Ass de Prënz Guillaume de Bommeleeër?

Am Bommeleeër-Prozess war et den Dag vun de Konfrontatiounen. En Zeie sot aus, de Procureur Wampach hätt gezielt, de Prënz Guillaume wier de Bommeleeër.
Present waren den deemolege Gendarmerie-Chef Aloyse Harpes, de Colonel Michel Gretsch, de „Commissaire en Chef divisionnaire“ Pierre Kohnen an den Alexis Kremer, Ex-Direkter bei der Cegedel. Grouss war och den Interêt vun de Leit: Di zwee Säll ware schonn eng Stonn virun Optakt vum Prozess strubbelvoll.
Um 135. Sëtzungsdag huet den Me Gaston Vogel virop erzielt, datt d'Zeien Marie-Anne Reinert sech en Donneschdeg de Moien bei him gemellt hätt. D'Duechter vun engem Findel-Matarbechter hätt gemengt, datt d'Täter virum Attentat op de Fluchhafen ee Schlëssel haten fir an di technesch Installatiounen eran ze kommen. Doriwwer eraus huet den Me Vogel den Eed vun de belsche Stay-Behind-Membere virgelies. Den Affekot war och der Meenung, datt de Stay Behind a ganz Europa fréier Nazie recrutéiert hätt. D'Defense huet eng entspriechend Conclusioun agereecht.
De Procureur Georges Oswald huet duerno betount, datt den Armand Stieber sech beim Parquet gemellt hätt, fir weider Detailer iwwert d'Zesummenaarbecht mam BKA ze ginn. D'Bundeskriminalamt hätt den Ermëttler just erklärt, wéi een eng Rasterfahndung organiséiert. Doriwwer eraus hätte se och bei der Spuresécherung gehollef. Se hätten awer keng Lëscht vu Gebaier erstallt, déi iwwerwaacht sollte ginn.
Gemellt hätt sech och den Armand Dousement vum Miess- an Erkennungsdéngscht. An engem Bréif un de Parquet seet den Dousement ënnert anerem, datt den Zeien André Glodt him scho virun Joeren erzielt huet, datt den Armand Schockweiler Bewäisstécker aus der Asservatekummer matgeholl hätt. Iwwerhaapt wieren d'Bewäisstécker regelméisseg ronderëm gereecht ginn. Händchen hätt awer keen ugedoen.
Beim Procureur Général hätt sech en Donneschdeg de Moien och een Zeien gemellt, deen den deemolegen Procureur Camille Wampach gutt kannt hätt. Bei engem Iessen hätt den Wampach him virun Joeren erzielt, datt den Prënz Guillaume, de jéngste Brudder vum Grand-Duc, de Bommeleeër wier.
Den Procureur Oswald huet d'Geriicht gefrot, fir deen Zeie viru Geriicht ze héieren. D'Defense wollt, datt deen Här nach viru den zwee Prënzen geruff gëtt. Den Armand Dousement sollt och nach aussoen.
Dono war et un den Hären Harpes an Kremer. Den Alexis Kremer huet nach eng Kéier betount, datt den Aloyse Harpes him bei engem Iessen gesot hätt: „Leet äre Kapp a Rou, et kënnt näischt méi“. Den Colonel Harpes sot, hie kinnt sech nach un di Renconter erënneren, mä et hätt sech bëssen anescht ofgespillt. Dat wier net bei engem Iesse gewiescht, mä an engem Büro. Den Colonel Harpes konnt sech zwar net méi genee un de Wuertlaut erënneren, en huet et awer fir méiglech gehalen, eppes an deem Sënn gesot ze hunn. Dat Treffe wor nom Attentat op dem Colonel Wagner säin Haus. An hie wier deemools schonn der Iwwerzeegung gewiescht, datt dës Explosioun den „Abschid“ vun de Bommeleeër wor.
D'Riichterin Sylvie Conter huet duerno nach eng Kéier gefrot, wisou dann no dëser Explosioun d'Ermëttlungen agestallt goufen a firwat sech de Colonel Harpes senger Saach sou sécher wor. Den Aloyse Harpes sot, datt d'Bomm beim Colonel Wagner eng gewësse Symbolik hat. Deen Dag wier och d'Première vun der Revue „Knuppefreed“ am groussen Theater gewiescht. „Ech war net Chef vun den Ermëttlungen“, sou den Aloyse Harpes. Hien hätt sech net an d'Enquêten amësche wëllen.
Dat wollt d'Sylvie Conter awer net gëlle loossen. Den Aloyse Harpes hätt ënnert anerem aus engem Bericht vun den Offizéier Hamen, Stebens a Reuland déi wichteg „Piste militariste“ gestrach. An: „Firwat ass just an dëser Affär net mam Untersuchungsriichter geschafft ginn? Dat huet an all aner Affär gutt geklappt“, sou d'Riichterin. Eng Fro, op déi den Aloyse Harpes keng Äntwert konnt ginn.
Den Alexis Kremer huet dunn mat der Ausso iwwerrascht, datt dat Treffen mam Aloyse Harpes am Mee 1989 gewiescht kinnt sinn, deemno dräi Joer no der leschter Explosioun. Dee Moment wier de Colonel Harpes awer scho pensionéiert gewiescht, huet d'Riichterin gemengt. De Procureur huet betount, dat den Alexis Kremer viru zwou Wochen nach ausgesot hat, datt d'Knupperten de Moment vum Iessen nach ëmmer an de Käpp vun all Mënsch waren an d'Cegedel gefaart hat, datt rëm eng Bomm kinnt explodéieren. „Jo, dat wor och nach laang an eise Käpp“, sou den Alexis Kremer.
An der Konfrontatioun mam Pierre Kohnen huet den Aloyse Harpes betount, datt hien ni Kontakt mam BKA oder mam FBI hat. De Pierre Kohnen hat bekanntlech viru Geriicht ausgesot, datt de BKA eng Lëscht mat potenziellen Ziler opgestallt hat, op där och de Palais de Justice stoung. D'Beamte wollte sech an der Géigend op d'Lauer leeën, mä den Aloyse Harpes hätt dat kuerz virum Knuppert beim Geriicht refuséiert.
En hätt kee Souvenir dorunner, sou de Colonel Harpes: „Ech hu mech an di Ermëttlungen ni agemëscht. Also kann dat net sou gewiescht sinn“. De Pierre Kohnen ass awer formell bliwwen: „Ech ka mech erënneren, datt ech am Viraus dovunner wosst an ech duerno entsat war, datt de Palais de Justice net observéiert gouf“, sou de Pierre Kohnen, deen nach eng Kéier betount huet, datt den Ermëttler Paul Haan vum Colonel Harpes deemools „richteg fäerdeg gemaach gouf“.
„Mir wëssen wat fir ee Genre Mënsch an Ermëttler den Här Haan war an nach ass“, sot den Procureur Oswald. Hien kinnt net verstoen, firwat den Här Haan deemools gefaart hat, vun der Hierarchie „fale gelooss“ ze ginn. En wier jo awer dem Untersuchungsriichter ënnerstallt gewiescht. „Hien war fäerdeg mat den Nerven. En ass fir all Dommheet op de Kommando geruff ginn. Dofir wollt en näischt méi vun dëser Affär wëssen“, sou de Pierre Kohnen.
Den Aloyse Harpes huet dunn nach eng Kéier betount, datt den Paul Haan ganz uewen op der Lëscht vun de Bommeleeër-Ermëttler stoung. Den Untersuchungsriichter hätt e gären awer op der Waldbëlleger Affär gesinn. „Ech hunn den Här Haan ëmmer respektéiert“, sot den Aloyse Harpes. D'Riichterin war awer net ganz senger Meenung: „No all dem, wat mir vum Här Haan sou héieren hunn, bezweiwelen ech dat“. Fir de Procureur Oswald wier den Paul Haan ecartéiert ginn, well e sech net un den Uerder vum Colonel Harpes wollt halen, der Justiz net alles ze soen.
Den Me Vogel ass nach e Schratt méi wäit gaangen: „Den Här Harpes hat keng Anung vun Ermëttlungen“. Den Aloyse Harpes sot doropshin, datt hien ënnert anerem zu Melun (F) an der Offizéiesch-Schoul wor. Hien hätt Anung, och vum „Code d'instruction criminelle“: „Ech hunn dat laang enseignéiert!“, sou den Colonel Harpes houfreg. D'Riichterin konnt awer net verstoen, firwat d'Ermëttlungen da grad an dëser Affär net geklappt hätten. „Dat weess ech och net“, sou den Colonel Harpes.
De Pierre Kohnen huet duerno nach betount, datt hie fënnef Joer ënnert dem Aloyse Harpes op der Brigade Dikrech geschafft hätt: „An den Här Harpes huet deemools scho mat de selwechte Methode geschafft, wéi duerno als Chef vun der Gendarmerie“. Fir den Aloyse Harpes wier dat eng „kleng, bëlleg Kritik un engem Chef“. Hien hätt di Brigade streng misse féieren: „Wann do keng Disziplin dra gewiescht wier, dann hätt dat ni geklappt.“
No enger kuerzer Paus huet d'Riichterin matgedeelt, datt den Méinden nach den Armand Dousement soll gehéiert ginn. Den Dënnsten soll nieft dem Jean-Claude Juncker och den Zeien geruff ginn, deen mam Camille Wampach op engem Iesse wor. D'Ermëttler sollen den deemolegen „Procureur général“ virdrun och nach héieren.
Bei der leschter Konfrontatioun vum Dag huet den Pierre Kohnen nach eng Kéier betount, datt den Colonel Gretsch him eng Lëscht mat Nimm aus dem Lëtzebuerger Stay Behind gewisen hätt, nodeems den Numm vum fréieren Armurier vun der Police, Henri Flammang, am Kontext vun Stay Behind/Gladio gefall war. D'Memberen, di op der Lëscht stoungen wieren all „harmlos“ gewiescht. „Do stoung och keen Henri Flammang drop oder een aneren Polizist. Mee wann ech gesinn, wat dat harmlost Gespréich vun deemools fir eng Envergure lo krut, dann hunn ech dat Gefill, ech hätt an ee Beie-Nascht gepickt.“ Den Colonel Gretsch hat bekanntlech virun zwou Wochen an engem Wort-Interview des Aussoen dementéiert.
Den Colonel Gretsch sot an der Sëtzung, datt de Pierre Kohnen ëmmer ee gudden Zaldot wor, mee och gären iwwert d'Zil erausgeschoss wier. Wat de Stay Behind ugeet, huet den Zeien gemengt, datt hien als Logistiker an der Arméi jorelaang och mat den Däitschen, Fransousen an Amerikaner ze dinn hat: „Do hunn ech awer ni eppes vun Stay Behind héieren! Dat wat den Här Kohnen zielt, huet sou net statt fonnt“, sou den Zeien formell. Di Waffen, déi beim Henri Flammang no deem sengem Suicid fonnt goufen, wieren net vum Stay Behind gewiescht. „No 1995 wosst jo jiddereen, datt och Waffen gelagert goufen, fir de Fall wou d'Russe génge kommen. Ma déi Waffen leien elo zu Dikrech! Den Srel huet déi all zeréck ginn“, sot de Michel Gretsch, deen dem Geriicht dunn e klénge Virtrag iwwert d'Waffe-Logistik am kale Krich gehalen huet.
Den Michel Gretsch sot, datt hien mam Här Kohnen just iwwert eng Cessioun vun de Waffe geschwat hätt, di beim Henri Flammang fonnt goufen. Den Pierre Kohnen wor domadder awer net averstanen: „Dat war genau sou, wéi ech dat hei erzielt hunn. Iwwert eng Cessioun gouf ni geschwat. Entweder litt den Här Gretsch oder seng Memoire ass net grad sou gutt, wéi en dat an der Zeitung erzielt huet“. Den Pierre Kohnen hätt sengem fréieren Offizéier deemools gegleeft. Mee lo misst hien sech awer froen, op den Colonel Gretsch him deemools di ganz Kartei gewisen hätt.