Wat maachen, wa viru Geriicht express näischt oder express Falsches gesot gëtt? Hei e Fall, vun deem et dräi Versioune ginn ... Zoufall?

Offizéier, déi un Amnesie leiden oder déi sech carrément - a vläit express - falsch erënneren, dat gouf et jo an der Lescht méi dacks am Bommeleeër-Prozess. Riichterin, Parquet an Defense hu verschidden Zeien däitlech kritiséiert. Géint d'Poliziste Schockweiler, Glodt a Weydert ass Plainte gemaach ginn, géint anerer awer nach net.

AUDIO: Plainte oder suspendéieren? Reportage Nico Graf.

Huele mer e krasse Fall, dee vum Charel Bourg, an d'Fro, wou deen da wuel war, wéi et um Sommet den 2. Dezember '85 geknuppt huet.

Den Zeie Marc Zovilé sot, et hätt där Sommete méi ginn, hien géif, iergendwéi sous réserves, de Charel Bourg um Poste de commande gesinn an nieft him de Jos Steil, dee mat engem Tableau beschäftegt wier.

Den Zeie Patrice Solagna konnt sech am Fong un näischt erënneren. Mat enger grandioser Exceptioun: Hien hätt de Knuppert nach am Ouer an e géif d'Drockwell nach spieren an am Hall vum Konferenz-Center - dat Bild hätt hie präzis am Kapp - do stinn de Charel Bourg an de Jos Steil.

De Zeie Charel Bourg selwer seet der Riichterin, hien wier mam Kolleg Marcel Reiter an engem Büro vum Konferenz-Center gewiescht.

Dräi Aussoen, vun deenen nëmmen eng richteg kann sinn. Mä wéi eng? A wat geschitt mat deenen, déi d'Wouerecht net gesot hunn?

De quokelegste Fall schéngt dee vum Patrice Solagna ze sinn. D'Riichterin huet spatz bemierkt, hien hätt mat sengem Bild den Häre Bourg a Steil jo en Alibi sur mesure geliwwert, well wien am Hall steet, kann net dobaussen e Knuppert puchen.

Wéi et elo weider geet fir een, deen d'Wouerecht manifestement net gesot huet, dat ass net ganz kloer. De Procureur huet de Verbatim vu verschiddenen Aussoe gefrot. Den Zeie kritt da virgelies, wat hien ausgesot huet, an eréischt wann hien dee Verbatim ënnerschriwwen huet, ass seng Ausso definitiv aktéiert an duerno kann de Procureur eng Decisioun huelen, zum Beispill déi, eng Plainte géingt den Zeien ze maache wéint falscher Ausso ënner Eed.

Da wier eng ganz penal Prozedur am Gaang.

Eréischt da kéint eng administrativ Disziplinar-Prozedur ulafen, no där um Enn e Polizist vum Déngscht kéint suspendéiert ginn. De Präzedenz-Fall vum Colonel Nico Ries – wou de Staat jo vill ze séier a falsch gehandelt hat –, dee Fall huet als Suite, datt elo vill méi genee gekuckt gëtt, ier e Staatsbeamte suspendéiert gëtt. Nach eng Kéier wëll de Staat virum Tribunal administratif net den 3. Präis kréien.

An anere Wieder: Deen Zoustand, datt de Ruff vun der Police zwar staark getéitscht ass, mä datt dorausser net direkt Konsequenze gezu ginn, deen Zoustand hält nach eng Zäitchen un.

Am Zeiestand

An der Woch vum 10. bis den 13. Februar, sinn als Zeie geruff:

Lundi, le 10 février 2014 –  témoins : Pierre Gehlen, Paul Haan, Jean-Pierre WeberMardi, le 11 février 2014 – témoins : Marie-Anne Reinert, Pierre Bartholmé, Jean Majerus, Georges Grof, Henri Knepper

Mercredi, le 12 février 2014 – témoins : Alexis Kremer, André Kieffer

Jeudi, le 13 février 2014 – témoins : Carlo Kremer, Paul Mehlen, Jos Meier