E Prozess ass ëmmer eng Slalomfahrt, sou de Jean Bour

Wéi geet et weider am Bommeleeër-Prozess? Mir hu mam fréiere Procureur vun Dikrech, dem Jean Bour, geschwat, wéi hien de Prozess gesäit.
Et giff vill Prozesser ginn, wou een net kéint soen, lo gëtt dat einfach ofgeseent, wat an der Untersuchung gemaach gouf. E Prozess wär ëmmer fir all méiglech Wendunge gutt, well e giff an der Sëtzung liewen.
Hätt ee kënne mat sou eppes rechnen? Duerno wär et op alle Fall ëmmer méi einfach, äntwert de Jean Bour, da wär een ëmmer méi gescheit. Sécher wär, datt jidderee Recht op e procès équitable an engem délai raisonnable. Wann ee gewaart hätt bis eng gebroden Dauf an de Mond géing fléien, hätt ee laang kéinte waarden. Soss wier duerno gesot ginn, den Délai raisonnable wier net agehale ginn.
Wann d'Affaire net an d'Sitzung komm wär, da wären och déi Saachen, déi elo ze verschaffe sinn, vläit ni ervir komm. Eng Prozess wier heiansdo eng Slalomfahrt.
Wéi et weider geet, kéint een elo net soen, sou de Jean Bour. D'Fro wär och déi, wéi laang een dat parallel lafe léisst. Et wier jo net gewosst, ob den Untersuchungsriichter déi Leit inculpéiert oder net a wat bei der Enquête erauskënnt. Et kéint ee jo net zu de Leit soen: "Ah, da kommt mol heihinner a setzt iech mat op d'Bänk."
Wann en zweete Prozess kënnt, kéint deen eréischt a 5 Joer ufänken. Wéini gëtt d'Land da gewuer, wien d'Bommeleeër waren? Et géif kee Mënsch ginn, deen dat kéint soen, sou de Jean Bour.