Den Affekot hätt um Méindeg fir d’éischt vun engem Enquêteur héieren, dass de Grand-Duc sengem Fils Rechter ofgesprach huet - deen hätt also net verzicht!

Den Ex-Enquêteur Paul Haan huet e Méindeg am Nomëtten, um Ufank vum 136. Sëtzungsdag am Bommeleeër-Prozess, eng Ausso a Bezuch op de fréieren Enquêteur Jean Disewiscourt gemaach. Deen hat jo engem Wort-Journalist no erkläert, hie wéisst, ween de Bommeleeër wär; hie kéint an dierft et awer net soen a géif dat Geheimnis mat an d’Graf huelen.

De Paul Haan huet erzielt, dass hien zesumme mam Jean Disewiscourt an d’Pensioun goung. Si wäre beim Fernand Diederich, dem Chef vun der Gendarmerie, um Büro gewiescht, wéi deen op eemol gefrot hätt, ween de Bommeleeër wär. Do hätt de Jean Disewiscourt genee datselwecht geäntwert. Obwuel de Fernand Diederich 10 Minutten hannerun him gewiescht wär, fir dass hien den Numm sollt soen, hätt hien näischt gesot, sou de Paul Haan.

Op d'Fro vum Procureur Georges Oswald, ob dat éischter am Spaass gesot gouf oder eescht gemengt war, sot de Paul Haan, dat wär eescht gemengt gewiescht!

Beweisstécker ... verschwonnen an ugepaakt

Dono war et um Armand Dousemont, fréiere Member vun der Police technique, fir auszesoen, deen d’lescht Woch dem Procureur Georges Oswald e Bréif geschriwwen hat.

Den Zeie sot zum Volet BKA, dass e puer Mol Leit vum Bundeskriminalamt am Land waren. Wat de Volet André Glodt/Armand Schockweiler ugeet, hätt deen André Glodt him eng Kéier gesot, dass Bommeleeër-Beweisstécker net erëm komm wären; hie wéisst zwar net, ob et effektiv Stécker vum Attentat zu Hollerech waren, mä den André Glodt hätt déi Ausso gemaach. Deen hätt sech gefrot, firwat den Armand Schockweiler Saache vum Bommeleeër matgeholl hätt. Donieft sot den Zeien a Saache Jos Steil, dass deen eng Kéier ugeruff hätt, fir zesumme mat Leit vun der Brigade mobile Beweisstécker kucken ze kommen; et hätt jiddereen déi ugepak, ma den Armand Dousemont hätt sech näischt dobäi geduecht.

Den Armand Dousemont huet nach, ouni eng genee Zäitindicatioun kënnen ze ginn, preziséiert, dass deen Episod Glodt/Schockweiler geschitt wär zu engem Zäitpunkt, wou de Bommeleeër kee Sujet méi war. Dem Procureur Georges Oswald no kéint dat deemno net Mëtt der 80er Joer gewiescht sinn.

Me Vogel wëll Grand-Duc Jean héieren

De Me Vogel huet doropshin erkläert, dass hien de Grand-Duc Jean wéilt héieren, wat de Verzicht vum Prënz Jean op d'Trounrecht ugeet. Hien hätt haut fir d’éischt aus dem Mond vum Enquêteur Carlo Klein, op Nofro hin, héieren, dass de Grand-Duc Jean sengem Fils, dem Prënz Jean, déi Rechter ofgesprach hätt; bis ewell wär ëmmer dovu rieds gaangen, deen hätt op dat Recht verzicht!

Doropshi gouf mam Virliese vun den Depositioune vum André Glodt a vum Armand Schockweiler ugefaangen.

Visite um Mëttwoch de Moien ...

No enger ganz laanger Sëtzungspaus huet d'Riichterin Sylvie Conter matgedeelt, dass d'Riichteren, d'Vertrieder vum Parquet an d'Affekote vun der Defense e Mëttwoch de Moie bei de fréiere Procureur Camille Wampach wëlle goen, eventuell zesumme mam Henri Etienne; dee Moment soll de Punkt gekläert ginn, ob dee Camille Wampach dem Henri Etienne sot, de Prënz Guillaume wär de Bommeleeër.

E Mëttwoch de Mëtte géif déi Depositioun da virgelies ginn.

Um Méindeg gëtt een dofir um Geriicht an der Stad net fäerdeg mam Virliese vun den Depositioune vum André Glodt a vum Armand Schockweiler; dat geschitt dann en Dënschdeg de Mëtten um Ufank vun der 137. Sëtzung.

Keng Konfrontatioun Hoffmann-Vogel

Wéinst Calomnie sollt et um Méindegmoien um Stater Geriicht zu enger Konfrontatioun tëscht dem Maître Gaston Vogel an dem fréiere Chef vum Geheimdéngscht Charles Hoffmann kommen. De Prozess gouf awer op den 8. Dezember verluecht. De Charles Hoffmann hat Plainte géint de Gaston Vogel gemaach, well dësen den Ex-SREL-Mann an engem Interview ee Ligener genannt hat. Fir den Affekot vum Gaston Vogel, de Me Pol Urbany, kinnt dës Affär och am Kontext Bommeleeër nach wichteg ginn.