Nei Infoen, vun engem Fierschter, iwwert e verdächtegen Jeep; Armand Schockweiler ënnerschreift Depositioun; interessant Zeienaussoen ...

Um Ufank vun der 142. Sëtzung am Bommeleeër-Prozess huet de Procureur Georges Oswald vun enger Note au dossier zur Observatioun vum Zeie Robert Schommer geschwat.

Verdächteg Jeep ... vun engem Fierschter?

Den Enquêteur Marc Weis sot dozou, hien hätt eng E-Mail kritt vun engem Kommissär: Dora steet, e Fierschter kéint Aussoe maachen zum Jeep, deen den Zeie Schommer no beim Findel gesinn hätt. Hien hätt déi Zäit eng hellblo Jeep gehat, mat enger metallener Këscht hannen drop, an déi Zäit Stagë gemaach an där Géigend. De Won wär no engem Accident 1986 net méi ze gebrauche gewiescht, iwwerdeems hie selwer dacks op d'Bensinsstatioun Senningerbierg tanke komm wär.

Armand Schockweiler ... ënnerschreift Depositioun!

Doropshin huet den héijen Offizéier Armand Schockweiler, deen an de leschten Deeg seng Depositiounen duerchgelies huet an deem dobäi ausser Schreiffeeleren näischt opgefall wär, déi ënnerschriwwen.

Fréiere Gendaarm ... iwwert den Effet vun de Bommen

Als éischten Zeie vum Nomëtte gouf den Norbert Maes gehéiert, deen zur Zäit vun den Attentater Gendaarm war. Hie sot, hie kéint net ënnerschreiwen, dass et d'Motiv war, dass et de Forces de l’ordre duerch d’Attentater besser géif goen; d'Explosiounen hätten awer dozou bäigedroen, fir d'Onsécherheetsgefill am Land ze stäerken. Dat Gefill wär v.a. op d'arméiert Iwwerfäll an där Zäit zréckzeféiere gewiescht, a kuerz nom Doud vum Polizist Patrice Conrardy wär et zu enger dréngender Entrevue mam Minister Marc Fischbach komm. Deen hätt erkläert: "Sot elo alles, wat Der gär hätt!" D'Gewerkschaft vun de Gendaarmen, an där den Zeie war, wär iwwerrascht gewiescht vun där Vitesse.

Et wäre vill Verbesserunge komm a bis op en Helikopter alles ëmgesat ginn, sou den Norbert Maes, fir deen d'Gendarmerie deemools mat R5en op Iwwerfäll gefuer wär.

Lëtzebuerger Wort ... e puer honnertdausend Euro Schued

Dem Paul Zimmer, fréiere Generaldirekter vu Saint-Paul, no wär duerch d'Attentat op d'Gebai zu Gaasperech wuel e Schued vun e puer honnertdausend Frang entstanen.

Den Ex-Arméi-Ënneroffizéier Gustave Moes sot sengersäits, a sengem Entourage wär ni rieds gaangen iwwert d'Bommeleeër.

Zeie Greis ... "mëssbraucht" a menacéiert

Dono war et um Tour vum Guy Greis, engem Ex-Zaldot, fir auszesoen: Hien hat sech beim SREL-Chef Patrick Heck gemellt am Zesummenhank mam Colonel Armand Brück, well hien nuets alt emol deem säi Chauffeur war fir op Beideler, wuel well hien aus deem Eck war. Hien hätt sech d’Fro gestallt, ob hien net géif fir eppes mëssbraucht ginn, well hie wär a Feldweeër eragefuer, fir ze kucken, wou ee sech kéint verstoppen. De Colonel Brück hätt sech v.a. fir d'RTL-Pylônen interesséiert a gesot, et géif ëm e Manöver goen; hie selwer hätt awer näischt vu Militärexercicer an där Géigend matkritt. De Colonel wär eng Kéier nuets aus dem Auto erausgeklommen; et huet dem Zeie geschéngt, dass hie sech vill fir déi Plaz interesséiert hätt, déi nëmmen 200m vun do ewech war, wou déi éischt Sprengung war. Den Zeie sot och, zejoert wéinst sengen Aussoen iwwert de Colonel Brück menacéiert ginn ze sinn.

Stay behind wuel am Land, sou Ex-Zaldot

Den Ex-Zaldot Alain Jaans hat sech op Grond vun engem Teléreportage bei der Défense gemellt, an dat well eng Persoun doran driwwer geschwat hat, dass et keng Stay behind-Aktiounen hei am Land gouf; hie wär awer no den Attentater bei sou Exercicer dobäi gewiescht. Do wäre Saachen trainéiert ginn, wéi z.B. eng Bréck ze bewaachen; d'"Enemy"-Equipe hätt déi misse sprengen, an dobäi wären ë.a. US-Zaldoten dobäi gewiescht. Dat wär kee grousst Geheimnis gewiescht um Härebierg, an et wäre Leit forméiert gi fir Sabotage-Aktiounen. Dat Ganzt wär am Kader vun NATO-Manövere geschitt, sou den Zeien.

Hien hätt schonn an den 80er Jore vu Stay behind geschwat kritt; et wär him z.B. gesot ginn, Leit am Grand-Duché hätte ganz kloer Missiounen, fir bei engem militäresche Konflikt mam Warschauer Pakt Sabotage-Aktiounen duerchzeféieren. Dofir wäre si ë.a. equipéiert gewiescht mat Sprengstoff.

AUDIO: "En eminent wichtegen Nomëtteg" sou d'Me Lorang

Als Zeie sinn déi aner Woch geruff:

Um Méindeg Armand Giwer an um Dënschdeg Johny Michels.

Fir e Mëttwoch an en Donneschdeg misst nach gekuckt ginn, esou d'Justiz.

Bommeleeër-Prozess, 142. Dag
"Onsécherheetsgefill am Land duerch Attentater gestäerkt"