De Staatsrot huet d'Proposition de loi ënnert d'Lupp geholl, mat där d'Kompositioun vun der SREL-Kontrollkommissioun an der Chamber geännert soll ginn.

Well d'CSV zanter den Neiwahlen déi eenzeg Oppositiounsfraktioun ass, ware sech d'Membere vun der Kommissioun eens, datt d'Geheimdéngschtkontrollkommissioun och fir Vertrieder vu politesche Gruppen a „groupes techniques“ sollt op sinn. Donieft sollen d'Parteien hir Vertrieder fir d'Kommissioun  wiele kënnen.  De Staatsrot ass och der Meenung, datt déi aktuell Situatioun kee wierklech efficace Contrôle erlaabt. De Conseil d'Etat gëtt awer och ze bedenken, datt heifir u sech kee Gesetz misst gemaach ginn. Déi parlamentaresch Kontroll géif ënnert de Ressort vun der Chamber falen.