De Prozess ass um Mëttwoch de Moien an de Pescatore gepilgert, bei de fréiere Procureur général Camille Wampach. Um 15 Auer war dunn déi 138. Sëtzung.

An der Bommeleeër-Affaire goufen et um Mëttwoch also 2 verschidden Etappen: moies d'Visite an der Fondation Pescatore a mëttes dee mëttlerweil "normale" Prozess.

Eraus dem Geriicht eraus ...

De fréiere Procureur général Camille Wampach soll jo gesot hunn, e Prënz oder de Prënz oder de Prënz Guillaume wier e Bommeleeër gewiescht. Wat am Pescatore geschwat ginn ass, dat war direkt no der Visite awer nach geheim.

D'Defense-Affekote Gaston Vogel a Lydie Lorang soten herno:

Gaston Vogel: Et ass e huis-clos. Mir kënne mengen ech net do am Detail driwwer schwätzen. Mir zwee si ganz zefridden mat deem wat dobäi rauskomm ass. A méi soe mer lo de Moment net.

Marc Thoma: Et ass ëmmer gesot ginn den Här Wampach, deen hätt Problemer ...

Gaston Vogel: Den Här Wampach ass extrem lucide ... sou wéi Dir an ech. A wann ech sou wär an deem Alter wou hien ass, da wär ech äusserst zefridden. Parkinson schéint en och net ze hunn. An e lallt och net an d'Oueren eran, wéi dat vum Här Klein duergestallt ass ginn. Et ass en normale Mënsch, deen e wéineg Sproochschwieregkeeten huet, mä mir hunn en alleguerten exzellent verstanen. Mir hunn net bräichte mam Ouer bei säi Mond ze goen, fir en ze verstoen, sou wéi den Här Klein dat duergestallt hat. Méi soe mer net. De Mann huet en exzellenten, luciden an e gutt Erënnerungsverméigen.

Marc Thoma: Dat heescht, Dir sidd dann awer trotzdem zefridde wat erauskomm ass?

Gaston Vogel: Dat Wuert trotzdem ass ze vill. Mir sinn zefridden!

Lydie Lorang: Et war eng konstruktiv Auditioun.

AUDIO: D'Affekote Lydie Lorang a Gaston Vogel

Méi Geneeës iwwer de huis-clos am Pescatore gouf et dann am Prozess um Mëttwoch de Mëtteg.

Eran an d'Geriicht ...

Um Ufank vum 138. Sëtzungsdag am Bommeleeër-Prozess huet virop eng Zeien am Zesummenhank mam Attentat um Findel ausgesot.

Jorelaang op Police gewaart

D'Maryse Fisch wär den Owend virum Knuppert nom Kino heemgefuer an hätt no beim Findel eng Persoun iwwert d’Strooss lafe gesinn a Richtung Fluchhafen. Si hätt der Police den aneren Dag ugeruff, ma doropshi wär ganz laang näischt geschitt; eréischt 2-3 Joer dono wär ee laanschtkomm.

De Procureur Georges Oswald huet Divergenze mat der Aktennotiz ugefouert, wourops stéing, si hätt am fréien Owend zwou Persounen do gesinn.

D'Zeie sot, dat wär falsch, a si ass bei hirer Ausso bliwwen.

"Veraarscht virkomm"

Dono war et um Robert Schommer, engem weideren Zeie vum Attentat um Findel, fir auszesoen.

Hien hätt den Dag virdrun op engem Terrain Stréi erageholl a wär en anere Wee gefuer wéi normal, wéi hien a seng Fra eng Jeep mat enger opfälleger bloer Faarf gesinn hunn, déi zum Fluchhafen zougedréint war. Si wären hanne laanscht gefuer an hätte gesinn, wat dra loung, an zwar eng Munitiounskëscht a Kabelen. Du war e Mann, e sportleche Kärel, do getrëppelt komm, wouropshin hien a seng Fra ironesch gemengt hätten: "Wann et elo knuppt, dann hu mer e Bommeleeër gesinn!" Den Dag dono huet et du geknuppt.

Hien huet doropshin der Police ugeruff an do gesot kritt: "Waart, bis mer Iech ruffen"; dat hätt awer eng Éiwegkeet gedauert. Dofir hätt sech de fréiere Wort-Journalist Josy Lorent ageschalt, deen e Rendez-vous krut; hie gouf dohi geruff an ass sech do, Zitat, "veraarscht virkomm", soudass hien dono näischt méi mat der Bommeleeër-Affär wollt ze dinn hunn. Hie wär duerchernee gemaach ginn an hätt seng Fra doheem misse froen, wéi de Mann ausgesinn hätt. Hie wär bei der Police net serieux geholl ginn; Deeg drop hätt hien déi Persoun dunn op enger Bensinsstatioun um Findel erëmgesinn. Et wär net de Prënz Jean, an et misst een ee sichen, deen ausgesäit wéi de Pierre Reuland.

Bei engem Policefest zu Munneref hätt hien eng Kéier gesot, et wär e Bommeleeër do, wéi hien de Prënz Guillaume gesinn huet; dat hätt hien awer méi am Witz gesot.

Menace vu verstuerwenem Riichter?

Dem Robert Schommer no hätt och e verstuerwene Riichter him gesot, e sollt de Bak halen, soss krit en eng Kugel an de Réck; donieft géif säin Telefon och iwwerwaacht ginn. Dee Riichter hätt him d'Motiv fir d'Attentater genannt: Et hätt fuerchtbare Kaméidi an der Gendarmerie ginn, ee géif deen anere friessen a soulaang se keng zwou Sektioune kriten, géife Bomme geluegt ginn.

D'Persoun, déi hien op der Bensinsstatioun erëmgesinn hat, wär do mat engem Volkswon Multivan ënnerwee gewiescht; d'Zuelen 1 an 9 wären en Deel vun der Plack gewiescht.

D'Edda di Leonardo huet dono d'Aussoe vun hirem Mann quasi Wuert fir Wuert confirméiert a betount, de Mann, dee si gesinn hätten, wär jonk, grouss, goureg, gefleegt gewiescht, arméiméisseg ugedoen, hätt kee Brëll gehat an donkelbrong Hoer, déi kuerz geschnidde waren. Si hätt d’Impressioun, déi Persoun op därselwechter Bensinsstatioun um Findel erëmgesinn ze hunn, sou wéi hire Mann; si kéint awer keen Numm op déi Persoun setzen.

Dementi vum Camille Wampach

Du ass d'Depositioun vum Camille Wampach, Procureur général zur Zäit vun den Attentater, virgelies ginn. Deen hat jo den Henri Etienne zejoert am Februar erëmgesinn ...

Aus der Depositioun: "Et stëmmt net, dass ech gesot hätt, et ass de Prënz; wuel ass iwwert de Prënz rieds gaangen; ech hunn de Prënz awer net beschëllegt; hunn eppes gesot am Stil 'wéi ass et da mam Prënz?' Dat war ironesch gemengt."

Et wier him e Rätsel, firwat den Henri Etienne dat - also eppes aneres - seet. De Camille Wampach weess och net, ob de Prënz Rechter ewechgeholl krut; den Titel gouf dem Prënz ofgeholl. Ma en hätt effektiv gesot, eng Jorhonnertaffär géif duergoen; wollt, dass et heimat net d’selwecht géif goen ...

"Perséinlech geduecht, et wären d'Amerikaner"

Weider Aussoen: "Mengen net, mam Ben Geiben geschwat ze hunn; hat d’Gefill, dass Enquête op ville Plaze sabotéiert gouf, z.B. um Niveau vun der Gendarmerie; Kampf tëscht Prosper Klein an Aloyse Harpes; wosst net, dass Piècen aus dem Dossier verschwonne sinn; kee Beweis, dass e Prënz ee vun de Bommeleeër wär; Geheimdingscht net mat Justiz geschafft, mä Enquêtë gemaach; weess näischt vu Pedophilie-Affär mat Bezuch op Ben Geiben."

An hien hätt d'Gefill gehat, am Kontext vum Geheimdéngscht, d'Amerikaner kéinten hannendru stiechen. Zitat: "Perséinlech geduecht, et wären d'Amerikaner."

Bommeleeër-Prozess, 138. Dag
Wampach dementéiert, Prënz beschëllegt ze hunn.
Menace géint de Robert Schommer
Dem Robert Schommer no hätt och e verstuerwene Riichter him gesot, e sollt de Bak halen, soss krit en eng Kugel an de Réck.