Attentat op EG-Sommet am Fokus: "Wie souz am Auto?"

Am Bommeleeër-Prozess sinn um Dënschdeg um 125. Sëtzungsdag, nees Zeie gehéiert ginn, déi sech un net méi vill oder glat guer näischt kënnen erënneren. D’Offizéier Marc Zovilé (Foto) a Patrice Solagna sollten hir Erënnerungen zum Beschte ginn, wat d’Attentat um Bord vum EG-Sommet um Kierchbierg am Dezember 1985 ugeet; just, et koum net vill bis eben näischt! / © RTL (Archiv)
D'Geriicht wollt sech net esou einfach mat den Erklärunge vum Zeie Marc Zovilé zefridde ginn. 't kéint net sinn, datt hien net nogefrot hätt.
De Marc Zovilé, deen zur Zäit vun den Attentater Stater Bezierkskommandant war, ass um Dënschdeg de Mëtten um Ufank vum 125. Sëtzungsdag am Bommeleeër-Prozess gehéiert ginn.
Den Zeie sot, responsabel gewiescht ze si fir d’Protection des lieux den Dag vum Attentat op den EG-Sommet um Kierchbierg; hien huet gemengt, um Kommandoposte gewiescht ze sinn, wéi et geknuppt huet, ë.a. zesumme mam Charel Bourg. De Jos Steil sengersäits hätt wuel drop gekuckt, wou déi eenzel Delegatioune grad dru waren; hien, Marc Zovilé, wéisst net, ob de Jos Steil de Moment vun der Explosioun dobanne war, an hie wär nom Knuppert erausgaangen. Hien hätt keen Auto gesinn an huet och d'Ausso vum Zeien Theo Arensdorff widderluecht, dass hie gesot hätt, et sollt een dem wäissen Auto nofueren; hie kéint sech op alle Fall net dorun erënneren. Hien hätt matkritt, dass gesot gouf, et wär en Auto gestoppt ginn; kuerz drop hätt hien héieren, et wär negativ. Donieft weess den Zeien och näischt vun engem Asaz vun der Brigade volante.
Just en passant matkritt ...
D'Riichterin Sylvie Conter wollt du wëssen, ob de Marc Zovilé net nogefrot hätt, wee mat negativ gemengt war. Et wär net ze vill verlaangt gewiescht, dat nozefroen.
Dem Marc Zovilé no hätt hien dat just en passant matkritt!
Fir d'Sylvie Conter konnt ee jo dono nofroen!
Den Zeie sot, et wär permanent eppes lass gewiescht; hien hätt ë.a. nom Iessen ze kucke gehat!
Wouropshin de Me Vogel gefrot huet, ob hien net Chef vun der Sécherheet war.
Fir de Marc Zovilé wär de Sommet trotz där Explosioun weider gaangen.
D'Presidentin vum Geriicht sot dunn, et wären der net vill am Sall, déi gleewe géifen, dass den Zeien net nogefrot huet!
Hien hätt op alle Fall vu kengem eppes gesot kritt, ween am Auto souz.
"Ma Dir waart de Chef! Wee solle mer da froen?", huet d'Sylvie Conter nogekaakt. D'Geriicht wéilt nëmme wëssen, ween am Auto souz a ween dee kontrolléiert hätt!
D'Me Lorang huet gemengt, si géif dem Marc Zovilé net gleewen!
Wouropshin d'Sylvie Conter ze bedenke ginn huet, dass deen, deen dem Theo Arensdorff no den Uerder ginn huet, fir deem Auto nozefueren, dat dach och misst nofroen.
Wat méi uewen, wat méi diffus ...
Fir de Marc Zovilé hat d'Sécherheet vun den Delegatioune Prioritéit; hie kéint sech net virstellen, dass dat sou ofgelaf wär, dass hien net dobausse war an dass sou Messagen normalerweis iwwert de Kommandoposte gelaf wären.
Der Riichterin Sylvie Conter no hätt dat den Zeien nawell net vill interesséiert!
De Marc Zovilé huet keng Äntwert an deem Kontext an Erënnerung. Hien hätt net hannerfrot, nodeems gesot gouf, et wär negativ gewiescht, an 28 Joer dono géif alles op hie falen!
D'Me Lorang huet vun engem totalen Desintressi vum Zeie geschwat an dovun, dass d'Memoire méi diffus gëtt, wat et an der Hierarchie méi erop geet.
"Mä dass ee sech praktesch u guer näischt wëll erënneren...", huet d'Sylvie Conter betount. D'Bomm dono hätt awer kee méi sou richteg interesséiert!
Op Grond vun enger entspriechender Bemierkung vun der Me Lorang huet de Marc Zovilé geäntwert, hie wär um Geriicht net duerch d'Spure gelaf; donieft hätt den Zeien Albert Feiereisen och par force wëllen an d'Kasematten eralafen, an net hien. Et wär een zesummen eragaangen an net hien als Held fir d'éischt.
Solagna: Weess net méi, wat ech gemaach hunn ...
Dono huet de Patrice Solagna ausgesot, aktuellen Direkter vun der Police judiciaire. Hie sot, beim EG-Sommet um Kierchbierg Nuetsschicht um Kommandoposte gehat ze hunn a just do gewiescht ze sinn, wéi et geknuppt huet.
D'Riichterin Sylvie Conter huet sech doropshi gefrot, wat et soll, dass den Zeie mam Charel Hamen, deen um Mëttwoch am Zeiestand ass, heiriwwer geschwat huet. Wär dat gewiescht, fir sech ofzeschwätzen?
Dem Patrice Solagna no géif ee sech net ofschwätzen!
Dobäi hat d'Presidentin vum Geriicht gemengt, et wär méi däitlech eriwwer komm, dass een net sollt matenee schwätzen a sech och net sollt ofschwätzen!
Dem Zeien no ass dat net geschitt. Hie wär de Moment vum Knuppert bannena gewiescht an hätt eng Drockwell gespuert; hie wéisst awer net méi, wat hie gemaach hätt. Hie géif just de Charel Bourg an de Jos Steil nobäi stoe gesinn, an hien hätt op Instruktioune gewaart. Hien hätt kee Souvenir méi, wéisst net méi, wat geschwat a wat gemaach gi wär, an hätt och soss absolut keng Erënnerung méi.
Fir d'Riichterin Sylvie Conter kéint een eben dowéinst op d'Iddi kommen, dass sech ofgeschwat gouf.
Solagna: Näischt méi do ...
Dem Patrice Solagna no wär näischt méi do!
An den Ae vun der Presidentin vum Geriicht wär dat op alle Fall déi sécherst Manéier, fir sech net ze verschwätzen!
Um Mëttwoch ass et dann um Tour vun den aneren Offizéier Charel Bourg a Charel Hamen, fir zu deem prezisen Attentat auszesoen ... oder och net!