Zeien: Keng Gerüchter iwwert de Ben Geiben

Wilmes oder Weydert ... op der Originalfoto? / © Luxemburger Wort (Originalfoto)
Um Donneschdeg hunn direkt e puer fréier Membere vun der "Brigade mobile de la Gendarmerie" (BMG) ausgesot.
De Me Vogel huet um Ufank vum 115. Sëtzungsdag am Bommeleeër-Prozess vun engem Zeie geschwat, deen um Dag vum Attentat um Findel do am Tower geschafft huet; fir den Affekot vum Marc Scheer sollt dee Mann gehéiert ginn, och well dëst e militärescht Attentat gewiescht wär.
De Procureur Georges Oswald huet geäntwert, dass dat näischt Neies wär an de Me Vogel déi Informatioun schonn emol geschéckt hätt; dës Persoun stéing och als Zeien op der Lëscht.
Zeie Fränk Birmann
Als éischten Zeie vum Nomëtte war et um Fränk Birmann, fir auszesoen. De fréiere Member vun der BMG sot, Enn 1985 an d’Brigade mobile komm ze sinn; d'Ambiance wär dee Moment gutt gewiescht. Hie selwer war um Kierchbierg, wéi et um Bord vum Sommet geknuppt huet, an do fir d'Protection rapprochée vum franséische President François Mitterrand zoustänneg. De Ben Geiben hätt hie weider net kannt an och keng Rumeur iwwert de Grënner vun der BMG als méiglechem Auteur vun den Attentater héieren. Et wär och net doriwwer geschwat ginn, dass de Ben Geiben heiheem iwwerwaacht gi wär.

Zeie Bernard Reuter
Dono ass de Bernard Reuter, och hie fréiere Member vun der BMG, an den Zeiestand komm. Den Zeie koum am Februar 1984 an d’Brigade mobile an ass an der Haaptsaach Patrulle gefuer. Am Kader vun der mëssgléckter Geldiwwergab wär et zu enger Reunioun mat den auslännesche Bedeelegte komm; dass een dunn zesummen op d'Theaterplaz gefuer ass, wär negativ gewiescht, well ganz opfälleg. Et wär ni iwwer en Insider geschwat ginn, hien hätt keen Erpresserbréif a kee Phantombild gesinn, an et wär och keen Enquêteur bis laanscht komm.
De Bernard Reuter sot, d'Gefill gehat ze hunn, dass de GOR an d'Sûreté éischter géintenee geschafft hätten.
Hie wär net op engem Tatort gewiescht, bis op de Kierchbierg; hien hätt net dovun héieren, dass d'Bomm do aus engem Auto eraus gehäit gi wär, an net matkritt, dass e Bommeleeër soll gepëtzt gi sinn. Hien hätt och net fonnt, wéi hien an d'BMG koum, dass do schlecht Blutt war.
Vu Rumeuren iwwert de Ben Geiben hätt den Zeien eréischt no den Attentater héieren, an hien hätt och näischt gewosst iwwert d'Observatioun vum Grënner vun der Brigade mobile, déi net den normale Regelen no ofgelaf wär. Dem Bernard Reuter war doriwwer eraus näischt bekannt vu Rumeuren iwwert de Jos Steil.

Wilmes oder Weydert ... op der Originalfoto? / © Luxemburger Wort (Originalfoto)
Zeie Marcel Weydert
No der Sëtzungspaus war et dunn nees um Tour vum Marcel Weydert, engem weidere fréiere Member vun der BMG. Am Zesummenhank mat der ominéiser Foto nom Attentat an de Kasematten - den Zeien hat um Dënschdeg dozou erkläert, hie wär zesumme mam Marc Scheer do drop, wouropshin de Jos Wilmes datselwecht vu sech behaapt hat - ass de Marcel Weydert bei senger Versioun bliwwen. De Mann huet och erkläert, am Mee 2012 vum Marc Scheer kontaktéiert ginn ze sinn, iwwer Mail; den Ugekloten hätt hie gefrot, ob hien op der Foto wär oder de Jos Wilmes.