D'Riichterin huet den Zeien opgefuerdert, keng Geschichten z'erzielen, a kloer gemaach, net zefridde mat sengen Äntwerten ze sinn - genee wéi de Procureur!

E Méindeg ass d'Riichterin Sylvie Conter, um Ufank vum 120. Sëtzungsdag, op en Neits op déi ominéis Foto bei de Kasematten agaangen ...... op där sech nieft dem Marc Scheer jo souwuel de Marcel Weydert wéi och de Jos Wilmes wëllen erkannt hunn. Den Zeien hätt zweemol kloer um Geriicht gesot, dass hien do drop wär, huet d'Presidentin vum Geriicht betount.

AUDIO: Bommeleeër: Resumé vum 27. Januar vum Nico Graf.

Dem fréiere BMG-Member no wär dat geschitt, well de Marc Scheer eng 180-Grad-Kéier gemaach hätt.

"Ma den Här Scheer huet Iech just eng Fro gestallt!", sou d'Riichterin Sylvie Conter.

"Ech hunn dat net genuch a Fro gestallt. Et huet och mat der Formulatioun ze dinn", sou de Marcel Weydert.

"Mä wann Dir et net sidd!", huet d'Presidentin vum Geriicht ze bedenke ginn.

Fir de Marcel Weydert wär de Marc Scheer awer och dovun ausgaangen, dass hien op der Foto wär.

D'Sylvie Conter huet ënnerstrach, dass den Zeien um Geriicht eng ganz Geschicht erzielt hätt, an de Marc Scheer gefrot, ob séier drop geäntwert gi wär.

De Marc Scheer konnt dat net soen.

Fir de Marcel Weydert wär dat e puer Deeg dono geschitt!

Dee Moment wär d'Foto nach net an der Zeitung gewiescht, sou d'Riichterin. Si huet him dunn d'Fro gestallt, ob hie fäerte géif, dass een hie bei de Kasematte gesinn hätt.

Den Zeie wëll dat deemools an de Kontext gesat hunn, dass hien an de Jos Wilmes an den 80er-Jore matenee verwiesselt gi wären.

Riichterin: Keng Geschichten!

De Procureur Georges Oswald huet gemengt, déi richteg Versioun wär vläicht déi, dass den Zeie sech kéint drun erënneren, dass hie virum Attentat do war.

D'Riichterin Sylvie Conter huet hirersäits deklaréiert, hie kéint hei net Geschichten erziele kommen.

"Ech hunn dat da falsch verstanen a mer weider näischt dobäi geduecht", huet de Marcel Weydert erkläert. Wouropshin d'Riichterin Conter gemengt huet: "Wann ee sech näischt virzewerfen huet, kann dat engem sou laang wéi breet sinn!"

Dem Me Vogel no wär den Zeien dem Enquêteur Carlo Klein och aus de Féiss gaangen.

Fir de Procureur wär dat geschitt, well den Zeien deem Carlo Klein bei 3 Verhéiere gesot hätt, hie wär net um Tatort gewiescht. "Hei sot Der dogéint, dass dat awer de Fall war!"

De Marcel Weydert wëll net mam Carlo Klein geschwat hunn, well hien do virdru schonn X-mol dorop ugeschwat gi wär.

D'Presidentin vum Geriicht wollt du wëssen, ob den Zeien net gefrot hätt, firwat de Marc Scheer hien dat gefrot hätt.

De Marcel Weydert sot, net méi kënnen ze soen, wéi den Oflaf vum Gespréich war. Hie wär einfach dovun ausgaangen ...

"Mierkt Dir net, wéi dat sech hei unhéiert? Dee Bréif hei ass méi wéi komesch, sou wéi e formuléiert ass", war d'Äntwert vun der Riichterin.

"Wann Der näischt ze fäerten hat ...", huet de Procureur nach emol ervirgestrach.

Fir de Marcel Weydert war d'Brigade mobile deemools awer nach ëmmer an der Diskussioun.

"Dir schreift, Är Kollege vun der PJ [Police judiciaire - Kriminalpolizei] géife wéinst engem Mail vum Marc Scheer un Iech bal platze vu Freed. Sot net, Dir hätt Iech näischt dobäi geduecht!", sou d'Sylvie Conter.

"Dat ass d'Impressioun, déi ech hat, méi ass dat net!", sot de Marcel Weydert.

RTL

D'Presidentin vum Geriicht.

D'Riichterin huet du gefrot, ob den Zeie gemengt hätt, seng Maile géife gekuckt ginn.

... sech näischt dobäi geduecht

Dem Procureur Georges Oswald no hätt den Zeien am Schreiwes un de Marc Scheer och betount, hien hätt sech ouni d’Foto net kënnen drun erënneren, dass hien um Tatort war, "wuelgemierkt NO der Explosioun".

"Dat war sarkastesch gemengt! Ech hat d'Impressioun, de Marc Scheer hätt d’Initiativ geholl, mat deene Saachen an d’Press ze goen.", sou de Marcel Weydert.

"Dat heescht, et sollt nëmme keen op de Gedanke kommen, Dir wäert virdrun do gewiescht!", huet de Georges Oswald gemengt, ier d'Sylvie Conter ënnerstrach huet, et kéint ee genee op dee Gedanke kommen!

De Marcel Weydert sot, gemierkt ze hunn, dass dat anescht kéint interpretéiert ginn; dat wär net séng Intentioun gewiescht.

"Dir wäert frou, wa mer dee Bréif net hätten! Dir schreift dat net, ouni Iech dobäi eppes geduecht ze hunn!", sou d'Sylvie Conter.

Dem Zeien no géif hie gär méi soen, mä hien hätt sech näischt dobäi geduecht.

Procureur: "Maacht Iech et net sou schwéier!"

Wat d'Reaktioun vum Procureur ervirgeruff huet: "Maacht Iech et net sou schwéier!"

"Hutt Der domat och anerer vun der Brigade mobile gemengt?", wollt d'Riichterin Sylvie Conter wëssen.

De Marcel Weydert wollt sech näischt dobäi geduecht hunn.

"Dat gleeft Der jo selwer net, wat Der do zielt!", sou de Procureur Georges Oswald.

"Ech hoffen, dass en dat net gleeft! Et schéngt fir jiddereen evident ze sinn, just fir den Zeien net!", sot d'Presidentin vum Geriicht doropshin.

De Procureur huet du gemengt, den Zeie sollt sech et méi einfach maachen; dat wär jo eng Qual fir jiddereen!

Der Riichterin no hätt den Zeien x-mol drop gehalen, bei de Kasematte gewiescht ze sinn. "Dir kënnt elo net einfach soen: Dann hunn ech mech geiert, da war et net sou! Dir hutt eng Geschicht ronderëm brodéiert an dee Moment bewosst gelunn!"

Doropshin huet de Georges Oswald ze bedenke ginn: "Dir wësst jo sécher, wou Der Iech prozedural hibeweegt!"

Hie kéint awer näischt anescht soen, war d'Äntwert vum Marcel Weydert.

D'Sylvie Conter huet du gefrot, ob den Zeie wéisst, dass den Armand Schockweiler eng Kéier Piècë vun Attentater siche komm wär.

De Marcel Weydert huet gemengt, sech net u sou eppes erënneren ze kënnen.

Komescht Behuelen? Dach!

"Ass dat net e komescht Behuelen?", frot d'Sylvie Conter.

"Dach!", war d'Äntwert vum Zeien.

Dono ass d'Sylvie Conter op d'Schreiwes vum Marcel Weydert un de Marc Scheer zréckkomm, an deem den Zeien ë.a. dovu geschwat hat, bestëmmte Personnagen aus där Zäit misste Faarf bekennen. Deen Deel wollt de Procureur Georges Oswald Wuert fir Wuert duerchhuelen, well e sou wichteg wär.

De Marcel Weydert huet virun deem Hannergrond vu Sarkasmus, Humor a senger Ausdrocksweis geschwat.

RTL

D'Sylvie Conter wollt wëssen, ween aus der Politik an den Institutioune Faarf ze bekennen hätt. "Am léifste mat Numm a Virnumm!"

Doropshin huet de Georges Oswald gemengt, den Zeie géif de Seriö vun der Situatioun nach net verstoen!

Och fir de Me Vogel ass deen Abschnitt kee Witz!

"Ech sinn ebe sou!", huet de Marcel Weydert geäntwert.

Fir d'Presidentin vum Geriicht kéim den Zeien domat net duerch! Hätt dann een d'BMG instrumentaliséiert a se dono hänke gelooss? Wa jo, wee wär domat geduecht? "A wa mer bis Mokuchsdag hei sëtzen, dorop äntwert Dir eis!"

Dem Marcel Weydert no war dat eng Impressioun!

Dogéint ass et fir de Georges Oswald keng Impressioun gewiescht; wann den Zeien eppes soe wéilt, sollt et säi Schued net sinn!

Zäit bis muer!

D'Sylvie Conter huet doropshi gemengt, den Zeien hätt Zäit bis muer, fir nach eng Kéier doriwwer nozedenken, an hien hätt sech net näischt dobäi geduecht!

RTL

Fir de Marcel Weydert wär dat seng Aart a Weis, fir sech auszedrécken!

"Ech mengen net, dass dat eis duergeet!", sot d'Riichterin.

De Me Vogel huet um Enn eng Plainte wéinst Entrave à la justice an d'Diskussioun bruecht an de Procureur Georges Oswald den Zeien u säin Eed erënnert!

Bommeleeër-Prozess, 120. Dag
Elle Stonne fir Marcel Weydert am Zeiestand