Geheim Autosgeschäfter iwwer saarlännesche Verfassungsschutz

De Lëtzebuerger Geheimdéngscht huet iwwer Joere geheim Autosgeschäfter iwwert d'Adresse vum saarlännesche Verfassungsschutz ofgewéckelt.
Dat mellt um Samschdeg de Saarländische Rundfunk. Wéi et heescht, hätt déi saarlännesch Inneministesch Monika Bachmann dëst der Saarbrücker Zeitung géintiwwer konfirméiert. Schonn Enn 2009 wieren an engem geheime Rapport deementspriechent Verstéiss kritiséiert ginn. Dësem Rapport no soll de SREL vun 2003 bis 2008 an op mannst 14 Fäll Autoen iwwert d'Adresse vum saarlännesche Verfassungsschutz bestallt hunn, well d'Produzente just däitschen Administratiounen héich Remisen accordéiert hunn. Wéi et weider heescht, wieren d'Limousinen ënner anerem boer bezuelt ginn a woren offiziell op de saarlännesche Verfassungsschutz zougelooss. Mam Lëtzebuerger Geheimdéngscht wier een Accord ofgeschloss ginn, dass dësen d'Autoen däerf benotzen. 2009 dunn hätt den deemolegen Inneminister vum Saarland Stephan Toscani des Praxis stoppe gelooss, sou nach de Saarländische Rundfunk.