De Col. Brück huet an der Beidweiler Géigend Reconnaissance um Terrain gemat, just ier do Bommen explodéiert sinn.

Dat ass e puer Mol am Prozess gesot ginn.

An et gëtt duerfir vläit eng Explicatioun. Seet e fréieren Ingenieur vun der CLT-Ufa, den Eugène Muller. Well um Sender a ronderëm de Sender zu Beidweiler, an der direkter Noperschaft vun de Pylônen, do sinn an den 80er Joer effektiv NATO - Manövere gelaf.Radio-Sender sinn - militäresch a paramilitäresch gekuckt - éischtklasseg Ziler fir Attacken. Déi ,an d'Defense géint si, mussen trainéiert ginn. Den Eugène Muller huet sech drun erënnert, datt et an de Joeren 86-87 tatsächlech e Krichs-Spill zu Beidweiler gouf. De Sender war een Übungszil. Dee war déi Zäit besat, vu Leit vun der Lëtzebuerger Arméi. Do gouf ee Perimeter rondrëm gemaach. An dat wier grousse Kino gewiescht, inklusiv gebrachen Äerm a Been. Aus Fligere wieren an der Géigend vu Chrëschtnech a Hiefenech amerikanesch Zaldote mam Fallschierm erofgesprong. Wéint dem Wand wieren der puer am Mëllerdall an de Beem hänkebliwwen. Do ass eng Woch gewaart ginn, dass déi de Sender per Gewalt iwwerhuelen, fir ze kucken, ob d'Defense dann och efficace wär. Abeemol war de Spuk awer riwwer. Et ass awer ni een op de Sender komm.

Am Kloertext: Den Eugène Muller mengt, datt de Colonel Brück zu Beidweiler 1984 d'Manövere virbereet huet. Dat wier och den Héichpunkt gewiescht vu Militärpräsenz op engem Manöver. Net genuch mat Beidweiler. Och am Éislek zu Maarnech war trainéiert ginn. Zu Maarnech beim Sender hate Kollege vum Eugène Muller "Dummy-"Charge fonnt, déi un de Seeler a Masten ubruecht waren.

Bommeleeër Beidweiler
.

Am Resumé kann ee soen, datt d'Bommeleeër zu Beidweiler wuel Eescht gemat haten, ier d'Kollege vun der Arméi Krich gespillt hunn. Et ass och ëmmer deeselwechte Melange tëschent Eescht a Manöver, dee sech duerch d' Bommen-Attentater zitt.

Manöver zu Beidweiler, Bommen zu Beidweiler – d' Fro ass, ob net Acteuren aus deene selwechten Unitéiten a Corpsen un de Manöver an un den Attentater partizipéiert hunn.