D'Duechter vum fréiere Sous-chef vun de Pompjeeën um Findel huet erzielt, dass hire Papp den Dag nom Attentat um Findel op der Plaz war.

Hien hat eng Foussspur fonnt an ee Gendaarm drop opmierksam gemaach. Deen hätt e puer Mol mam Fouss doduerch geschäert a gesot, domat ass näischt unzefänken. De Pompjee war opbruecht an huet de Chef op der Plaz informéiert. Dat hätt de Charel Bourg awer guer net interesséiert. Doheem huet de Papp der Zeien no gesot: "Wat eppes, déi wëllen deen do guer net kréien".

Bei den Enquêteuren huet sech dann nach e neien Zeien gemellt. De verstuerwenen Eugène Beffort hat jo um Findel nuets virum Attentat eng Persoun gesinn, déi hien als de Prënz Jean erkannt hat. Dat sot hien eis op RTL, dat sot hien dem Premier Juncker an dat sot hien den Enquêteuren, dat sot hien der Untersuchungsriichterin. Dee neien Zeien seet elo, den Eugène Beffort hätt guer net de Prënz gesinn, mee hien, den neien Zeien, deen deemools e jonke Mann war, deen nuets um Findel engem Besoin nokomm wier. Deen Zeien weess och Interessantes iwwer jonk Leit vum Lampertsbierg, Scouten aus den 8oer Joer; déi hätte mat Dynamit hantéiert. Do gëtt elo enquêtéiert.

Bommeleeër: Goufe Spuren express verwëscht?
Am Prozess goung et um Mëttwoch, um 7. Dag, viru mat den Ausféierunge vum Enquêteur vun der Police Carlo Klein zu den eenzelnen Attentater.

Et war nees eng kuerz Sëtzung um Dënschdeg am Bommeleeërprozess. No enger Stonn war alles un an aus. 2 fréier Gendarmen déi näischt ze soen haten an den Ex-Schwoer vum Ugeklote Wilmes, deen en Alibi fir d’Attentat beim Wort ginn huet.

Bommeleeër-Prozess, 129. Dag
Gendaarm huet Spuren um Findel verwëscht