awer net nogehaakt an dono och éischter näischt méi dovun héieren.
Dogéint hätt hie vun der Rumeur héieren, dass de Ben Geiben zu Lëtzebuerg géif iwwerwaacht ginn; Detailer hätt hien allerdings keng kritt.
D'Phantombiller vun de presuméierte Bommeleeër hätte kengem geglach, an den Insider wär wuel en Thema gewiescht, mä hien hätt keng Iddi dozou gehat; hie wéisst awer net, ob eppes gemaach gouf.
Aus senger Siicht wären déi fréier Kollege vun der BMG als Auteure vun den Attentater auszeschléissen; hien hätt allzäit ni ee gesinn, eppes Illegales maachen, an d'Membere vun der Brigade mobile hätten och sou enk zesumme gelieft, dass hie sech sou eppes net kéint virstellen.
Fir de Michel Schickes wär et awer iwwerraschend, dass sou e Secret sou laang geheim bliwwe wär. Hie selwer hat iwwregens d’NATO eng Kéier am Zesummenhank mat den Attentater an d’Diskussioun bruecht.
D'BMG hätt net mam Sprengstoff Luxite geschafft, hie selwer ni eppes gewise kritt, an hie wär och ni ëm säi Rot gefrot ginn.
D'Bommeleeër waren, sou de Michel Schickes, keng Profien, hunn allerdings mat der Zäit e bësse bäigeléiert. Fir hie kéinten d'Auteure vun den Attentater an der Arméi oder an enger Minière geschafft an hiert Wëssen eventuell duerch Bicher kritt hunn. Sprengungen hätt ee selwer zu Käerch trainéiert.
Dem Zeien no “kéint et och klappen”, dass ë.a. hien an de Marc Scheer nom Attentat Hollerech an engem Café zu Bouneweg waren.
An der BMG-Equipe hätt et kee grousse Frust ginn, dofir awer Litigen.