Am Bommeleeër-Prozess ass e Mëttwoch e besonneschen Zeien opgetrueden: Den Alexis Kremer, dee jorelaang bei der Cegedel responsabel war fir d'Sécherheet.

Am Bommeleeërprozess gouf um Mëttwoch den Alexis Kremer gehéiert, deen den Ament vun den Attentater Member vun der Cegedel-Direktioun war. Et goung Rieds iwwert d'Attentater an den Erpressungsversuch géintiwwer de Cegedel. Den Alexis Kremer erënnert sech un ee Gespréich mam Colonel Harpes an engem Restaurant um Cents. D'Cegedel wollt deemools wëssen, wou se dru wier, wat d'Attentater ugeet. Hien an een aneren Direktiounsmember krute vum Colonel Harpes gesot: Leet äre Kapp a Rou, do kënnt näischt méi.

Fir de Mâitre Gaston Vogel ass et de Beweis, dass de Colonel Harpes weess ween et war. Dee Mann misst nach eemol ënner Eed gehéiert ginn.

Den Zeie Kremer hat och nach gesot, d'Regierung wier sech deemools net eens gewiesch, ob ee Léisegeld sollt bezuelen oder net. An och an der Cegedel war opgefall, datt d'Bommeleeër genee renseignéiert waren. Dat hätt missen der Gendarmerie ze bedenke ginn, sot den Zeien Kremer, deen 1930 gebuer ass an eng extrem gutt Memoire huet.

De Pierre Kohnen war de „grand absent“ um Bommeleeërprozess. Et sollt nämlech zur Konfrontatioun tëscht dem fréiere Gendaarm an dem Ex-Arméi-Commandant Michel Gretsch a Saachen „Stay behind“ kommen. De Pierre Kohnen allerdéngs ass néierens opzedreiwe gewiescht di lescht Deeg an och seng Fra a säi Bouf wëssen net wou en ass. Déi Confrontatioun ass also op e spéideren Zäitpunkt verréckelt ginn.

Memoiren aus dem Joer 1985

Den Alexis Kremer huet carrément e Buch geschriwwen mat senge Memoiren, e Manuskript, dat integrale Bestanddeel vum Dossier Bommeleeër ass a wou den Alexis Kremer vläit Präzisioune gefrot gëtt.

Mat der Cegedel huet am Joer 1985 jo d'Bomme-Serie ugefaangen. De Pylône um Stafelter, do haten d'Bommeleeër e Feeler gemaach: De Pylône war esou gesprengt ginn, datt hie quasi der Längt no an d'Seeler gefall war an dowéinst eben stoe bliwwe war. Um Schléiwenhaff war de Schued zwar enorm, mä déi Pylônen hunn der Stad Lëtzebuerg gehéiert.

Am Mee ass dunn um Izeger Plateau e Pylône an d'Knéie gaang, e Pylône, dee just eben net bewaacht war, iwwerdeems seng Noperen bewaacht gi waren. Samschdes, den 30. November dunn, mëttes, hunn d'Bommeleeër am Schnéi, zu Heeschdref, just dee Pylône gesprengt, deen net esou wichteg war. Hätte si den Haapt-Pylône donieft gesprengt, wier de Schued, also de Stroumausfall vill méi grouss gewiescht.

Nieft der Opreegung wéint de Sprengungen, huet d'Cegedel jo och ëmmer d'Erpresserbréiwer kritt, déi mam schifen Timber an déi mat deem nach ëmmer net dechiffréierten Erpresser-Code c23y78 drop. An opgefall ass eben och, sot am Joer 2005 de Cegedel-Direkter André Baldauff, datt d'Erpresser bei der onrealistescher Iwwerreechung vum Léisegeld op der Theaterplaz einfach ze gutt Bescheed wossten iwwer d'Forces de l'ordre
 
De Schued fir d'Cegedel iwwregens, dee war grouss, duerch déi verbéite Pylônen an duerch d'Securitéit-Entreprisen, déi matverdéngt hunn. Insgesamt kann ee vun engem Schued vun iwwer 11 Millioune schwätzen, wat awer vill méi kascht huet, dat war d'Iwwerwaachung vun de Posten an de Gebaier. Do gëtt et kee Chiffer.
 
An dann nach dëst: Bei der Cegedel hu se sech iergendwann gefrot, wéi laang a wéi streng si hir Pylônen nach bewaache missten. An enges Daags, no der Attentat-Serie, souzen eisen Informatioune no, e puer Cegedel-Leit mam Colonel Harpes zesummen an hunn hir Suerge matgedeelt.

An de Colonel Harpes hätt hinne geäntwert: „Leet Äre Kapp a Rou, do kënnt näischt méi.“

E Saz, deen déi Cegedel-Responsabel nawell verwonnert hätt an dee misst explizéiert ginn.

Bommeleeër-Prozess, 130. Dag
"Do kënnt näischt méi", sou Col. Harpes zum Alexis Kremer