Ass de Marcel Weydert, deen um Dënschdeg als Zeien ausgesot huet, oder de Jos Wilmes, deen op der Uklobänk sëtzt, op enger Foto ze gesinn?

Den Ufank vun der 114. Sëtzung am Prozess, um Mëttwoch, stoung ganz am Zeeche vun den Aussoe vum Zeie Marcel Weydert, den Dag virdrun, um Stater Geriicht. Deen Zeien hat jo ausgesot, hie wär zesumme mam Marc Scheer op enger Foto an de Kasematten ze gesinn; den Ugeklote Jos Wilmes hat doropshin erkläert, hie wär op där Foto ze gesinn.

D'Riichterin Sylvie Conter huet festgehalen, dass si haut eng CD mat Fotoe vu BMG-Memberen an de Kasematte krut. Fir de Me Vogel an d'Me Lorang ass do kloer de Jos Wilmes drop! Dee sot, hie wär méi wéi sécher, op där Foto ze sinn!

De Procureur Georges Oswald huet ënnerstrach, dass hien e Courrier vun der Famill Weydert krut, deen datselwecht beweise wëll.

De Me Vogel huet nach gemengt, dass de Marcel Weydert bis en Dënschdeg ni gesot hätt, dass hien do war!

De Procureur sengersäits huet betount, dass hien och d'Taxi-Chauffeuren aus dem RTL-Télé-Reportage vum Dënschdeg am Zesummenhank mam Attentat um Kierchbierg als Zeie rifft.

Bommeleeër-Prozess: 113. Dag
Éischte fréiere Membere vun der BMG gehéiert.

Als éischten Zeien huet um Mëttwoch de Claude Carelli ausgesot, fréiere Member vun der BMG. Hie koum als Hondsmeeschter an d’Brigade mobile a war um Kierchbierg, wéi et um Bord vum EG-Sommet do geknuppt huet; hie wär awer net op den Tatort selwer gaangen a konnt sech och net drun erënneren, dass iwwer Funk gesot gi wär, et hätt een e Bommeleeër kritt. Donieft huet den Zeien d'Tunnellen zu Hollerech kannt an näischt vu Rumeuren iwwer potenziell Auteure matkritt.

No der Sëtzungspaus huet de Me Vogel ervirgestrach, dass e Member vum SREL an den Amis de la forteresse war an deemno Zougank zu Schlëssele fir an d'Kasematten hat. D'Riichterin Sylvie Conter huet dozou eng Enquête gefrot beim Enquêteur Joël Scheuer.

Gouf ee Bommeleeër gepëtzt?

De Procureur Georges Oswald huet nach matgedeelt, dass en Zeien him géintiwwer an der Sëtzungspaus sot, hien hätt matkritt, dass iwwer Funk gesot gouf, ee vun de Bommeleeër vum Kierchbierg wär gepëtzt ginn. Dee Mann gëtt wuel och e Méinde gehéiert.

2. Ex-BMG-Member
Dono war et um Tour vum aneren Ex-BMG-Member Romain Immer, fir auszesoen. De Mann, deen nach ëmmer un der Unité spéciale ass, wéi se haut heescht, huet deklaréiert, am Ufank an der Brigade mobile keng Spezialisatioun kritt ze hunn. Hie war um Kierchbierg, wéi et do geknuppt huet; et wär net zu Panik bannenan am Gebai komm a séier kloer gewiescht, dass kengem eppes geschitt wär. Dass de Marcel Weydert, deen am Congé war, um Owend vum Attentat an de Kasematten dohi geruff gouf, sou wéi hie gëschter sot, an net de Romain Immer, deen dunn Dingscht hat, kann dee sech net erklären; et hätt allzäit kee probéiert, un hien ze kommen.

Och de Beschëllegte Marc Scheer konnt sech net erklären, firwat de Marcel Weydert an de Kasematte gewiescht wär! "E war jo awer gëschter formell!", huet de Procureur Georges Oswald ze bedenke ginn."Mir musse kucken, wat e muar seet!", sou d'Riichterin Sylvie Conter. De Romain Immer fir säin Deel sot, et wär net Usus gewiescht, fir aus dem Congé zréckgeruff ze ginn.

Hien hätt sech selwer Froe gestallt iwwert den Armurier Henri Flammang als méiglechen Auteur vun den Attentater, glat a guer näischt vun der Enquête gewosst an näischt vun Insider matkritt, sou de Romain Immer. Et wär sécherlech Onzefriddenheet an der Brigade mobile ginn, ma d'Klima wär net ze schlecht gewiescht. Am Zesummenhank mam Attentat Hollerech huet den Zeien nach ervirgehuewen, dass de Jos Wilmes owes um Freedefeier net méi dobäi war.

Als leschten Zeie gouf de François Hentzen gehéiert, en anere fréiere Member vun der BMG. Hie wär als Hondsmeeschter op kengem Tatort gewiescht, ausser um Kierchbierg. Do wär hie mam Marc Scheer am Bar gewiescht, wéi et geknuppt huet; hien hätt net gewosst, ob déi Explosioun eng Farce wär, a wär op sengem Poste bliwwen. Hien hätt v.a. vum Armurier Henri Flammang als méiglechem Bommeleeër héieren. De Ben Geiben, fir deen een duerch d’Feier gaange wär, hätt en anere Stil wéi de Pierre Reuland gehat, an et wär no an no zu Frust an der Equipe komm.

Jos Steil net à l'aise ...

Interessant war d'Ausso, dass no der mëssgléckter Observatioun heiheem op de Ben Geiben dem Jos Steil an enger Reunioun virgehäit gi wär, deen hätt d’Leit bäilafe gelooss; hien hätt erbäermlech ausgesinn, wéi e Kand, dat Lige gestrooft gouf. Et kéint de Georges Zenners gewiescht sinn, deen hie verbotzt hätt; ë.a. wär de Terme Säckdréier gefall, sou de François Hentzen.

De Jos Steil wär an där Reunioun net à l’aise gewiescht, hie géif de Marc Scheer an de Jos Wilmes net als Bommeleeër gesinn, an a sengen Aen hätt ee misse mierken, wa Leit eppes niewelaanscht gemaach hätten.

AUDIO: Dossier "Bomm Sommet Taxi-Driver" vum Nico Graf (10.3.2008).
114. Dag Bommeleeër-Prozess
Wien ass op der Foto?