Me Vogel: "Bekëmmer dech ëm näischt, da kënns de an näischt"

D’Aktivitéite vum SREL am Kader vun der Bommeleeër-Serie hunn en Donneschdeg um 131. Prozess-Dag d’Geriicht beschäftegt.
Dobäi hätt ee besser ze soen In-Aktivitéit, well et huet sech erausgestallt, dass de SREL guer näischt mat der Enquête ze dinn hat. Véier fréier Beamten hunn als Zeien ausgesot an deklaréiert, dass si offiziell net agebonne goufen. Ëmsou méi verwonnert ware Geriicht, Parquet an Defense, dass de SREL net op eege Faauscht aktiv ginn ass.
Déi 4 hunn ze verstoe ginn, dass si op Basis vun Uerdere geschafft hunn. De Fazit vum Mâitre Gaston Vogel: "Bekëmmer dech ëm näischt, da kënns de an näischt."
Den Zeie Paul Mehlen sot sech erstaunt iwwer Villes, wat déi lescht Wochen a Méint op d’Tapéit komm ass. Hien hätt sech schonn X Mol bei sech geduecht, ob en ze vill naiv war an ob en net genuch gefrot huet.
Hei d'Lëscht vun den Zeien déi nächst Woch:
17 février 2014 – Pierre Batholmé, André Kieffer, Henri Knepper, lecture déposition Lucien Thilquin
18 février 2014 – Marc Weis, lecture déposition Eugène Beffort (+ film), Marc Schockmel, Joseph Lorent
19 février 2014 – Daniel Lauckes, Jean Feyereisen, Roland Block
20 février 2014 – confrontations Alexis Kremer/Aloyse Harpes + Pierre Kohnen/Michel Gretsch + Pierre Kohnen/Aloyse Harpes