"Jos Steil souz am wäissen Auto no Attentat op EG-Sommet"

De Procureur Georges Oswald erkläert, e pensionéierte Gendaarm hätt sech gemellt, dee confirméiert, datt um Bord vum Attentat e Bommeleeër gepëtzt gouf.
Dono huet de Pierre Medinger, e weideren Zeien zu deem Attentat, ausgesot. De Mann war dee Moment an der Sûreté a virum Héichhaus, wéi et geknuppt huet; hien hätt dunn op d'Autobunn gekuckt, wäissen Damp gesinn an en Auto gesi mat Karacho fortfueren. D'Kollege ronderëm hätte vun engem wäissen Auto geschwat a jiddereen un d'Bommeleeër geduecht; Leit vun der Brigade volante wären op de Moto gesprongen, fir dem Auto nozefueren. Doropshi wär iwwer Funk gesot ginn, den Auto wär um Enn vun der Autobunn gestoppt ginn; kuerz drop koum d'Nouvelle, et wär ee vun den eegenen Autoen. Den Zeien hätt doropshi geduecht, elo hätte se och nach de falschen Auto kritt; dono hätt och kee sech méi Froe gestallt.
En neie Moment hätt et du fir hie virun annerhallwem Joer ginn, bei der Generalversammlung vun der Police-Gewerkschaft, wou hie säi fréiere Chef erëmgesinn huet. Deen hätt him géintiwwer deklaréiert, iwwer Funk wär deemools gesot ginn, et wär de Jos Steil gewiescht; hien hätt geduecht, dat wär bekannt, a sech dowéinst net direkt gemellt.
Fir de Pierre Medinger wär och an de Forces de l'ordre vun Insiderwësse Rieds gaangen. Zur Observatioun op de Ben Geiben war et d'Ausso, e Kolleg hätt him kuerz dono gesot, deen Dag hätt een de Bommeleeër bal kritt; d'Leit wären awer ofgezu ginn, wuel vum Colonel Harpes.
D'Défense-Affekoten hunn doropshi Virwërf un d'Enquêteure geriicht am Zesummenhank mat deem Attentat; fir de Me Vogel an d'Me Lorang dierft déi Kritik erlaabt sinn, a si wëllen de Charel Bourg, de Marc Zovilé an den Aloyse Harpes dozou héieren.
Als nächsten Zeie gouf de Lucien Scholtes gehéiert, deen deemools Chef d’équipe beim EG-Sommet war. Wéi et geknuppt huet, wär hien tëscht dem Héichhaus an dem Klenge Kueb ënnerwee gewiescht an no der Explosioun op de Parking nieft dem Héichhaus gaangen; kuerz drop wär iwwert de Funk komm, en Auto wär gestoppt ginn, um Enn vun der Autobunn, mam Zousaz: „Et waren der vun eis!“ Op eng Kéier wär gezielt ginn: „Do war de Steils Jos dran!“ Du wär et dat gewiescht. Dee Moment wär just iwwert de Jos Steil am Auto geschwat ginn; hie selwer hätt näischt gesinn, an deemools hätt kee sech eng Fro gestallt an et wär och näischt nogefrot ginn. Donieft wär keng Relatioun mam Auto gemaach ginn, aus deem d’Bomm gehäit gi wär.

Am Zesummenhank mat der ominéiser Foto nom Attentat an de Kasematten huet de Jos Wilmes betount, hien hätt eng Zäit Päif gefëmmt a wéisst net, ob de Marcel Weydert dat och gemaach huet. Selwer huet den Ugeklote souguer eng Päif als Beweis matbruecht.
Dem Marc Scheer no, ass allzäit deen, deen op der Foto bei him steet, de Jos Wilmes!
De fréiere BMG-Member Marcel Weydert, dee scho fir d'3. dozou gehéiert gouf, huet dunn ënnerstrach, well de Marc Scheer dovun ausgaange wär, hätt hie gemengt, hie wär op der Foto.