Zeien: Schockweiler huet Beweisstécker matgeholl

De Procureur Georges Oswald / © RTL Télé Lëtzebuerg
De Procureur Georges Oswald huet um Mëttwoch de Mëtten, um Ufank vum 122. Dag am Bommeleeër-Prozess, erkläert, dass hien e Courrier vum André Glodt krut.
De Procureur Georges Oswald huet um Mëttwoch de Mëtten, um Ufank vum 122. Dag am Bommeleeër-Prozess, erkläert, dass hien e Courrier vum André Glodt krut. Deen hätt dora seng Ausso viru Geriicht confirméiert, dass him keen aneren an de Kapp kéim wéi den Armand Schockweiler, deen eng Kéier Beweisstécker vun der Bommeleeër-Affär matgeholl hätt.
Nico Biver: Eigentlech keen Thema
Als éischten Zeie vum Nomëtte gouf den Nico Biver gehéiert, dee Polizist war zur Zäit vun den Attentater. Hie wär fir d'Iwwerwaachung vu Pylônen erugezu ginn an op kengem Tatort gewiescht. 1981 koum hien an d’Armurerie. Säi Chef war den Henri Flammang, deen den Zeien als Waffegeck bezeechent huet. Deen Henri Flammang hat sech 1995 d’Liewe geholl.
Den Zeien hätt mat sengem Chef just iwwert d'Sprengfal Aasselscheierhaff geschwat. Déi wär deem Henri Flammang no géint den Demineur geriicht gewiescht, mä dee Booby trap hätt jidderee kënne fabrizéieren.
D'Affär Bommeleeër wär soss tëscht deenen zwee ni en Thema gewiescht.
Den Zeie weess och näischt dovun, dass den Henri Flammang op engem Tatort gewiescht wär, a säi Chef wär och net mat den Attentater a Verbindung bruecht ginn. D'Affär Bommeleeër wär déi Zäit och keen Thema gewiescht, an deemno wären och keng Nimm genannt ginn, sou den Nico Biver.
André Steffen: "Net genuch Vertrauen an dech"
Dono war et um André Steffen, engem fréiere BMG-Member, fir auszesoen. De Ben Geiben wär e gudde Chef an ënnert him d'Ambiance ganz gutt gewiescht; ënnert dem Pierre Reuland hätt dat geännert, well deen en anere Charakter hat. D'Frëndschaft bannent der Brigade mobile wär no an no net méi sou gutt gewiescht, an et hätte sech verschidde Gruppe forméiert.
Wat him an Erënnerung blouf, ass, dass de Marc Scheer an de Jos Wilmes eng Kéier moies op de Büro koumen an de Marc Scheer dovu geschwat hätt, dass ee sech nuets ëmkucke war. Wéi hie gefrot hätt, wou si waren, hätt hien d'Äntwert kritt: "Wou mir waren, kënne mer dech net mathuelen, well mir hunn net genuch Vertrauen an dech!"
Defense rosen ...
Déi Ausso huet d'Roserei vun den Defense-Affekoten no sech gezunn, well se dem Me Vogel no néierens stéing! Den Zeie sot dorop, hi wär eben ni gehéiert ginn!
Wéi d'Me Lorang frot, ob den Zeien e Casier hätt, huet d'Riichterin Sylvie Conter gemengt, dat hätt näischt domat ze dinn! Den Zeie wär wuel eng Kéier condamnéiert ginn, mä dowéinst géif et kee Verbuet gi fir hien, fir auszesoen.
André Steffen: 5 bis 6 Leit Kär vun der BMG
Dem André Steffen ware soss nach Training a Karriären an Nuetsmärsch an Erënnerung. Zu engem Kär an der BMG hätte 5-6 Leit gehéiert: de Marc Scheer, de Jos Wilmes, de Michel Schickes, de Jos Steil, de François Hentzen an de Jean-Claude Berscheid.
Den Zeie sot och, eng Zäit gemengt ze hunn, dass d’Bommeleeër aus der BMG koumen; si hätt kee Material gehat, ma op eemol wär es do gewiescht, an et wären och Leit bäikomm.
Nodeems d'Presidentin vum Geriicht drun erënnert huet, dass de Mann um 1. Dag vum Prozess sot, zwee Leit géifen op der Uklobänk feelen, an zwar de Jos Steil an de Ben Geiben, huet den André Steffen betount, hien hätt awer näischt Konkretes dozou héieren. Par conter hätt hie matkritt, wéi en Enquêteur no enger Perquisitioun beim Henri Flammang doheem sot: „Elo hu mer e Bommeleeër. Mir hunn en Abschiedsbréif, an doran huet en en Aveu gemaach!“
De Me Vogel huet doropshin d'Crédibilitéit vum Zeien a Fro gestallt.
De Policedirekter an e Bréif
De Chefenquêteur Carlo Klein sot dozou, de Fakt Perquisitioun wär richteg, bis op den Detail vum Bréif; hie kéint sech awer net u sou e Gespréich erënneren, mä dorun, dass den heitege Policedirekter Romain Nettgen do gewiescht wär.
Dem Me Vogel no hätt dee vläicht sou e Bréif verschwanne gedoen. Senger Meenung no géif den Zeien entweder léien, oder awer dee Bréif wär fort!
Zeien zitéiert SREL-Mann Gilbert Leurs
Den Zeien huet doriwwer eraus vu sengem Kontakt zum fréiere SREL-Mann Gilbert Leurs geschwat. Deen hätt him um Ufank vum Prozess gesot, dass hien eng Kéier d'Prime vum Bommeleeër wollt kréien; hien hätt mam Colonel Brück doriwwer geschwat, well hie wéisst, ween d'Bommeleeër wären. Doropshi wär hien op de Kommando vun der Arméi convoquéiert ginn, wou de Colonel Brück, den Ex-Deputéierte Willy Bourg an eventuell ee vum Haff deem gesot hätten, dass hien, wann hien eppes géif soen, géif zur Persona non grata erkläert ginn. Hien hätt och eppes missen ënnerschreiwen a gesot kritt, e sollt gutt oppassen; dono wär och op hie geschoss ginn, an donieft wär en Accident provozéiert ginn, an dat hie verwéckelt war. Dee Gilbert Leurs hätt him ë.a. gesot, dass e Prënz bei den Attentater dobäi gewiescht wär.
"Omerta"
D'BMG hätt och Kontakt gehat zum Haff, an doduerch wär d'Amnesie vun Offizéier vläicht z’erklären, sou den Zeien, fir deen näischt geschitt, wa jidderee bei der Omerta matmécht; wann een ëmfale géif, da géife s’alleguer falen, an de Marcel Weydert, de Guy Stebens an den Armand Schockweiler kéinten dofir a Fro kommen.
Eng Rumeur an hiren Dementi
Donieft hätt den Zeien eng Kéier eng Rumeur zum Attentat Hellinckx héieren, dass ee vun der BMG eng Relatioun zum Deputéierte senger Duechter gehat hätt; d'Bomm wär gehäit ginn, well dat an d’Bréch gaange wär.
Den Enquêteur Carlo Klein sot, dat iwwerpréift ze hunn, an dat wär net de Fall gewiescht; de Procureur Georges Oswald huet dat confirméiert.
Um Donneschdeg soll am Bommeleeër-Prozess ë.a. d’fréier Liewenspartnerin vum Jos Steil gehéiert ginn.