Parteien ouni Fraktiounsstäerkt rosen iwwer nei Modalitéiten

Et sinn d'Nowéien vun der SREL-Enquête-Commissioun vum leschte Joer respektiv vun de Recommandatiounen, déi et am Ofschluss-Rapport goufen.
D'Chamber fixéiert an hirem Reglement nei Modalitéite fir d'Zesummesetze vun der Geheimdéngscht-Kontroll-Commissioun a schléisst d'Sensibilités Politiques an d'Observateuren aus deene Reuniounen aus.
An den zoustännege Chamber-Commissiounen goung awer och iwwert den Deontologie-Code fir d'Deputéiert Rieds, deen absolut Transparenz soll schafen, mä och Sanktiounen festhält. Iergeren deet et awer absëns d'Parteien ouni Fraktiouns-Stäerkt, datt si an Zukunft net dierfen an der SREL-Kontroll-Commissioun siègéieren.
Eppes, wat der ADR no géif weisen, datt et net wäit hir wier mat der versprachener Transparenz vun der neier Regierung, déi domat nëmmen vu kuerzer Dauer gewiescht wier. De Gast Gibéryen schwätzt vun engem schlechte Stil. Dat wier ee schlecht Omen, fir d'Kontroll vun engem Geheimdéngscht. Nieft der ADR ass och Déi Lénk aus der SREL Kontroll-Kommissioun ausgeschloss; en groupe technique mam ADR wëll een net forméieren, sou datt d'Net-Zouloosse fir de Serge Urbany nëmmen eppes ass: Déi, di alles an de Sand gesat hunn, hale sech anscheinend awer eleng fäeg, fir esou eng wichteg Kontroll auszeüben.
An Zukunft soll et iwwerdeems och net méi esou sinn, datt automatesch d'Fraktiounspresidenten an der SREL-Kontroll-Commissioun sinn; de President dovunner stellt iwwerdeem d'CSV als eenzeg Oppositiounspartei, déi an där Kommissioun vertrueden ass.
Kontroll an Transparenz soll iwwerdeem spillen, wat d'Fonctioun vum Deputéierten ugeet; genee wéi d'Regierung gi sech d'Deputéiert en Deontologie-Code. D'Grozonen ewech kréien, sech eng Régle de Conduite ginn an d'Recommandatiounen vum GRECO ëmsetzen: All dat huet awer nach ze geschéien, éier den Deontologie-Text fir d'Volleksvertrieder da steet. Ugangs Mäerz soll en identeschen Text fir d'Ministeren an de Regierungsrot kommen, un deem de Minister Braz den Ament schafft.