Um Mëttwoch hunn d'Zeie Charel Hamen a Charel Bourg ausgesot an deels aner Erënnerunge vun d'Attentat um EG-Sommet zum Beschte ginn ewéi anerer.

De Charel Hamen, dee Gendaarm war zur Zäit vun den Attentater, ass um Mëttwoch am Nomëtten am Bommeleeër-Prozess als éischten Zeie gehéiert ginn.

Hie sot, nom Depart vum Ben Geiben an d'Gendarmerie an do bei den Armand Schockweiler komm ze sinn, fir deem an der Bommeleeër-Affär ze hëllefen; hie wär awer net ageweit ginn, hätt ni Kontakt mat den Untersuchungsriichteren, dem Parquet an den Enquêteuren gehat an och ni enquêtéiert.

De Charel Hamen sot, op 3 Plaze vun Attentater gewiescht ze sinn, dorënner um Kierchbierg no deem um Bord vum EG-Sommet. Hie ka sech erënneren, dass d'Spuresécherung deemools katastrofal war; dofir hätt ee sech Gedanke gemaach, fir dat ze verbesseren, mä dat wär net gelongen.

De Ben Geiben an de Jos Steil wäre keen Thema als Auteure vun den Attentater gewiescht; hien hätt och um Kommando vun der Gendarmerie näischt matkritt, soudass wuel a méi engem klenge Krees doriwwer diskutéiert gi wär.

Dem Charel Hamen no wär de Charel Bourg him géintiwwer zeréckhalend gewiescht. Fir den Zeie wär deemools op anere Piste wéi där militaristescher geschafft ginn, awer senger Meenung no an d’Blannt eran; dofir hat den Zeien net d’Gefill, dass ganz präzis op Leit geschafft gouf. De Mann geet och dovun aus, d'Phantombiller gesinn ze hunn.

1998 hätt een him Beweisstécker vun der Bommeleeër-Affär gewisen, mä hien hätt net erzielt kritt, dass den Armand Schockweiler där eng Kéier siche komm wär.

Beim Attentat um Bord vum EG-Sommet war den Zeien um Kommandoposten, wéi hien et knuppen héieren huet. A sengen Ae wär de Charel Bourg phaseweis do gewiescht, de Jos Steil sécher och, mä et wär e Va-et-vient gewiescht; par conter hat de Charel Hamen keng Erënnerung un eng Präsenz, do, vum Marc Zovilé, an hie wëll och näischt matkritt hu vum ominéise wäissen Auto a vum Jos Steil doran.

Zeien Charel Bourg: Steil am Auto? Kann ech net soen!

Dono huet de Charel Bourg ausgesot, dee Coordinateur war fir den EG-Sommet. Hie selwer war deen Dag bannenan, a verschiddene Raim; wéi et geknuppt huet, hätt hien an engem Raum vum Konferenzzenter gesiess.

Fir d'Riichterin Sylvie Conter ass deemno d'Bild vum Patrice Solagna falsch, deen de Charel Bourg am Hall zesumme mam Jos Steil wëll gesinn hunn.

Dem Charel Bourg no wär dat méiglech, dono; nom Knuppert wär hien op de Kommandoposte geaangen an de Marc Zovilé eraus. Hie kéint sech awer net erënneren, wat dono alles do gesot gi wär; déi Saache missten am entspriechende Compte rendu stoen.

De Procureur Georges Oswald huet sech du gefrot, wou dee wär.

Dat wär wuel geschitt, nodeems de Marc Zovilé erëm komm wär, sou de Charel Bourg.

Fir dee wär awer net vill lass gewiescht, an hien hätt net vu sou engem Compte rendu geschwat, huet d'Presidentin vum Geriicht gemengt.

Dem Charel Bourg no wär dee wuel op de Kommando gaangen.

D'Riichterin Sylvie Conter wollt du wëssen, wou de Jos Steil dru war.

Den Zeien hëlt un, dass deen am Gebai war, awer net onbedingt um Kommandoposten.

D'Presidentin vum Geriicht huet drun erënnert, dass Zeie soten, de Jos Steil hätt am Auto gesiess, deen ugehale gi wär!

"Ech kann et net soen", huet de Charel Bourg geäntwert, fir dee sech deen, deen nogefuer wär, sech jo melle misst. Déi Ausso iwwert de Jos Steil géif him allerdings näischt soen.

Procureur: Gewosst, datt et géif knuppen?

D'Sylvie Conter huet sech gefrot, ob et dann dono keng Opreegung gouf, vu dass genee dat geschitt war, wat absolut z’évitéiere war!

"Et ass weider gaangen!", huet den Zeie betount.

De Procureur Georges Oswald huet festgestallt, dass dat heesche géif, dass de Charel Bourg net opgereegt war. Hien huet d'Fro gestallt, firwat dat den Zeien net méi interpelléiert hätt. Wär dat gewiescht, well hie gewosst hätt, dass et géif knuppen?

De Charel Bourg huet gemengt, dass hien näischt wosst. Et wär iwwer eng Evakuatioun geschwat ginn, mä et wär weider gelaf; schliesslech wär dauernd eppes gewiescht!

"D'Bomm war awer dat Wichtegst, wat op Sécherheetsniveau geschéie konnt!", huet d'Riichterin Sylvie Conter ënnerstrach.

RTL

Hien hätt gesot kritt, et wär eng Bomm explodéiert an et hätt kee Schued ginn, sou de Charel Bourg; hie wéisst och net, wou dee Compte rendu wär!

Wouropshin d'Sylvie Conter sech gefrot huet, ob do vläicht dra stoung, dass en Auto ugehale gouf.

Nodeems de Me Vogel ervirgestrach huet, dass sech den Zeien net fir d’Bomm interesséiert huet, sot d'Presidentin vum Geriicht, et hätt een et als Geriicht sou lues sat mat Leit, déi knapps wéissten, wéi se heesche géifen. Et wär just eng Kategorie, déi sech net interesséiert hätt, d’Offizéier, an zwar alleguer! "Da kréie mer hei vu Biller erzielt, wat och nach falsch ass!"

De Procureur Georges Oswald wollt du wëssen, ob de Jos Steil beim Zeie war.

Hien hätt keng Erënnerung, dass dee bei him war, sot de Charel Bourg.

"Souvill zum Bild vum Här Solagna!", war d'Äntwert vun der Presidentin vum Geriicht.

Doropshin huet de Procureur gefrot, ob den Zeien dofir gesuergt hätt, dass d'Enquêteuren dee Compte rendu kruten.

De Charel Bourg wëll net méi un dee Compte rendu geduecht hunn.

Geriicht: Rendez-vous viru Geriicht fir den Zeien ...

Wat d'Sylvie Conter zur Ausso beweegt huet, den Zeie wär am Gaangen, sech en neie Rendez-vous um Geriicht ze verschafen!

De Georges Oswald huet nach nogefrot, ob den Zeien héieren hätt, dass gesot gouf: "Bleift op Ärer Plaz!"

De Charel Bourg konnt sech net drun erënneren, dass sou eppes gesot gouf.

Op d'Fro, ob dono en Debriefing gemaach gouf, huet de Charel Bourg geäntwert, dass dat direkt diskutéiert gouf! D'Reaktioun vum Me Vogel war: "Dir genéiert Iech guer net!"

De Pierre Frantzen, en Ex-Gendaarm, deen am Sall war a sech spontan als Zeie gemellt huet, sot dunn, hie wär beim Sommet am Dingscht gewiescht; nom Knuppert hätt hie keng Drockwell matkritt a wär vum Marc Zovilé ugestallt ginn, fir op d’Autobunn ze goen an déi ze späeren. Hien hätt do däitsch Sécherheetsleit gesinn, déi evakuéiere wollten.

Dem Sylvie Conter no hätten déi Leit besser gehat, "den Här Zovilé an den Här Bourg ze froen, dass näischt méi geschéie géif".

De Pierre Frantzen hätt de Marc Zovilé als eenzegen Offizéier dobausse gesinn, no 2-3 Minutten. Deen hätt missen iwwerall sinn, wat awer net dra war. Et wär e Sécherheetsperimeter installéiert ginn, bis sech d'Situatioun berouegt hätt. Dem Zeie wär Joren dono gesot ginn, d’Sûreté hätt en Auto gestoppt, iwwerdeems e wäissen Auto den Dingschtgefier fir d’Eskort gewiescht wär.De Procureur huet gemengt, dat wär erfrëschend spontan gewiescht, an d'Sylvie Conter, de Charel Bourg wollt sech e Beispill dorun huelen.

AUDIO: Den Nico Graf hat de Pierre Frantzen am Interview

Bommeleeër-Prozess, 126. Dag
Geriicht: Offizéier hu sech net fir d'Bomm interesséiert!