Mat vill Spannung gouf op d'Suite vum Mammutprozess um Donneschdegnomëtteg gewaart, dat well de Prënz Jean a säi Brudder Guillaume als Zeie geruff waren.

Den Zeien Eugène Beffort, deen entretemps verscheet ass, hat jo 2005 ausgesot, de Prënz Jean am Kader vum Attentat um Findel an der Nuecht vum 8. op den 9. November 1985 gesinn ze hunn. An datt eng Rumeur seet, de Prënz Jean wier den oder wier ee vun de Bommeleeër, ass jo allgemeng bekannt. Wie sech an deem Punkt um Donneschdeg eppes Neies erhofft hat, dee gouf awer enttäuscht - éischtens war de Prënz als Zeie geruff an zweetens huet hie probéiert duerzeleeën, datt den Zeie Beffort sech geiert muss hunn ...

Fir d'Defense vun den 2 Ugeklote Wilmes a Scheer bleiwen egal wéi Zweiwel: Den Alibi wier net komplett, et wier net ze gleewen, datt de Prënz eréischt 2005 vun de Rumeuren iwwert sech selwer héieren hätt, an d'Fro, firwat hien - 4 Méint no der Attentatsserie - op den Troun verzicht hätt, wier nach ëmmer net kloer beäntwert.

Hei eng Synthèse vum Prozessdag,
de Liveticker fir nozeliesen drënner

Als éischt gouf um Donneschdeg d'Hélène Vestur, Ex-Fra vum Prënz Jean gehéiert. Du war et um Prënz Guillaume an als Drëtte war de Prënz Jean selwer drun.

RTL

Hélène Vestur: Mäin Ex-Mann Jean ass kee Bommeleeër

Um Ufank vun der 139. Sëtzung am Bommeleeër-Prozess ass d’Ex-Fra vum Prënz Jean gehéiert ginn. D’Hélène Vestur, déi 17 Joer mat him bestuet war, huet dobäi e positiivt Bild vun hirem fréiere Mann gezeechent. Si geséich hien net als Bommeleeër oder Kompliz dovun a kéint sech net virstellen, dass hien hir sou eppes iwwert déi gemeinsam Jore verstoppt hätt!

Den Owend virum éischten Attentat um Findel wär de Prënz Jean bei hir zu Paräis gewiescht a vun do aus weider gefuer op eng Juegd bei de Fils vum fréiere franséische President Valéry Giscard d’Estaing. Mat där Ausso wär déi vum Eugène Beffort widderluecht, deen de Prënz Jean an de fréie Moiesstonne vum Dag vum Attentat op de Fluchhafen do an der Géigend gesinn hat.

D’Affekote vun der Defense an d’Presidentin vum Geriicht hunn der chicer Fra doropshi Froe gestallt iwwert den Trounverzicht vun hirem Ex-Mann. De Prënz hätt dat aus fräie Stécker gemaach, well si schwanger war an déi zwee decidéiert haten, sech ze bestueden; den Trounverzicht géif sech duerch dem Prënz säi Wonsch erklären, fir eng Famill ze grënnen. D'deemoleg Grande-Duchesse wär awer net d’accord gewiescht mat der Hochzäit, v.a. wéinst där Schwangerschaft.

Dass hire Mann an der Rumeur war, fir e Bommeleeër ze sinn, dovun hätt si ni héieren a wär ni doriwwer informéiert ginn, sou d’Hélène Vestur, fir déi dat awer net weider iwwerraschend wär, well de Lëtzebuerger Haff hätt hir Famill ni informéiert.

Op d’Rumeur hätt hiren Ex-Mann wuel zesumme mam Grand-Duc a mam Hofmarschall reagéiert; dat sollt een hien awer am beschte selwer froen, huet d’franséisch Zeie gemengt.

Um Enn vun hirer Depositioun sot d’Hélène Vestur nach, de Prënz Jean géif zu Onrecht mat den Attentater a Verbindung bruecht ginn, ma si hätt Vertrauen an d’Justiz!

RTL

D'Arrivée vun de Prënzen-Zeien.

Prënz Guillaume: Net méi vill Erënnerungen

D’Auditioun vum Prënz Guillaume war eng kuerz! De Prënz huet um Ufank vu senger Depositioun drun erënnert, dass hien am Joer 2000 e schwéieren Autosaccident hat a säi Gediechtnes doduerch gelidden hätt; hie kéint sech z.B. net méi u seng Hochzäit erënneren. Dovun, dass iwwert de Prënz Jean als Bommeleeër geschwat géif ginn, hätt hien eréischt an de leschte Joren héieren, a soss kéint hie sech un net méi vill erënneren. Op d’Fro vum Me Vogel, ob hien un engem Attentat deelgeholl hätt, huet de Prënz Guillaume Nee geäntwert. Fir de Me Vogel an d’Me Lorang huet déi Auditioun deemno net vill bruecht.

Prënz Jean: Ech war zu Paräis

Den drëtten Zeie vum Nomëtteg huet ze verstoe ginn, datt den Zeien hie guer net kéint gesinn hunn, well hien deen Ament ewell op enger Juegd bei Paräis gewiescht wier. Zwar hätt den Organisateur dovun, de Fils vum Valéry Giscard d'Estaing, attestéiert, de Prënz hätt fir samschdes a sonndes zougesot, ma hie wier awer ewell um Freidegowend dohi gefuer an um Samschdegowend nom Iessen nees hannescht op Paräis bei d'Hélène Vestur.

Den Defense-Affekot Gaston Vogel war no der Auditioun vum Zeie Jean de Nassau guer net zefridde mat deem, wat hien héieren hat: D'Renonciatioun op den "droit régalien", also op den Troun, am September 1986, eng 4 Méint no de leschten Attentater, wier weider e "gravë Mystère" an all Explikatioune  wieren "nebulös". Et misst een op de Fong vun der Renonciatioun goen, well wann déi mam Bommeleeër zesummenhänkt, esou de Me Vogel, "da si mer e ganz Stéck weider".

Och den Alibi wier net komplett! Fir een Dag bléif einfach en Doute.

AUDIO: De Gaston Vogel iwwer de Prënz Jean

Ee weideren net ganz kloere Punkt betrëfft dann d'Rumeur iwwer de Prënz als Bommeleeër. Déi Rumeur war 1987 schonn duerch eng Pressekonferenz bekannt ginn an et waren och zwee Gendarmeries-Offizéier op den Haff zitéiert gi wéint deeër Rumeur. De Prënz Jean sot awer, hien hätt vun deem Gerücht eréischt am November 2005 héieren. Fir d'éischt hätt hie gelaacht an du wier hie schockéiert gewiescht.

AUDIO: De Prënz Jean
AUDIO: No der Auditioun: Prënz Jean, Me Vogel, Me Lorang

Schreiwes vum Haff

Kuerz virun 19 Auer huet de "Maréchalat de la Cour" nach matgedeelt:

Leurs Altesses Royales le Prince Jean et le Prince Guillaume de Luxembourg ont été entendues aujourd’hui au tribunal comme témoins dans le cadre du procès dit "Bommeleeër".

Ayant toujours respecté leur devoir de réserve, les Princes sont heureux d’avoir pu s’exprimer dans l’espoir que cela puisse enfin mettre un terme à toutes les allégations et rumeurs qui ont entaché la réputation de la Famille grand-ducale, et plus particulièrement celle du Prince Jean, depuis de longues années.

La Cour grand-ducale fait confiance à la justice afin que toute la lumière soit faite sur cette affaire et encourage toutes les personnes concernées à y contribuer.

RTL

De Prënz Jean no senger Auditioun. / © Alain Lamesch

Groussen Interessi wéinst Prënzen viru Geriicht
Weidere prominenten Optrëtt viru Geriicht mat de Prënze Jean a Guillaume. Den Interet bei Public a Journalisten war nees grouss.
Bommeleeër-Prozess, 139. Dag
Prënz Jean gesäit sech zu Onrecht verdächtegt, Defense zéckt

Déi nächst Woch am Bommeleeërprozess:

De Méindeg ass keng Audienz.

En Dënschdeg kommen d'Zeien Jean-Paul Schneider, Mireille Brandenbourger, Carlo Raus, Nadine Rausch.

E Mëttwoch dann de Willi Bauer, Serge Schimoff, Edouard Hrebicek, Gérard Stoffels.

Fir en Donneschdeg sinn d'Zeien nach net festgeluecht ginn.  

LIVETICKER FIR NOZELIESEN

[widget type="liveticker" ticker="cat_live_270214"]