Henri Etienne: Opklärung just nach eng Saach vun Deeg

De Procureur Georges Oswald huet um Ufank vun der 141. Sëtzung am Bommeleeër-Prozess erkläert, dass hien en intressant Schreiwes vum Henri Etienne krut.
An deem Schreiwes géif dovu Rieds goen, dass d'"Opbrieche vum Mantel des Schweigens" just nach eng Saach vun Deeg wär. De Vertrieder vum Parquet huet nach matgedeelt, dass den Zeien Antoine Feidt en Donneschdeg net do wär an de Pierre Reuland an de Charel Bourg d’nächst Woch hir Dépositiounen iwwerliese kéimen.
Dono war et um Tour vum Louis Giscard d’Estaing fir auszesoen. De Fils vum fréiere franséische President huet um Ufank vu senger Auditioun betount, dass hien de Prënz Jean déi lescht Deeg net gesinn an och net mat him geschwat hätt; hie wär awer vum Prënz doriwwer informéiert ginn, dass hien als Zeie géif geruff ginn.
De Louis Giscard d'Estaing huet 2005 eng Attestatioun ofginn, dass de Prënz den 9. an den 10. November 1985 bei enger Juegd am Departement Loir-et-Cher dobäi war a freides owes, d.h. den Dag virum Ufank vun der Juegd, do ukomm wär. De Prënz wär wuel samschdes owes nom Iesse fortgefuer a wuel an der Nuecht op e Samschden op der Plaz gewiescht; an den Ae vum Zeie wär et iwwerraschend, dass de Prënz freides owes fortgefuer a samschdes moies erëm zeréckkomm wär.
Dem Zeien no wär ni e Juegdparticipant mam Helikopter op d'Plaz komm; et wär och e Feeler am gëllene Buch vun der Juegd, dass déi Juegd am Dezember war. De Prënz Jean hätt hien an den USA kenne geléiert; doropshi koum et zu Meenungsverschiddenheete mat den Affekote vun der Defense iwwer Fotoe vun där Juegd. D'Me Lorang an de Me Vogel ginn dovun aus, dass Fotoen, déi vun 1985 solle sinn, éischter vun 1987 sinn!
Fir de Louis Giscard d’Estaing war et och eréischt zanter 2005 eng Rumeur, dass de Prënz e Bommeleeër sollt sinn.
Dono gouf de Willi Bauer gehéiert, de fréiere Chef vun der Radionavigatioun, der Kommunikatioun an dem Radar vum Fluchhafen. Déi nei Navigatiounsanlagen, déi de Findel an den 80er Jore krut, wären den „dernier cri“ gewiescht; doduerch wär et ë.a. och méiglech gewiescht, bei Niwwel ze landen. Do virdrun hätte Maschinnen an deem Fall anerwäerts misse landen, sou dass d'Fluchgesellschaften zefridde gewiescht wäre mat den Neierungen.
Den Zeien huet betount, dass de Findel déi Zäit en zweet Klass-NATO-Fluchhafe war. Hie selwer wär nom zweete Knuppert op d’Plaz komm an hätt direkt gesinn, wat geschitt war; den Offizéier Charel Bourg wär och op der Plaz gewiescht. Der Luxair wär méi dru geleeë gewiescht wéi der NATO, dass d'Anlagen erëm séier operationell waren. Nodeems de Jean Feyereisen d'Täscheluucht fonnt hat, déi him an der Hand explodéiert war, wären eng Dose Leit, dorënner och de Charel Bourg, duerch d'Wiss nobäi gelaf, fir eng méiglech aner Sprengfall ze fannen.
Fir de Willi Bauer wosst d'Gendarmerie och driwwer Bescheed, wéi een net géif erfaasst ginn, wann een iwwert den Areal lafe géif.
De Gérard Stoffels, deen zur Zäit vun den Attentater am Tower geschafft hat, huet vun engem schroen Owend vun den Attentater geschwat. De leschte Fliger war eran, wéi et op eemol extrem geknuppt hätt; hien hätt gefaart, dass den Tuerm als 3. viséiert wär. Duerch dat duebelt Attentat wären zwee Systemer ausser Betrib gewiescht an dat misst ee wëssen; dofir huet den Zeie vun engem Expert mat Insiderwëssen als Auteur geschwat, deen en héije Risiko agaange wär, awer genee gewosst hätt, wat e maache géif. Hie selwer hätt dat als Insider net fäerdeg bruecht.
Doropshi sot den Zeie Serge Schimoff, dass hien den 8. November 1985 freides owes a Richtung Musel gefuer ass an en Auto net wäit vum amerikanesche Kierfecht ewech stoe gesinn huet; et hätt dono ausgesinn, wéi wann deen net sollt gesi ginn. Hien hätt deemools wuel gesot, et wär e grénge Renault gewiescht; e Mann vun der Sûreté, dee kuerz dono bei hien op de Büro koum, mat engem Peugeot-Prospekt ënnert dem Aarm, hätt gefrot, ob et net éischter dee war. Hien hätt formell Nee dorop geäntwert.
Um Enn sot den Zeien Edouard Hrebicek aus, dass hie ganz kuerz virum 1. Knuppert owes mam Taxi laanscht de Findel gefuer wär, awer déi aner Säit; och hien hätt en Auto gesinn do stoen, an zwar en donkelen. Et hätten zwee Leit dra gesiess, déi sech suspekt beholl hätten; deemools hätt hien och vun engem grénge Renault geschwat.
Ganz um Schluss huet d'Me Lorang nach eng anonym Zeienausso zum Attentat Findel virgelies; engem Papp a sengem 16 Joer ale Jong wär 10 Minutten nom Attentat en Auto opgefall, eventuell en Daihatsu, mat zwee Leit dran, dee mat grousser Vitesse fortgefuer wär. De Bouf hätt ee Mann e puer Deeg dono beim Fluchhafen erëmgesinn; d'Affekotin huet bedauert, dass den Numm vun deem Zeien net erauszefanne war.