Lëtzebuerg sollt d'Wourecht gewuer ginn ...

Konschten am Geriicht, Konscht virum Geriicht: En Dënschdeg goufen am Haff vun der Cité judiciaire déi passend Tableauen zum Bommeleeër-Prozess ausgestallt. De Moler wëll awer onbekannt bleiwen. / © Nico Graf
Den Zeie Johny Michels sot aus, den Armurier Henri Flammang hätt sech him vis-à-vis als Bommeleeër geoutet. - Reaktioun Parquet: "Peinlech!"
En Dënschdeg um 144. Sëtzungsdag am Bommeleeër-Prozess huet de Johny Michels ausgesot, deen 2005 vun der Police judiciaire gehéiert gouf.
De Mann huet erkläert, virum Suicide vum Armurier Henri Flammang hätt deen him gesot, hien hätt kee Vertrauen a seng Kollegen a Lëtzebuerg sollt d'Wourecht gewuer ginn: Hie wär ee vun de Bommeleeër!
Hien hätt deen Henri Flammang virun engem Attentat bei engem Pylône gesinn a gesot kritt, déi zwee Leit, déi hie gesinn huet, wäre vun der Police; een hätt Dynamit bei sech gehat. 1989 hätt hien den Henri Flammang och un der Stëmm erëmerkannt; dee wär sengersäits vu Leit vum belsche Stay behind forcéiert ginn, fir Selbstmord ze maachen.

Dono huet den Zeie betount, e Rapport vun der Police zu senger Auditioun wär net korrekt; den Enquêteur Guy Marx war domat net d’accord. Hien huet erkläert, et wär genee dat néiergeschriwwe ginn, wat de Johny Michels hinne gesot hätt!
Procureur: "Wat ass dat hei peinlech!"
Op d'Fro vum Procureur Georges Oswald, ob hien den Henri Flammang net vun der Arméi hier kannt hätt, well si zwee déiselwecht Zäit an der Arméi waren, sot de Johny Michels: "Neen!" Wouropshin de Procureur gemengt huet: "Wat ass dat hei peinlech!"
De Johny Michels, dee bei engem Pylône och eng Këscht mat Zündere fonnt hätt, sot, déi gehalen a se eréischt Joren dono ofginn ze hunn. D'Riichterin Sylvie Conter wollt wëssen, firwat hien déi net direkt ofginn hätt; de Johny Michels huet deklaréiert, hien hätt dat net a Relatioun gesat an d'Këscht net direkt ofginn, well hie keng Kugel an de Kapp wollt. Hien hätt der Police net alles gesot, well hie kee Vertrauen an d'Enquêteuren hat, an hätt dem Geriicht alles wëlle soen; den zweete Mann, deen hie beim Pylône gesinn hat, hätt och op hie geschoss. Dem Procureur Georges Oswald no hätt dee sech awer 4 Joer virdrun erschoss! De Vertrieder vum Parquet huet doropshi widderholl, dass dat alles peinlech wär!

Nodeems de Johny Michels sot, hien hätt da wuel en Datum duerchenee gehäit, huet d'Sylvie Conter gemengt, dat net méi laang matzemaachen! Wéi den Zeie du sot, et wär 1995 op hie geschoss ginn, huet d'Riichterin deklaréiert, si géif elo ophalen, well de Mann no 2012 elo op 1995 gespronge wär!
Domat war d'Sëtzung eriwwer!
Ganz um Enn vun der Sëtzung huet de fréiere Policechef Pierre Reuland nach seng Depositiounen ënnerschriwwen.
Weider sinn als Zeien dës Woch geruff:
Um Mëttwoch: Konfrontatioun Robert Schommer/Edda Di Leonadro/Jean-Marc De Waha-Baron
Um Donneschdeg: Antoine Feidt, Léon Siebenaler, Léon Ehmann
Konscht gouf et iwwregens um Dënschdeg net eleng am Geriicht, ma och vrum Geriicht: E Kënschtler, dee seng Identitéit awer (nach?) net reveléiere wollt, huet 2 Tableauen am Haff vun der Cité judiciaire ausgestallt. Dorop ze gesinn: Protagoniste vum Bommeleeër-Prozess ...