Am Bommeleeër-Prozess geet et weider wie um Méindeg: den Zeie Marcel Weydert kritt kriddeleg Froe gestallt.

Froen, déi mat der Foto ze dinn hunn, wou hien fir d'éischt wollt drop sinn an du net méi, Froen iwwer d' Kasematten-Attentat; Froen iwwer säi komesche Bréif un de Marc Scheer.Iwwer den Zeie Weydert --- Réckbléck an Ausbléck vum nico graf

Um Ufank vu senger Auditioun war de Marcel Weydert en Zeien wéi en aneren, deen einfach nëmmen d'Wouerecht sollt soen a nëmmen d'Wouerecht an déi ganz Wouerecht – och wann hie beim Staat schafft, wéi d' Riichterin ëmmer seet. An du huet de Marcel Weydert eppes gesot wat kee wosst: hie wier um Tatort Kasematte gewiescht, dat giff jo déi Foto aus dem WORT weisen. An dunn huet jiddwereen, deen den Dossier kennt, sech gewonnert, well bis ewell sollten aus der Brigade mobile déi Ugekloten Marc Scheer a Jos Wilmes op deem Tatort gewiescht sinn.

Am Prozess hunn awer op eemol zwee Mann, Wilmes a Weydert, behaapt, si wieren no der Explosioun bei de Kasematte gewiescht. D'Riichterin huet dem Marcel Weydert dës Fro gestallt: Fäert Dier datt een Äerch do gesinn huet an elo soe kënnt, Dier wiert och do gewierscht?

D'Riichterin hätt och kënne froen, Fäert Dir, datt vun Äerch Spuren an de Kasematte fonnt gi sinn an Dier hutt duerfir keng Explicatioun?

Dat wier nämlech dat feint un der Foto gewiescht: se weist zwee Memberen aus der Brigade mobile déi tatortberchtegt waren, d.h. se haten um Tatort Kasematten offiziell eppes ze dinn a wann ee si gesinn huet oder wann si do Spuren gelooss hunn, da wier dat nëmme normal.

Mee de Marc Scheer hat de Marcel Weydert an engem Mail gefrot, ob hien confirméiere kéint bei de Kasematte gewierscht ze sinn. Eng komesch Fro am Fong, well de Marc Scheer misst jo wësse mat wiem hien do war. An d' Äntwert vum Marcel Weydert ass nach méi opfälleg: hien äntwert net telefonesch oder elektronesch, mä schreift e Bréif, deen hien perséinlech doheem beim Ugeklote Scheer laanscht bréngt. An dee Bréif ass voller Sous-Entendue a komesche Remarquen. Keen Zweiwel: wann de Marcel Weydert all déi Saachen, déi am Bréif stinn, iwwer Telefon gesot hätt an de Coup-Telefon wier enregistréiert ginn, da misst de Marcel Weydert sech all déi Froe gefale loossen, déi hien elo souwisou gestallt kritt. Mee vläit misst hien sech déi Froe an enger anerer Qualitéit gefale loossen, nämlech als Verdächtegen, als eventuell demnächst Inculpéierten.

Op deem Punkt si mer elo schonn: d Riichterin sot, de Marcel Weydert giff sech wéi e Kriminelle behuelen an de Procureur huet de Marcel Weydert gefrot, wou de Camping-Car vun de belschen Zeie gestan hätt. Dat ass eng Fro, déi ee nëmmen engem Verdächtege stellt, kengem Zeien, well déi Belsch sinn VIRUN der Explosioun fortgefuer. Wien also weess, wou d' Belsch stoungen, dee war VIRUM Attentat op der Plaatz.

An anere Wierder: de Marcel Weydert kritt als Zeien Froe gestallt, déi een engem als Täter verdächtegte stellt.

An domat stelle sech prozedural Froen: misst net eng Enquête géingt de Marcel Weydert opgemaach ginn? Wien hëlt do d'Initiative, de Procureur, d' Riichterin oder de juge d'instruction Ernest Nilles? A wat huet esou eng Enquête - mat enger eventueller Inculpatioun - fir Konsequenzen fir de Prozess?

Froen, déi geschwënn eng Äntwert brauchen.