Ganz schaarf Kritik vum Zeie Pierre Kohnen

An e ganz schlecht Liicht huet den Enquêteur Pierre Kohnen am Bommeleeër-Prozess d'Justiz an d'Gendarmerie aus den 80er Joer gestallt. Ugefaang bei engem Juge d'Instruction, dee sech net ëm d'Affaire gekëmmert hätt, bis bei e Procureur, deen Alkoholiker gewiescht wier a beim Patt Detailer aus der Enquête erzielt hätt. Och an der Gendarmerie hätt et Inkompetenz an Dommheet ginn. Méi schlëmm awer: D'Attentat op d'Geriicht war wahrscheinlech och en Attentat no Dréibuch. De Pierre Kohnen sot, dat Attentat hätt e Grupp vun Enquêteuren zesumme mam BKA virausgesinn, et wier eng Observatioun vum Musée aus organiséiert ginn an déi wier a leschter Sekonn ofgeblose ginn.
An e ganz schlecht Liicht huet den Enquêteur Pierre Kohnen e Méindeg d'Justiz an d'Gendarmerie aus den 80er-Joer gestallt.
Um Ufank vun der 124. Sëtzung am Bommeleeër-Prozess huet de Me Vogel um Méindeg de Mëtten eng Konklusioun virgeluecht op Grond vun den Aussoe vun der fréierer Liewenspartnerin vum Jos Steil. Donieft huet de Procureur Georges Oswald erkläert, dass den Zeien André Steffen seng Aussoe vun der leschter Woch schrëftlech confirméiert huet an dass hien donieft Informatioune krut vun de Frënn vun de Kasematten.
Kohnen: Kritik u Gendarmerie a Justiz
Dono huet de Pierre Kohnen ausgesot, deen zur Zäit vun den Attentater bei der Sûreté war. Hien hätt nëmme punktuell mat der Affär Bommeleeër ze di gehat a wär z.B. an déi presuméiert Geldiwwergab op der Theaterplaz implizéiert gewiescht. Den Zeien huet betount, dass sech a senger Karriär zweemol Offizéier an d'Enquête agemëscht hätten: déi eng Kéier an der Bommeleeër- an déi aner Kéier an der Joerhonnertaffär, mam Resultat, dass et béid Kéieren an d’Box gaange wär.
An der Joerhonnertaffär wär Mechancetéit de Grond dofir gewiescht, an der Bommeleeër-Affär iwwerdeems Inkompetenz a vläicht nach aner Saachen. Dem Pierre Kohnen no hätt de Colonel Wagner keng Uerdere ginn an de Colonel Harpes alles eleng gemaach; et wären awer och Gaffë geschitt op Säite vun der Justiz!
Kohnen: Kritik u Goerens an Hary
Den Zeien huet erkläert, och e Memoire geschriwwen ze hunn iwwer eng intern Reorganisatioun an der Sûreté. Et hätte sech just 2 bis 3 Offizéier an d'Enquête agemëscht; an deem Kontext gouf et schaarf Kritik v.a. um Colonel Harpes an um Armand Schockweiler.
Doriwwer eraus hätt et awer och en total inkompetenten a lidderegen Untersuchungsriichter Jean-Mathias Goerens ginn, deem nom 4. Attentat nach ëmmer versicht hätt, d'Leit dovun z’iwwerzeegen, dass et keng Serie wär, an de Procureur adjoint Jean-Marie Hary, deen en Alkoholiker gewiescht wär. Dem Pierre Kohnen no wär och lues a lues e Verdacht opkomm iwwer Insider-Informatioune vun de Bommeleeër; an deem Zesummenhank hätte Fuitten nëmmen aus der Sûreté oder vum Parquet kënne kommen.
Me Vogel: Colonel Harpes gehéiert op d'Uklobänk
Fir de Pierre Kohnen bestéing keen Zweiwel dorun, dass de Colonel Harpes kee vun de Bommeleeër war; dass hien awer alles dofir gemaach hätt, fir d'Auteure vun den Attentater ze kréien, wär och net de Fall gewiescht.
Den Zeien huet dunn dovu geschwat, dass de Geriichtspalais konspirativ vu Leit vum SREL, deen déi Zäit fir Observatiounen erugezu gi wär, a vum Bundeskriminalamt sollt iwwerwaacht ginn. Dee Grupp hätt genee deklaréiert, wou et kéint knuppen; du wär awer en Uerder vum Colonel Harpes komm, fir dat net z’iwwerwaachen. De Pierre Kohnen wär nom Attentat dovun iwwerzeegt gewiescht, dass d’Bommeleeër deen Owend ebe gepëtzt gi wären.
Doropshin huet de Me Vogel gemengt, dass de Colonel Harpes e Mann wär, dee misst op d’Uklobänk kommen!
Harpes ... "bis elo nach Zeien"
Fir de Pierre Kohnen wären d'Leit deemools alleguer opbruecht gewiescht iwwert dës Affär, an et wär e grousst Gespréich gewiescht an der Sûreté.
Wouropshin d'Riichterin Sylvie Conter festgehalen huet, dass deemno nach emol den Zeenario vun engem Attentat prezis am Viraus beschriwwe gi wär, grad wéi bei deem um Kierchbierg, an dass de Colonel Harpes bis elo nach Zeien ass!
Den Zeien ass dunn op den 3. Offizéier agaangen, dee sech a sengen Aen an d'Enquête agemëscht hätt, de Charel Bourg; deem huet den Zeien Dommheet an Inkompetenz ënnerstallt, well hien eng Klappjuegd am Bësch organiséiert hätt, an dat direkt nom Attentat zu Heeschdref.
De Pierre Kohnen huet nach betount, Mësstraue vis-à-vis vun den neien Enquêteuren a v.a. vis-à-vis vum Carlo Klein gehat ze hunn, well deen Aussoe verdréint hätt; sou stéing z.B. an enger Aktennotiz iwwert déi presuméiert Geldiwwergab op der Theaterplaz genee de Contraire vun deem, wat hien ausgesot hätt. Hien hätt net ausgesot, dass dat ee vum SREL gewiescht wär.
Der Riichterin Sylvie Conter no hätt allerdings ee vum SREL sech gemellt, deen erkläert huet, dass hien dem Mann vun der Sûreté zoufälleg nogefuer wär, um Wee fir heem.
D'Zeie vun dëser Woch
E Méindeg hätt och sollen den aktuelle Generaldirekter Romain Nettgen aussoen.
En Dënschdeg dann ass et um Tour vum Patrice Solagna an dem Marc Zovilé fir am Zeiestand auszesoen. D'Froen dierften ëm d'Attentat um Bord vum EG-Sommet 1985 dréinen.
E Mëttwoch da sinn et d'Aussoe vun der deemoleger Nummer Zwee vun der Gendarmerie Charel Bourg an dem Charel Hamen.
Ma wéinst der laanger Auditioun vum Pierre Kohnen dierft deen Timing net méi ze hale sinn ...