Den Henri Etienne präziséiert an engem Communiqué, de Camille Wampach hätt vum "Prënz" geschwat. En Numm wier net genannt ginn.

Am Bommeleeër Prozess ass en Donneschdeg de fréiere Procureur Camille Wampach zitéiert ginn, dee gesot hätt, de Prënz Guillaume wier de Bommeleeër.

Do gëtt et um Freideg eng wichteg Präzisioun. Den Henri Etienne, vun deem d'Informatioun kënnt, präziséiert an engem Communiqué, de Camille Wampach hätt no engem gudden Iessen ënner Frënn gesot: „Et war de Prënz“. Den Numm Guillaume wier duerch en Iertum genannt ginn.

Bommeleeër: Interview mam Henri Etienne.
.

Et wier elo un den Enquêteuren, fir z'iwwerpréiwen, wat genee d'Wuert Prënz bedeite géif.

Den Henri Etienne gëtt de 25. Februar, de selwechten Dag wéi de Jean-Claude Juncker, als Zeien am Bommeleeër-Prozess gehéiert.

RTL
RTL