Uerderen "vun uewen erof"

De fréiere Polizist Johny Gindt sot als Zeien, am Ufank wär och an der Police gesot ginn, de Ben Geiben an de Jos Steil géifen d'Bomme leeën ...
De Me Vogel huet en Dënschdeg de Mëtten, um Ufank vum 117. Sëtzungsdag am Bommeleeër-Prozess, eng Konklusioun am Zesummenhank mat den Zeienaussoe vun e Méindeg zum Attentat op den EG-Sommet am Dezember 1985 virgeluecht. Den Affekot vum Ugeklote Marc Scheer huet doran eng Instruktioun gefrot iwwert de presuméierten Tëschefall mat der Brigade volante, déi deemools en Auto gestoppt, en dunn awer fuere gelooss hätt. D'Riichterin Sylvie Conter huet doropshin drun erënnert, dass dat e Méindeg schonn ordonnéiert gi wär.
Dono gouf de fréiere Polizist Johny Gindt nach emol gehéiert, deen och fir de Geheimdéngscht SREL geschafft huet.
Den Zeie sot, hie wär net bei der eigentlecher Observatioun vum Ben Geiben um Weekend vum Attentat op de Geriichtspalais dobäi gewiescht, well hien de Grënner vun der Brigade mobile kannt huet; hie wär awer eng Kéier ugeruff ginn, fir an en Hotel um Kierchbierg ze fueren an de Ben Geiben dunn z’iwwerwaachen. No enger Zäit wär allerdings iwwert de Funk den Uerder komm fir ofzebriechen; et hätt een och aner Uerderen, "vun uewen erof", kritt, fir sech nuets op Plaze leeën ze goen a Saachen z’iwwerwaachen.
Am Ufank wär och an der Police gesot ginn, de Ben Geiben an de Jos Steil géifen d'Bomme leeën: de Ben Geiben, well hie vun den aneren Offizéier boykottéiert gi wär an deenen et hätt wëlle weisen, an de Jos Steil, well deen ëmmer beim Ben Geiben war. Et hätten och Leit vun der Gendarmerie am SREL matgeschafft, déi dat gesot hätten. Den Armand Kaudé, Chef fir d'Iwwerwaachunge beim SREL, hätt vill Observatioune wëlle maache loossen, wär awer ëmmer zeréckgepaff ginn.
Kaudé-Mangen
Doropshi koum et zu enger Konfrontatioun mam Armand Kaudé vum SREL a mam Léon Mangen, deen och fir de Geheimdingscht aktiv war.Den Armand Kaudé huet gemengt, näischt vun enger weiderer Observatioun op de Ben Geiben ze wëssen a just eng Kéier ëm Hëllef gefrot ginn ze sinn.De Léon Mangen huet ënnerstrach, et hätt awer wuel eng aner Observatioun op de Ben Geiben um Plateau ginn. Den Armand Kaudé sot, hien hätt dat misse gewuer ginn an ëmmer op Uerder gehandelt; déi Zäit wär de SREL vill ënnerwee gewiescht, an hei géif vläicht eppes duerchenee gehäit ginn.
De Johny Gindt huet du vun där Iwwerwaachung um Kierchbierg geschwat. Am Virfeld dovun hätt hien en dringenden Appel kritt, an an enger Véierelstonn wär et aus an u gewiescht. Fir den Armand Kaudé wär dat e Rätsel
D'Riichterin Sylvie Conter huet him dunn d'Fro gestallt, ob do vläicht eppes laanscht hie gelaf wär. Den Armand Kaudé huet betount, och näischt vum Plateau ze wëssen; hie géif dovun ausgoen, dass do eppes duerchenee gehäit gëtt.
Dem Johny Gindt no war dat awer en Auto vum SREL, an hie géif unhuelen, dass et ee vum SREL war, deen deen Optrag ginn huet.
Den Armand Kaudé wëll just vun enger Observatioun op de Ben Geiben wëssen. Hie géif dat einfach net verstoen, dass vu méi Iwwerwaachunge geschwat gëtt; et kéint net sinn, dass et sou gaange wär. Et wär och vun der Gendarmerie ni méi en Uerder a Saache Ben Geiben komm.
Den Armand Kaudé huet awer deklaréiert, ni zréckgepaff ginn ze sinn, ier hien d'"Reforger"-Exercicer vun der US-Arméi ugeschwat huet, wat den Intressi vum Me Vogel ervirgeruff huet.
De Johny Gindt huet ervirgestrach, et hätt een d'Impressioun gehat, dass keng Enquête a Richtung Ben Geiben huet däerfe gemaach ginn. Deenen 3 Zeien no krute si och keng Informatiounen am Kontext vun de Bommeleeër.