Juncker seet aus, Vogel flippt aus

Um Dënschdeg war de fréiere Premier Jean-Claude Juncker als Zeien am Bommeleeër-Prozess geruff - fir iwwert säin Treffe bei RTL mam Zeien Eugène Beffort auszesoen ... ma um Enn goung et vill ëm de Prënz Jean, deen den Zeie jo bei engem Attentat gesi wëll hunn.
Groussen Interessi un der Seance um Dënschdeg, well de fréiere Premier als Zeien ausgesot huet. Op en Enn goung den Dag mat engem zolitte Sträit.
Wien um Dënschdeg am Geriicht oder am Sall vun der direkter Retransmissioun wollt derbäi sinn, deen huet musse fréi u sinn: Den Interessi war risegrouss, well de fréiere Premier Jean-Claude Juncker als Zeie geruff war. Hie sollt beschreiwen, wat de verstuerwenen Zeien Eugène Beffort him uvertraut hat a wéi en Androck hie vun deem Zeien hat.
Bei der Auditioun vum Zeie Juncker gouf awer och séier de Prënz Jean zum Sujet - an d'Fro koum op, firwat deen da wierklech op den Troun verzicht hätt ... De JCJ wollt sech net esou richteg äusseren an huet op den deemolege Staatsminister Santer verweisen, de Me Vogel hat awer ewell eng Theorie am Kapp ...
De Prënz oder vill méi d'Prënze Jean a Guillaume waren dono och en Thema an den Aussoe vum Henri Etienne a vu senger Fra Nicole Poos: Hat den deemolege Procureur Camille Wampach no engem Iessen an der Fondation Pescatore gesot, "et war de Prënz", oder just, et hätt een ëmmer gemengt, et wier de Prënz gewiescht. An ass éieren den Numm Jean gefall oder net a firwat huet den Henri Etienne, wéi e mam Procureur General Robert Biever telefonéiert huet, op eemol vum Guillaume geschwat? Äntwerten op déi Froe wëll d'Geriicht um Mëttwoch de Moien an der Fondation Pescatore fannen, wann een de Camille Wampach besiche geet - zesumme mam Henri Etienne a senger Fra.
Ob den Numm Guillaume wierklech gefall ass, wollt een direkt vum Procureur General Robert Biever wëssen. Dee war formell ... a krut sech um Wupp vun der Seance mam Me Vogel an d'Hoer, esou datt den Affekot ganz uerg aus der Haut gefuer ass an op ee vulgäre Langage zeréckgegraff huet. De Grond war, datt de Procureur General op déi provokativ Fro vum Maître, ob en hien dann och besiche kéim, geäntwert huet, e wier scho bei him gewiescht. Firwat de Me dunn aus der Këscht gesprongen ass, war fir Aussenstehender net ze verstoen - hat awer allem Uschäin no näischt mat der Affär Bommeleeër ze dinn ...
Um Donneschdeg dierft den Interessi um Prozess nach eemol ganz grouss sinn, well da sinn déi 2 Prënzen als Zeie geruff.
Hei drënner de Compte rendu vun der JCJ-Auditioun, ganz drënner dann de Liveticker fir nozeliesen.

"Staark interpelléiert"
Ronn 35 Minutten huet dem Jean-Claude Juncker säin éischte vu wahrscheinlech e puer Optrëtter als Zeien am Bommeleeër-Prozess gedauert. Den Ex-Staatsminister krut dobäi vun der Riichterin Sylvie Conter an der Haaptsaach Froe gestallt iwwer seng Entrevue, am November 2005, mam Zeien Eugène Beffort; deen hat jo, wéi hie bis zu sengem Doud ëmmer erëm sot, nëmme Stonne virum 1. Attentat um Findel de Prënz Jean an der direkter Noperschaft vum Fluchhafe gesinn.
De Jean-Claude Juncker sot en Dënschdeg am Nomëtten, déi Ausso op RTL Radio an Télé Lëtzebuerg, déi hien deemools zougedroe kritt hätt, hätt hie staark interpelléiert. Nodeems hien dorop ugeschwat gouf, goung de fréiere Premier an de Ministerrot an huet mat senge Kollegen doriwwer beroden. Dat well de Jean-Claude Juncker d’Impressioun hat, den Zeien hätt een identifizéiert, deen am ëffentleche Liewe stoung, dass den Zeien dat fir sech sollt halen, fir net a Schwieregkeeten ze kommen, an dono och observéiert gi wär ...
"Net geschockt, mä beandrockt"
Am Ministerrot wär een dunn zur Konklusioun komm, den Zeien um Briefing fir d’Press opzefuerderen, fir dem Staatsminister ze soen, wat e gesinn hätt. Den Eugène Beffort souz dee Moment mam Nico Graf a mam Marc Thoma zesummen. Den Nico Graf sot dem Premier, den Zeie wéilt mat him eleng schwätzen, wougéint de Jean-Claude Juncker de Justizminister Luc Frieden wollt dobäi hunn, ma et blouf um Enn beim Regierungschef eleng. Deen huet den Zeien 3 Deeg drop bei RTL gesinn, an den Eugène Beffort huet him dobäi op en Ziedel den Numm vum Prënz Jean geschriwwen, wouropshin de Jean-Claude Juncker sot, hie géif déi Informatioun un de Parquet weider ginn. De Politiker huet betount, hie wär, Zitat, "net geschockt, mä beandrockt gewiescht iwwert déi Informatioun". Hien hätt net geduecht, den Numm vum Prënz genannt ze kréien, obwuel deen an der Rumeur war, mä wär net sou iwwerrascht gewiescht, wéi et hien iwwerrascht hätt, wann et déi Rumeur net ginn hätt. Hien hätt de Procureur Robert Biever kontaktéiert, deen a Präsenz vum Justizminister gesinn an him gesot, wat den Eugène Beffort erzielt hat.
"Net méi zoustänneg"
Deen Eugène Beffort huet de fréiere Premier eng sympathesch Erscheinung genannt, deen d’Impressioun ginn hätt, dass e gegleeft huet an dovun iwwerzeegt war, wat e gesot huet. Zwee Deeg no der Entrevue mam Zeie goung de Jean-Claude Juncker dunn an de Palais, nodeems hien de Grand-Duc den Dag virdrun ugeruff hat, a sot dem Staatschef dat, wat den Zeien erkläert hat. De Grand-Duc Henri sot doropshin, e kéint dat net gleewen. De Jean-Claude Juncker huet deklaréiert, dem Grand-Duc nach gesot ze hunn, dass hien de Robert Biever doriwwer informéiert hätt an elo net méi zoustänneg wär.
De Me Vogel wollt doropshi vum Ex-Staatsminister Informatiounen doriwwer hunn, ob de Prënz Jean op den Troun verzicht huet oder net. De Jean-Claude Juncker huet ënnerstrach, hie wéisst dat net; d’Geriicht sollt den deemolege Premier Jacques Santer dat froen. Hien hätt eng Erënnerung, dass iwwert dat Thema geschwat gouf, mä hie wär net en charge gewiescht, an de Staatsminister vun där Zäit hätt och anere Ministere keng Detailer ginn iwwer seng Gespréicher mam Grand-Duc. Op d’Fro vum Me Vogel, firwat de Prënz Jean seng Rechter zeréckkritt hätt, war et d’Äntwert, de Grand-Duc Henri hätt him, Jean-Claude Juncker, gesot, hie wéilt dat maachen, an de Premier wär domat d’accord gewiescht. An den Ae vum Grand-Duc Henri wären d’Grënn, firwat de Grand-Duc Jean net mam Bestietnis vum Prënz Jean averstane war, nämlech keng gewiescht. Wat de Me Vogel als forcéierten Trounverzicht versteet!
Um Enn wollt d’Presidentin vum Geriicht nach vum Zeie wëssen, ob dee wéisst, ween de Bommeleeër war. "Wann ech dat wéisst, wéisst Dir et scho laang!", war d'Replique vum Jean-Claude Juncker.
LIVETICKER FIR NOZELIESEN
[widget type="liveticker" ticker="cat_live_240214"]