De Pierre Barthelmé huet 1985 gesinn, wéi e suspekte Mann zu Hollerech aus engem Gulli geklommen ass.

Dësen Zeie war kuerz virun Nationalfeierdag 1985 - wuel zwee Deeg virdrun - mat enger Camionnette op Sandweiler an d'Kontrollstatioun gefuer. Hien huet zu Hollerech bei enger rouder Luucht gehalen an do e Mann aus engem Gulli erausklamme gesinn.

Dës Persoun, vun normaler Statur an tëscht 20 an 30 Joer al, hat e Metalldetekter a méi eng grouss Valise am Grapp an ass a Richtung Stad fortgaangen. Dat ass dem Mann komesch virkomm, ma hien ass owes an d’Vakanz gefuer. Do huet hien héieren, dass d'Gasleitung zu Hollerech explodéiert wär.

Hien huet déi zwou Saache mateneen a Verbindung bruecht a gemengt, déi Persoun wär wuel net do gewiescht, fir ze schaffen. Hie selwer gouf iwwregens 3 Joer dono gehéiert.

André Kieffer: "Ech gouf ënner Drock gesat"

Dono gouf de Polizist André Kieffer gehéiert, deen den Owend vum duebelen Attentat zu Izeg op Patrull war. Hie wär nom éischte Knuppert bei de betraffene Pylône gefuer; doropshi sot den Zeien, dass hie keen Auto am Bësch gesinn hätt. De Mann huet och vun engem ganz gelungene Verhéier am Joer 2006 geschwat, wou hie Froe gestallt krut a just mat Jo a mat Neen hätt kënnen äntweren. Op d'Remarque hin, dass hien an engem Verhéier 1988 awer gesot hätt, en Auto am Bësch gesinn ze hunn, mat de Luuchten un, sot den André Kieffer, sech net méi dorun z’erënneren. Anengems huet hie Virwërf un d'Adress vun den Enquêteure geriicht, ë.a. un de Carlo Klein; hie wär vun deenen ënner Drock gesat ginn an hätt sollen erzielen, dass de Pierre Reuland d’Enquête behënnert hätt.

Wéi d'Riichterin Sylvie Conter an de Procureur Georges Oswald bemierkt hunn, de Carlo Klein wär guer net bei deem Verhéier dobäi gewiescht, sot de Polizist, hie wär nach emol verhéiert ginn, vum Carlo Klein a vum Joël Scheuer, dat virun circa 4 Joer.

Fir d'Sylvie Conter gëtt et awer keng Spuer dovun! Den André Kieffer erkläert awer, hien hätt deemools och eppes ënnerschriwwen.

D'Sylvie Conter huet du betount, an deem Kontext ni eppes vum Pierre Reuland héieren ze hunn. D'Presidentin vum Geriicht huet dofir fonnt, dass dat misst iwwerpréift ginn an den Zeien deemno wéi zeréckkomme misst.

De Procureur Georges Oswald wollt nach wëssen, wéi vill Leit op der Plaz waren, wéi et fir d’zweet zu Izeg geknuppt huet. Dem André Kieffer no wären net vill Leit do gewiescht, vläicht eng 10, an ë.a. de Romain Nettgen; deen hätt säin Auto net geréckelt, obwuel den Zeien dat opportun fonnt huet. Den haitege Policechef hätt sech sécher gefillt; fir den Zeie gouf et duerch déi zweet Explosioun och keng Drockwell.

Um Enn gouf nach d’Dépositioun vum belschen Zeie Lucien Thilquin am Zesummenhank mam Attentat op d’Kasematte virgelies. De Mann hat an där Auditioun seng éischt Aussoe vis-à-vis vum Enquêteur Paul Haan confirméiert.

Ganz um Enn vun der Sëtzung gouf et nach en Eclat, well Leit, déi am zweete Sall d'Sëtzung suivéiert hunn, soten, den Enquêteur Carlo Klein wär do gewiescht a fortgelaf, wéi vun him Rieds goung. D'Défense-Affekote fannen dat e Skandal!

An um Bord vum Prozess war nach gewuer ze ginn, dass d’Prënze Jean a Guillaume déi aner Woch en Donneschde sollen aussoen!

AUDIO: De Reportage vum Eric Ewald (18/02/2014 - 7h30)
Bommeleeër-Prozess, 132. Dag
Neien Zeie mat interessanten Observatiounen

Eugène Beffort um Dënschdeg am Mëttelpunkt

Am Bommeleeër-Prozess steet um Dënschdeg e Mann am Mëttelpunkt, deen – wéi sou vill aner Zeien - net méi aussoe kann. Et ass den Eugène Beffort; deen Zeien, deen am November 1985 virun der Explosioun um Findel eng héich gestallte Perséinlechkeet gesinn hat an dëst am Joer 2005 dem Premier Jean-Claude Juncker verrode wollt.E puer Méint drop gouf de Mann vun der Untersuchungsriichterin gehéiert, iert en dëser Antenn een Interview ginn huet, deen et an sech hat: Hien hätt de Prënz Jean deemools um Findel gesinn an e wier dono vun ënner Drock gesat ginn. Bis zu sengem Doud, den 1. Juli 2012 ass den Eugène Beffort awer bei senger Versioun bliwwen.

Et ass den 9. November 1985, Moies frei. Den Eugène Beffort ass um Wee fir op d'Aarbecht bei Dupont de Nemours, do gesäit en hannert der Kalchesbréck beim Waasserbaseng en Auto an engem Feldwee stoen. Dee Mann huet eng Pann, seet sech de Beffort an fiert kucken.

RTL

D'Dier vum Auto steet op, banne leie Kabelen an de Chauffer ass am Gaang, u senge Schung ze hantéieren. De Mann hieft de Kapp an de Beffort erféiert, wéi en de schaarfe Bléck gesäit. Den Zeien leet de Réckgang an an fiert rëm fort. Ënnerwee fir op d'Aarbecht erënnert sech den Eugène Beffort drun, datt en dat Gesiicht kennt. E wëll et awer net sou richteg gleewen.

Op der Aarbecht zielt den Zeien, wat en grad beim Findel gesinn huet. Déi roden him, de Bommentelefon vun der Gendarmerie unzeruffen. No senger Schicht huet den Eugène Beffort op der Héicht vum Irgäertchen nach eng droleg Renconter. Lénks aus dem Bësch kënnt en Auto „mat voller Pulle erausgeschoss“, sou den Beffort, deen Schwieregkeeten hat, en Accident ze verhënneren. Den Auto fiert an d'Stad an den Eugène Beffort fiert heem.

 Owes héiert den Här Beffort een Knuppert. Kuerz drop, géint 22.30 Auer, schellt et un der Dier an et sinn rëm di zwee Hären vun der Sûreté. Si wëllen nach eng Kéier mam Beffort iwwert den Numm schwätzen, mä et ass him schonn ze spéit an hie freet d'Hären, rëm ze goen.

De Rescht ass bekannt. Den Zeien mellt sech beim RTL  seet, just dem Jean-Claude Juncker verroden ze wëllen, ween en deemools am Feldwee gesinn hat. Am November 2005 gëtt de Beffort vum Premier empfaangen an e puer Méint drop gëtt en och vun der Untersuchungsriichterin Doris Woltz gehéiert. D'Untersuchungsriichterin lauschtert dem Zeien zwou Stonne laang gedëlleg no an stellt him Froen. Ënnert anerem och, firwat sech den Eugène Beffort beim RTL gemellt huet an net bei der Police.

Bis zu sengem Doud den 1. Juli 2012 huet den Eugène Beffort u senger Ausso festgehalen, eng Ausso di elo am Bommeleeër-Prozess zur Sprooch wäert kommen. Dobäi ginn dann och d'Bänner vum Interview mam RTL virgespillt – integral an ongeschnidden.

AUDIO: De Reportage vum Eric Hamus (17/02/2014 - 18h30)
Bommeleeër-Prozess
Eugène Beffort um Dënschdeg am Mëttelpunkt

D'Zeien déi aner Woch sinn:

24. Februar 2014:  Confrontatioun André Glodt/Armand Schockweiler

25. Februar 2014: Willi Bauer, Serge Schimoff, Edouard Hrebicek, Gérard Stoffels

26. Februar 2014: Maryse Fisch, Robert Schommer, Edda Di Leonardo

27. Februar 2014: Hélène Vestur, Jean de Nassau, Guillaume de Nassau