Auditioun vum Patrick Pfefferle, engem fréiere BMG-Member

Hie war ronn 10 Joer an der Brigade mobile a beim Attentat op d’Gendarmerie bannenan am Gebai. Et hätt deemools keen Enquêteur hie befrot.
Dat wär eréischt 2004 geschitt. Hie war och um Kierchbierg present, wéi et do um Bord vum EG-Sommet geknuppt hat. Eng Rumeur iwwert de Ben Geiben als Auteur vun den Attentater, hätt hien net fir boer Mënz geholl, sou den Zeien, fir deen et och eng gutt Stëmmung an der BMG gouf an näischt ze spiere gewiescht wär vu Problemer mam Pierre Reuland.
Dono war et um Tour vum anere fréiere BMG-Member Jean-Marie Peters, fir auszesoen. Hie war Grënnungsmember vun der Brigade mobile; am Ufank wär kee Member spezialiséiert gewiescht, ausser an Observatiounen. Hien hätt no enger Zäit Problemer mam Pierre Reuland gehat a misse goen; dee Pierre Reuland wär distant gewiescht zur Equipe. Den Zeie war bei zwee Attentater op der Plaz, um Glacis a bei der Olympescher Schwemm; hie kéint awer keng konkret Aussoen dozou maachen, hätt näischt matkritt vun engem Insider an och keng Phantombiller gesinn. De Jos Steil kéint hie sech net als Bommeleeër virstellen, well dee keng Zäit dofir gehat hätt. An de Büroe vun der BMG hätte Brochuren iwwer Sprengstoff geleeën, an hie selwer hätt keng Formatioun dora gehat.
De Jean-Marie Peters hätt och ni eng Äntwert op séng Fro kritt, firwat hien huet misse goen, an hie wéisst net, wat fir Problemer de Pierre Reuland konkret mat him hat.Um Enn vun der Sëtzung huet d'Riichterin Sylvie Conter nach erkläert, dass an der Woch vum 24. Mäerz keng Sëtzung wär.