Eugène Beffort a Prënz Jean an Haaptrollen um Dënschdeg

De Me Vogel huet sech eng Konklusioun virgeluecht am Kontext mat der Ausso e Méindeg vum Polizist André Kieffer a vum Verhale vum Enquêteur Carlo Klein.
Den Affekot vum Marc Scheer huet an deem Kontext eng Konfrontatioun vun deenen Zwee gefrot. D'Riichterin Sylvie Conter huet dem Enquêteur doropshi gesot, hien hätt sollen eriwwer kommen!
Den Enquêteur Carlo Klein huet betount, hie wär e Méindeg am zweete Sall gewiescht, fir nei Kollegen anzeweisen. Hien hätt d'Aussoe vum André Kieffer héieren, keng Erënnerung un en 3. Verhéier a sech d'Fro gestallt, ob hien eppes verpasst hätt. Op Grond vum Verhale vu Leit am Sall hätt hien awer virgezunn, deen ze verloossen. Du wär hien direkt op de Büro gaangen, fir nozekucken, wat vum André Kieffer am Dossier wär. Et wär allerdings keng sou eng Trace do, obwuel een alles duerchgaange wär, an et hätt och kee Grond ginn, fir den Zeien nach emol ze héieren.
Fir d'Presidentin vum Geriicht war deen Incident doropshi clos. Si huet awer ënnerstrach, dass, wa sech sou eppes wéi e Méindeg nach emol widderhuele géif, dee Sall da séier zou wär! Och de Me Vogel huet gemengt, de Carlo Klein hätt sollen eriwwer kommen! Doropshin huet de Procureur Georges Oswald gesot, hie wär schockéiert doriwwer, wat e Méindeg am zweete Sall gesot gi wär. A sengen Ae wär dee Sall kee Bistro a keen Zirkus!
De Polizist André Kieffer gouf dunn nach emol eropgeruff: Hien huet erkläert, d'Auditioun wär a sengem Büro gemaach ginn, et hätt keen normalen Ëmgankstoun ginn an d'Diskussioun ëm d'duebelt Attentat zu Izeg an de Policechef Pierre Reuland gedréint.
De Georges Oswald huet bemierkt, näischt fonnt ze hunn, dass de Pierre Reuland zu Izeg war! Den André Kieffer huet ervirgestrach, dass et ebe kee Protokoll dovu gëtt.
Fir den André Kieffer hätt de Joël Scheuer gesot, hie géif bei den Untersuchungsriichter kommen a vläicht an Untersuchungshaft an d'Affär kéint d'Regierung stierzen. "Si wollte mech ënner Drock setzen a wëssen, ob de Pierre Reuland zu Izeg op der Plaz war an d'Enquête behënnert hätt."
De Joël Scheuer huet dunn de Resumé gemaach, dass den Zeien am Februar 1988 , am Zesummenhank mat Izeg, gehéiert gouf, dass am Abrëll 2006 eng Perquisitioun bei der Unité spéciale war, bei där hien op der Plaz war, an dass den André Kieffer am November 2006 nach emol gehéiert gouf. Dat wär alles, et hätt keng 3. Auditioun ginn an d'Enquêteure wéissten näischt vun enger Presenz vum Pierre Reuland a vum Romain Nettgen zu Izeg.
Den André Kieffer huet deklaréiert, hien hätt dat net erfonnt. Dem Joël Scheuer no gouf awer 2007 schonn d'Enquête zu Izeg ofgeschloss. Fir den André Kieffer gëtt et keng Ursaach, eppes ze soen, wat net wär. D'Sylvie Conter huet betount, den André Kieffer kéint keng präzis Aussoe maachen. Dem André Kieffer no hätt de Romain Nettgen e Kostüm u gehat.
De Procureur Georges Oswald huet de Sënn vu sou enger Auditioun net agesinn, iwwerdeems d'Me Lorang fonnt huet, dass sou eng Auditioun wuel Sënn gemaach hätt.
Doropshi war et de Constat, dass een op deem Punkt net virukéim a souwuel de Pierre Reuland wéi och de Romain Nettgen heizou misste gehéiert ginn.

Den Enquêteur Marc Weis huet dono eng Introductioun zum Volet Prënz Jean gemaach. Rumeuren hätt et an de Joren 1985 bis 1990 ginn, wuel och well säin Trounverzicht kuerz nom Enn vun der Attentatsserie bekannt gouf. Ë.a. wären de Colonel Harpes an de Marc Zovilé an de Palais geruff ginn, nodeems de Marc Zovilé entspriechend Aussoe géintiwwer dem Journalist Rob Roemen an dem Ben Geiben gemaach hätt. D'Alibie vum Prënz wären iwwerpréift ginn, et wär ni géint de Prënz Jean enquêtéiert ginn an de Prënz eegenen Aussoen no eréischt 2005 gewuer ginn, dass hie géif mat den Attentater a Verbindung bruecht ginn. Fir den Enquêteur wär et zum Trounverzicht aus private Grënn komm.
Den Zeien Eugène Beffort dann hätt an engem RTL-Reportage am November 2011 gesot, hien hätt am Zesummenhank mam Attentat um Findel de Prënz Jean nobäi erkannt.
Doropshi gouf de Video vum RTL-Interview mam Eugène Beffort virgespillt.
Um Enn vun der Sëtzung gouf nach d'Gaby Schockmel gehéiert, d'Fra vum Eugène Beffort. Si huet verzielt, dass hire Mann hir deen Dag sot, hien hätt de Prënz Jean gesinn, dass si deeselwechten Dag scho Besuch krute vu Leit vun der Sûreté an dass hire Mann erzielt hätt, dass Leit him nogefuer wären.
An der Woch vum 24. bis de 27. Februar sinn als Zeie geruff:
Lundi, le 24 février 2014 – témoins : confrontation André Glodt/Armand Schockweiler
Mardi, le 25 février 2014 – témoins : Willi Bauer, Serge Schimoff, Edouard Hrebicek, Gérard Stoffels
Mercredi, le 26 février 2014 – témoins : Maryse Fisch, Robert Schommer, Edda Di Leonardo
Jeudi, le 27 février 2014 – témoins : Hélène Vestur, Jean de Nassau, Guillaume de Nassau