Den Zeie Jean-Paul Weber weess näischt méi

Am Bommeleeërprozess war den éischten Zeie séier duerch, de Jean-Paul Weber ka sech nom Attentat um Kierchbierg nämlech un näischt méi erënneren.
De Jean-Paul Weber ass an engem Policerapport iwwert d'Attentat um Kierchbierg '85 opgetaucht an deem et heescht, hie géif sech ëm den ominéise Verdächtege këmmeren, deen deemools soll erwëscht gi sinn. De Jean-Paul Weber sot awer, e géif sech u guer näischt méi erënneren, mol net ob en deemools um Kierchbierg am Déngscht war.
Kuerz Sëtzung also am Bommeleeërprozess: 3 Zeie goufe gehéiert. Fir d'éischt wéi gesot de Jean-Paul Weber, duerno war et um fréiere President vum Stater Geriicht, Pierre Gehlen. Dee sot den Enquêteur Paul Haan an den deemolege Procureur Hary hätte sech iwwert eng Affär Monitor renseignéiert, an där de Ben Geiben an de Guy Santer virkomm sinn.
Un sou ee Gespréich kann de Paul Haan sech awer beim beschte Wëllen net erënneren. De Paul Haan huet och gemengt, et misst een éischter a Richtung Arméi no den Auteure sichen an e versteet net, firwat hie selwer an den Enquêteur Schons vun der Affär ofgezu goufen. Déi Fro wier de Schlëssel vun der Bommeleeëraffär.