"Ech weess, wien et ass, ma ech duerf näischt soen"

De fréieren Ermëttler Jean Disewiscourt sot, hie misst säi Wësse mat an d'Graf huelen, esou den Zeie Jean-Paul Schneider, Journalist am Lëtzebuerger Wort.
Als Éischte gouf en Dënschdeg de Mëtten de Carlo Raus gehéiert, een Zeie vun der Defense. De fréiere President vun der Bauerenzentral sollt d'Aussoe vum Zeie Schommer ënnermaueren, datt een Enn November 1985 nach konnt Stréi eranhuelen. De Bob Schommer hat a senger Ausso zum Attentat um Findel nämlech vun Stréi geschwat, dat hie selwer erageholl hätt. Et wier net den Zäitpunkt vum Eranhuelen, dee wichteg wier, mä den Zäitpunkt, wéini et gedrescht gëtt, sot de Carlo Raus. Et wier absolut méiglech, nach am November d'Stréi eranzehuelen. Mä et misst ee gutt Wieder hunn, eng Period vun 8 bis 14 Deeg. Domadder wor den Zéien dann och fäerdeg.
Wësse mat an d'Graf huelen
Dono gouf den LW-Journalist Jean-Paul Schneider gehéiert. Hien huet confirméiert, datt de fréieren Ermëttler Jean Disewiscourt no enger Häerzoperatioun e Buch wollt schreiwen, fir dat Erliefnis ze verschaffen. De Jean-Paul Schneider hätt dem Ermëttler bei sengem Buch gehollef. D'Buch heescht "Jemand berührte sanft meine Wange", en Titel, deen de Moment beschriwwen huet, wou de Jean Disewiscourt aus der Narkos erwächt war. Well de Jean-Paul Schneider awer näischt fir seng Hëllef wollt bezuelt kréien, hätt de Jean Disewiscourt hien e puer Mol fir d'Iessen invitéiert.
"Do huet e wuertwiertlech zu mir a menger Fra gesot, datt hie wéisst, wien de Bommeleeër wier, mä datt hien et net dierft soen. Hie kéint et mol senger Fra net soen", sou de Jean-Paul Schneider. En hätt gesot: "Ech weess, ween de Bommeleeër ass. Ech kann an ech däerf et net soen, souguer net eisem Gabby. Ech muss et mat an d'Graf huelen." De Jean Disewiscourt ass am Fréijoer 2010 gestuerwen.
Ob hien net weider nogefrot hätt, wollt d'Riichterin wëssen. "Nee, ech wollt en net als Korrespondent verléieren an ons Relatioun net op d'Spill setzen. Hien war e reservéierte Mënsch", sou den Journalist. "Mä ech gleewen him, datt hien et wosst." Nodeems den LW-Journalist Josy Lorent viru Geriicht ausgesot hat ("Den Här Disewiscourt huet dem Jean-Paul Schneider dat erzielt"), hätten nach aner Aarbechtskollegen dem Jean-Paul Schneider erzielt, datt de Jean Disewiscourt hinnen dat selwecht erzielt hätt.
Héije Respekt, ma revoltéiert
"Ech ka mech un dee Saz nach erënneren", huet dunn d'Mireille Brandenbourger dem Jean-Paul Schneider seng Ausso confirméiert. D'Fra vum Journalist hätt och net de Courage gehat, weider nozefroen. "Ech war revoltéiert, mä ech hat héije Respekt virun deem Mann", sot d'Mireille Brandenbourger. "Sou iwwerzeegend, wéi hien dat eriwwerbruecht huet, huet hien et och wierklech gewosst." Et wier zwar eng Méiglechkeet, datt den Ermëttler wollt uginn, mä si wéilt dem Mann dat awer net ënnerstellen. Dono wier och ni méi doriwwer geschwat ginn.
Ex-Kannermeedchen: Näischt vun där Affär héieren
Als lescht Zeie vum Dag huet en Dënschdeg de Mëtten d'Nadine Rausch ausgesot, e fréiert Kannermeedchen um groussherzoglechen Haff. D'Riichterin huet rappeléiert, datt ee gewëssenen Här Hurt d'Defense kontaktéiert hat, well si "gewësse Saachen" erzielt hätt. "Wat hat ech gezielt?", huet d'Nadine Rausch dorops hin gemengt. "Datt Dir an der Summer-Residenz zu Cabasson Zeie gi sidd vun engem Gespréich tëscht dem Groussherzog Jean a senge Kanner?", seet d'Riichterin a mengt domadder déi Ausso, datt de Grand-Duc zum Prënz Jean soll gesot hunn: "Wann s du eppes mat de Bommen ze dinn hues, da rabbelt et." Mä d'Zeie wénkt of. Dat wier net wouer. Si hätt zwar villes do héieren, mä näischt an dëser Affär.
Ex-Kannermeedchen: Näischt an deem Sënn matkritt
Den Här Hurt hätt awer gemengt, datt d'Zeien een "interessant Wëssen" iwwert dës Affär hätt, seet d'Riichterin. Dem Här Hurt no hätt si him erzielt, datt an deem Kontext och vum Pierre Werner sengem Fils rieds goung. De Prënz Jean hätt och seng Rechter missen ofginn am Kader vun dëser Affär. "Hien sot och, datt hien Iech géing gleewen an dat hie keen Grond hätt, un Ären Aussoen ze zweiwelen."
D'Nadine Rausch sot doropshin nach eng Kéier, datt si dem Mann ni sou eppes erzielt hätt. Si géing den Här Hurt zwar kennen, mä sou eppes hätt si ni matkritt. Et wier zwar alt an der groussherzoglecher Famill gestridde ginn, mä dat kéim an deene beschte Famillje vir. "Ech hunn näischt sou zu Cabasson héieren. Ech hunn alt Kaméidi a Sträit matkritt, mä näischt an deem Sënn."
Defense wëll Géigeniwwerstellung
Den Affekot Gaston Vogel huet d'Zeien du gefrot, ob si an de leschten Deeg vun engem ënner Drock gesat gi wier, fir viru Geriicht näischt ze soen. "Nee", sot d'Nadine Rausch. Den Affekot huet dunn dorop bestanen, d'Zeie mam Hurt ze confrontéieren.
Domadder war d'Sëtzung vum Dënschdeg dann och eriwwer.