Kritt a fuere gelooss, well et d'Brigade mobile war?

Am Bommeleeër-Prozess ass sech e Méindeg, um 116. Sëtzungsdag, eenzeg an eleng mam Attentat, am Dezember 1985, op den EG-Sommet um Kierchbierg beschäftegt ginn. Zwee deemoleg Taxichauffeuren, 3 heiteg an ee pensionéierte Polizist hunn dozou héich interessant Aussoe gemaach, soudass déi zwee Defense-Affekote gemengt hunn, et wär een op engem nevralgesche Punkt vun der Affär ukomm.
Den heitege Commissaire en chef Theo Arensdorff, deen um Kierchbierg war, wéi et um Sommet geknuppt huet, huet als Zeien interessant Rumeure rapportéiert.
Um Ufank vum 116. Sëtzungsdag am Bommeleeër-Prozess huet de Procureur Georges Oswald erkläert, et hätte sech iwwer E-Mail weider Zeien am Zesummenhank mam Attentat um EG-Sommet gemellt; déi Leit sollen en Donneschde gehéiert ginn.
Beim Me Vogel huet sech en Zeie manifestéiert, dee sot, de Jos Wilmes an de Marc Scheer hätte sech um Kierchbierg net aus dem Bar erausbeweegt.
D'Riichterin Sylvie Conter dann huet betount, dass den Negativ vun der ominéiser Foto an de Kasematten un de Miess- an Erkennungsdingscht gaangen ass; am Verlaf vun der Sëtzung kéint et Informatiounen dozou ginn.
E Gag?
Dono huet den heitege Commissaire en chef Theo Arensdorff, deen um Kierchbierg war, wéi et geknuppt huet, ausgesot. Hien hätt iwwert d'Autobunn e wäissen Audi 100 gesi kommen, dee lues gefuer wär; den Aarm vum Bäifuerer wär erausgaangen a kuerz drop eppes erausgeflunn an e puer Sekonnen drop hätt et geknuppt. Doropshi wär den Auto normal weider gefuer; fir de Polizist war allerdings de Risiko, fir erwëscht ze ginn, enorm héich.
Hie selwer hätt am Ufank un e Gag geduecht an net un d'Bommeleeër, ier de Stater Bezierkskommandant Marc Zovilé gesot hätt: "Fuert deem Auto do no!" Deemno hätt hie wuel en Zesummenhank tëscht dem Knuppert an deem Auto gemaach, an deemools hate just d'Offizéier där Autoen. Bei him selwer hätt ni en Enquêteur nogefrot, huet den Zeien ënnerstrach, an et wären och Leit erausgefuer. Dono hätt hie vun der Rumeur gezielt kritt, dass gesot gi wär: "Mir hu se kritt! Mir hunn den Auto gestoppt!" Et hätt dono awer geheescht, et hätt ee se weider fuere gelooss, well et d'Brigade mobile war.
Fir den Ugeklote Marc Scheer hat d'BMG déi Zäit wuel ee wäissen Audi; hie wéisst awer net, ob si deen deemools nach haten!
Attentäter aus der BMG?
De Me Vogel huet gemengt, si misste sech sécher gefillt hunn, dass hinnen näischt géif geschéien. An deem Kader wollt den Affekot wëssen, ob den Zeie vum Jos Steil hätt héiere schwätzen.
"Neen!", war dem Theo Arensdorff seng Äntwert, just vun der Brigade mobile. Hien hätt ni Rumeuren héieren am Zesummenhank mat Auteure vun den Attentater, ausser dass et Offizéier wéi de Ben Geiben oder de Pierre Reuland zesumme mat Leit vun der Brigade mobile gewiescht wären, mam Zil, fir méi Moyenen ze kréien. Fir den Zeie wären dat awer éischter zweeërlee Attentater, hien als Mann vum Foussvollek hätt ni eppes matkritt an hie géif sech wonneren, dass iwwert déi ganz Joren näischt erauskoum. Dofir wären et eventuell aner Leit gewiescht, well d'Force publique e Corps wär, an deem gär geschwat gëtt.
Rudi Backes: Näischt vun Insider héieren
Den heitege Polizist Rudi Backes war am Sécherheetsdispositif ronderëm den deemolegen EG-Sommet. Hien hätt eng Autosdier héieren, déi zougeschloe gouf, d'Gefier wär normal fortgefuer an hien hätt nach nogeduecht, wéi et scho geknuppt huet; dat wär och dat Eenzegt, wat him kloer am Gediechtnes wär. Hien hätt och gesinn, wann ee vun ënnen erop gaange wär, fir eng Bomm explodéieren ze loossen, ma keen Auto; et wäre séier vill Leit op der Plaz gewiescht, a mat der Zäit hätt hien näischt vun engem Insider héieren.
Emile Graas: Poursuite ... ouni Succès
De pensionéierte Polizist Emile Graas war deemools och am Sécherheetsdispositif ronderëm d’Héichhaus; et hätt geknuppt, ma virdrun hätt hien näischt matkritt. Direkt drop wär en Auto fortgefuer, an hien hätt verstanen, dass dunn eng Poursuite vun der Brigade volante ugaange wär; doropshi wär gesot ginn: «Si hunn en (oder se) kritt!» Dat wär fir hie keng grouss Iwwerraschung gewiescht, ma den Dag wär fir hien op en Enn gaange mam Gefill, dass kee Bommeleeër gepëtzt gouf. Hien hätt eng Kéier d'Versioun héieren, dass d’Volante d’Brigade mobile ugehalen hätt; intern hätt hien allerdings keen Numm héieren.
Hien hätt iwwerhaapt keng Informatiounen an och éischter kee Phantombild ze gesi kritt, sou den Emile Graas.
François Bastian: "Ee vun eis!"
Dono war et um heitege Polizist François Bastian, fir auszesoen; och deen Zeien huet sech gemellt am Zesummenhank mam EG-Sommet. Hie konnt sech drun erënneren, dass hien, nodeems et geknuppt hat, bei e Grupp Leit bäikomm ass, wuel um Parking; du wär iwwer Funk d'Informatioun komm zu engem Auto. Kuerz dono wären och Prezisiounen zum Gefier komm; hie kéint sech awer net méi dorun erënneren. No 5 bis 10 Minutte sot dunn eng Stëmm: "Si hunn e kritt!", wuel um Enn vun der Autobunn, ier den Zousaz koum: "Ee vun eis!" Hie wär doropshi vun enger Pann ausgaangen, dass een dem Verkéierten nogefuer wär; fir hie wär dat dono keen Thema méi gewiescht, bis RTL viru Jore mat Taxichauffeure geschwat hätt. Déi Leit, déi déi aner ugehalen hätten, misste sech besser un déi Episod erënneren.
Dem Me Vogel no hätt ee wuel de Richtege kritt, ugeschloen an en du fuere gelooss.
Fir de François Bastian wär och gesot ginn, d'Leit sollten op hire Poste bleiwen.
Dionysius Kallen: Héieren, et hätt ee se kritt ...
Den Taxichauffeur Dionysius Kallen war deen Dag Chauffeur vum hollännesche Premier Ruud Lubbers a vum Europaparlament engagéiert. Hie war bannenan, wéi et geknuppt huet; doropshi wär jiddereen erausgelaf. Eng hallef Stonn dono hätt hien héieren, vun der Police, et hätt ee se kritt, um Enn vun der Autobunn; et wär doriwwer geschwat ginn. Hien hätt awer näischt matkritt vun engem Auto, an och soss net méi.
Nicolas Hoffmann: "Mir hunn e kritt, um Enn vun der Autobunn"
Den Nicolas Hoffmann da war deen Dag Taxichauffeur bei der belscher Delegatioun; och hie war bei der Explosioun bannenan, ier alles erausgelaf wär. Och hien hätt héieren, wéi gesot gouf: "Mir hunn e kritt, um Enn vun der Autobunn." Dat wär ënnerenee geschwat ginn, an domat wär fir hien de Fall geléist gewiescht.
Opruff vum Geriicht: Mellt Iech!
De Me Vogel wëll wëssen, ween dat war, dee sech dat erlabe konnt, an huet dofir eng Enquête bei der Brigade volante gefuerdert. Hie wéilt wëssen, wee festgeholl gouf; hien ass nämlech der Iwwerzeegung, dass dat kee Feeler war.
D'Presidentin vum Geriicht huet doropshin den Appel u Leit geriicht, déi deen Dag kontrolléiert hunn a kontrolléiert goufen, fir sech ze mellen.
De François Bastian huet ganz um Enn gemengt, et kéint eng Patrull vu Bäreldeng gewiescht sinn.