Bei Perquisitiounen, esou en Enquêteur, gouf den Dossier zum EG-Sommet mam Attentat fonnt, awer net de Compte rendu an Informatiounen iwwer en Debriefing.

Um Ufank vum 127. Sëtzungsdag am Bommeleeër-Prozess en Donneschdeg hunn d'Defense-Affekoten zwou Konklusioune virgeluecht, ë.a. iwwert d’Attentat um Bord vum EU-Sommet.

De Me Vogel an d'Me Lorang wëllen Informatiounen iwwert de Compte rendu dozou an iwwert de Kommandoposten.

De Procureur Georges Oswald huet betount, den entspriechende Compte rendu och wëllen ze kréien. Donieft huet hien 3 Notes au dossier virgeluecht, dorënner eng iwwert den Armand Schockweiler, déi beweise géif, dass den héijen Offizéier wuel an dëser Affär enquêtéiert hätt.

Den Enquêteur Joël Scheuer huet erkläert, dass am Zesummenhank mat deem ominéise Compte rendu verschidde Perquisitioune gemaach goufen. Dobäi wär wuel de kompletten Dossier zum Sommet fonnt ginn, awer net dee Compte rendu an Informatiounen iwwer en Debriefing dono.

Zeie Fernand Ruppert: Näischt esou gesot

Als éischten Zeien huet en Donneschdeg de Mëtten de Fernand Ruppert ausgesot. Hie gouf wéinst enger Ausso vum Zeien André Steffen gehéiert, deen eng Kéier e Gespréich tëscht dem Fernand Ruppert an dem Romain Nettgen matkritt hätt; dobäi hätt deen Eischten deem Zweete gesot, et hätt een e Bommeleeër an en Abschiedsbréif fonnt.

Den Zeie wëll näischt an deem Sënn gesot hunn, well hie géif kee sou e Bréif kennen. Hie wär no der Annonce vum Doud vum Armurier Henri Flammang bei deen heemgaangen; do wären zwar Bréiwer opgedaucht, ma keng mat Bezuch op d'Affär Bommeleeër. Hie selwer hätt op deem Dossier geschafft an eng Kéier Garde an engem Hotel um Kierchbierg gehat, wuel am Kader vun der Lëtzebuerger EG-Présidence, wou en de Ben Geiben gesinn hätt.

De Procureur Georges Oswald huet ënnerstrach, dass dat um Weekend vum Sommet war.

Zeie Romain Nettgen: Froen, awer keng Erklärung

Dono war et um Romain Nettgen, dem aktuelle Policechef, fir auszesoen. Hie sot zu deemselwechten Tëschefall, dass hie vu Bréiwer vum Armurier héieren hätt; et hätt awer néierens eppes dra gestanen, dass deen an d’Bommeleeër-Affär implizéiert gewiescht wär. Hien hätt och weider keng Erkenntnisser zum Dossier.

D'Riichterin Sylvie Conter huet du gefrot, ob den Zeien eng Erklärung huet fir d'Optrieden, viru Geriicht, vun den Offizéier.

Fir de Romain Nettgen géif Verschiddenes sécherlech schlecht ausgesinn an hie géif sech och Froe stellen, ouni awer eng Erklärunge ze fannen.

D'Presidentin vum Geriicht huet festgehalen, dass d'Offizéier näischt méi wéissten, anerer dogéint nach e Koup Saachen!

De Romain Nettgen huet dozou keng Erklärung!

Zeie Pierre Kohnen: Rumeuren a Feigheet

Doropshi gouf den Offizéier Pierre Kohnen och zu deem Incident gehéiert. Wat den Henri Flammang ugeet, wär net un eng Implicatioun an d'Bommeleeër-Affär, mä u Stay behind geduecht ginn; dofir hätt hien en Arméicolonel gefrot, wee responsabel wär fir Stay behind. Deen hätt gesot, dat wär d'Arméi, an zu Lëtzebuerg hätt keng militäresch Branche dovu bestanen; an der Police hätt et awer Rumeuren iwwert de Bommeleeër Henri Flammang ginn. De Pierre Kohnen huet dunn nach gemengt, d'Amnesie vun Offizéier hei viru Geriicht wär Feigheet.

D'Sylvie Conter huet ervirgestrach, den Zeie wär an deem Kontext, Zitat, eng "löblech Ausnam"!

De Pierre Kohnen huet bedauert, dass an der Populatioun géif verallgemengert ginn, wat d'Aussoe vun Offizéier ugeet.

Fir d'Sylvie Conter wären allerdings all d'Offizéier, déi hei defiléiert sinn, an deem Fall!

Bommeleeër-Prozess, 127. Dag
Jidderee wëll de Compte rendu!