Déi fréier Liewenspartnerin vum Jos Steil sot als Zeien och aus, de Jos Steil hätt gesot, hie wéisst, wien Bommeleeër wieren an et géif ee se ni kréien.

Am Bommeleeër-Prozess gouf en Donneschdeg de Mëtten, um Ufank vum 123. Sëtzungsdag, fir d'éischt d'Alice Fuchs gehéiert, déi fréier Liewenspartnerin vum Jos Steil; si war tëscht 1976 an 1988 mat him zesummen, ass haut eng Madame vun 80 Joer.

"Ni kréien"

De Jos Steil hätt ni eppes vun den Attentater erzielt; d'Auteure wäre senger Meenung no awer ganz gescheit gewiescht, an hien hätt och gesot, et géif ee si ni kréien. Der Zeien no hätt sech de Jos Steil net méi opfälleg beholl op Owenter, wou et geknuppt huet; hien hätt awer och enger Rëtsch Leit gesot, hie wéisst, ween d’Bommeleeër wären, wat si awer net fir boer Mënz geholl hätt.

Bommeleeër: Jos Steil schonn 2008 e Sujet op RTL
Hei e Reportage, deen de Marc Thoma de 25. Februar 2008 gemaach hat iwwert een, deen ëmmer nees mat den Attentater a Verbindung bruecht gëtt.

Si wéisst näischt dovun, dass de Ben Geiben am Kader vun der mëssgléckter Observatioun op hien, heiheem, beim Jos Steil gewiescht wär. De Ben Geiben wär dacks beim Jos Steil gewiescht; dobäi wär awer ni vill iwwert d'Aarbecht geschwat ginn, an de Ben Geiben wär hir ni sympathesch gewiescht. De Jos Steil war enttäuscht doriwwer, dass de Ben Geiben aus der Gendarmerie demissionéiert hat; hien hätt sech dee Schrëtt och net erkläre kënnen. Si wéisst net, ob de Jos Steil no der Demissioun vum Ben Geiben nach Kontakt zu him hat. Si selwer wär no der Trennung vuneneen dovun ausgaangen, dass de Jos Steil eppes mat den Attentater ze dinn hat; haut kéint si sech dat awer net méi virstellen!

AUDIO: Me Vogel: "Déi beschten Zeie bis ewell"

"Monarchie wackelt"

De Jos Steil hätt sech net mam Pierre Reuland verstanen an doriwwer eraus net vill Kontakt zu anere BMG-Membere gehat. Viru kuerzem huet d'Alice Fuchs e fréiere Gendaarm gesinn, zu deem de Jos Steil ëmmer gesot hätt, hie wéisst eppes, wat deen net wéisst.

De Jos Steil wär och e Frënd gewiescht vum Charel Bourg, a si wäre souguer zesummen an d’Vakanz gefuer. Vun enger Lëscht vum Jos Steil mat Nimm vu Bommeleeër weess si näischt; si wëll awer de Saz gehéiert hunn, dass d’Monarchie wackele géif, wann erauskéim, ween d’Auteure wären.

"Vill gedronk"

D'Zeie sot sech nach iwwerrascht doriwwer, dass de Jos Steil och dem Charel Bourg gesot hätt, dass hie wéisst, ween d’Bommeleeër wären, a v.a., dass deen net nogefrot hätt, ween et wär. Si hätt ni vum Marc Scheer a vum Jos Wilmes am Zesummenhank mat den Attentater héieren, an de Jos Steil hätt vill gedronk.

Bommeleeër-Prozess, 123. Dag
"Monarchie wackelt, wann Auteure bekannt"

Déi aner Woch sinn als Zeie geruff:

Lundi, le 3 février 2014 –  témoins : Pierre Kohnen, Fernand Ruppert, Romain Nettgen

Mardi, le 4 février 2014 – témoins : Marc Zovilé, Patrice Solagna

Mercredi, le 5 février 2014 – témoins : Charles Bourg, Charles Hamen

Jeudi, le 6 février 2014 – témoins : à déterminer