Zeien: "Hunn de Jos Wilmes um Dummeldenger Bierg gesinn"

Den Zeie Giever ...
Den Armand Giwer sot um Méindeg, hien hätt ee vun den 2 Beschëllegten am Kontext vum Attentat zu Heeschdref gesinn ... an zejoert erëmerkannt.
Um 143. Dag vum Bommeleeër-Prozess ass, iwwerdeems den Ex-Policechef Pierre Reuland an engem Büro seng Depositiounen iwwerlies huet, am Geriichtssall den Armand Giwer, Zeie vum Attentat zu Heeschdref, gehéiert ginn. De Mann sot, hien hätt am Zesummenhank mat den Attentater vill matgedeelt, wat net néiergeschriwwe gouf.
Op daf Ouere gestouss ...
Ënnert anerem hätt hien e Bréif geschriwwen un de Colonel Aloyse Harpes, dass en Attentat um Findel imminent wär; wéi hien dem Minister Marc Fischbach et sot, wär hien domat awer op daf Ouere gestouss. No där Ausso géintiwwer dem Regierungsmember wär hien eng Woch drop vun der Sûreté gehéiert ginn; den Enquêteur Jean Disewiscourt hätt him iwwerdeems gesot, dee Bréif wär eréischt nom duebelen Attentat um Fluchhafe beim Colonel Harpes ukomm.
Freides owes virum Attentat wär hien op der Plaz gewiescht, wéi e Won do opgedaucht wär; den Armand Giwer geet dovun aus, dass d'Auteure vun den zwee Attentater du kucke koumen, wat dee Moment do lass wär. Hien hätt och dem SREL-Chef Charel Hoffmann vum imminenten Attentat um Findel geschwat; deen hätt awer näischt dorop geäntwert.

Interessi a Belounung
Seng Motivatioun wär den Intressi un dëser Affär an d'Belounung, sou den Armand Giwer, dee sot, net am "Stay behind" gewiescht ze sinn. A senge Gespréicher mat Bommeleeër-Enquêteure wär ni rieds gaangen iwwert d'Brigade mobile an de Ben Geiben, iwwert de Charel Bourg hätt d'BMG vu sengem Bréif zum Attentat um Findel kënne gewuer ginn an hie wär net d’accord mat der Ausso vum fréieren Untersuchungsriichter Prosper Klein, dass hei d’Staatsraison spille géif.
De Plang fir d'Attentater wär vun enger oder zwou Persoune komm, d'Offizéier wären inkompetent gewiescht an hie géif net verstoen, dass d'Ugekloten de Kapp oder d'Käpp vun den Attentater decke wéilten.
Zeien: Jos Wilmes gesinn ...
De Jos Steil hätt wuel eng Roll gespillt bei den Attentater, dee wär d'Bindeglied tëscht der BMG an den Offizéier an et net d'Zil gewiescht, fir d'Gendarmerie opzerüsten; d'Leit wären einfach iwwermidd, frustréiert a gestresst gewiescht.
De Kapp vun den Attentater wär vläicht e perfektionisteschen Offizéier, deen onzefridde war; de Ben Geiben an de Charel Bourg wären an deem Kader a sengem Viséier. D'Auteure wären am Idealfall zu 4 Mann gewiescht, an hien hätt de Beschëllegte Jos Wilmes um Dummeldenger Bierg gesinn, am Kontext vum Attentat zu Heeschdref.

... ma deen huet en Alibi, esou Me Lorang
Der Me Lorang no wär den eenzegen Hoken deen, dass d'Beschëllegt allen zwee en Alibi hätten, well si op der Juegd vum Grand-Duc waren.
Hie géif elo ënner Eed aussoen, de Jos Wilmes deen Dag gesinn ze hunn; hien hätt den Ugekloten zejoert op enger Foto erëmerkannt.
"Net ongestrooft léien!"
Iwwerdeems de Jos Wilmes betount huet, dass et opgefall wär, wann d'Beschëllegt grad dee Moment net op der Juegd gewiescht wären, huet d'Me Lorang erkläert, den Zeie misst seng Aussoe vun haut ënnerschreiwen, well een net ongestrooft op d'Geriicht kéint léie kommen!